John Gavin

amerikanesche Politiker

Den John Gavin, gebuer als John Anthony Golenor den 8. Abrëll 1931 zu Los Angeles a Kalifornien a gestuerwen den 9. Februar 2018 zu Beverly Hills, war en US-amerikanesche Schauspiller.

John Gavin
Gebuer 8. Abrëll 1931
Los Angeles
Gestuerwen 9. Februar 2018
Beverly Hills
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit USA
Educatioun Stanford University
Aktivitéit Offizéier, Diplomat, Politiker, Theaterschauspiller, Gewerkschaftler, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller
Partei Republikanesch Partei
Famill
Bestuet mat Constance Towers

De Gavin krut de Golden Globe fir de beschten neie Schauspiller vum Joer fir seng Roll als däitschen Zaldot am Krichsfilm A Time to Love and a Time to Die vum Douglas Sirk. Duerno huet hien nach an Imitation of Life (1959) och vum Douglas Sirk d'Haaptroll iwwerholl.

Zu senge bekannte Filmer zielen och de Krimi-KlassikerPsycho (1960) vum Alfred Hitchcock an den historesche Film Spartacus (1960) vum Stanley Kubrick.

De John Gavin war vun 1981 bis 1986 US-amerikaneschen Ambassadeur a Mexiko.

Filmographie änneren

Kino änneren

Um Spaweck änneren

Commons: John Gavin – Biller, Videoen oder Audiodateien