Den Alan Badel, gebuer als Alan Fernand Badel den 11. September 1923 zu Rusholme bei Manchester am Lancashire a gestuerwen den 19. Mäerz 1982 zu Chichester am West Sussex, war en englesche Schauspiller. An der Zäit vum Zweete Weltkrich war hien an der Résistance française aktiv.

Alan Badel
Gebuer 11. September 1923
Manchester
Gestuerwen 19. Mäerz 1982
Doudesursaach Krankheet
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller
Famill
Kanner Sarah Badel

Seng éischt grouss Roll am Kino hat hien am Film Salome vum William Dieterle am Joer 1953. Bekannt Filmer mat him sinn This Sporting Life (1963) vum Lindsay Anderson, Arabesque (1966) vum Stanley Donen an The Day of the Jackal (1973) vum Fred Zinnemann.

D'Schauspillerin Sarah Badel ass dem Alan Badel seng Duechter.

Filmographie änneren

Kino änneren

Um Spaweck änneren