Gare Dikrech

Gare zu Lëtzebuerg

D'Gare vun Dikrech ass eng Kappgare op der Antenn Ettelbréck-Dikrech vun der CFL-Linn 1, der sougenannter Nordstreck vun der Lëtzebuerger Eisebunn.

Gare Dikrech
D'Dikrecher Gare am November 2020
Streck 1a
PK 4,100
Quaien 1
Gleiser 3
Uertschaft Dikrech
Gemeng Dikrech
Kanton Dikrech
Koordinaten 49° 51’ 53’’ N
      6° 09’ 14’’ O
Websäit CFL.lu
Eng 2000er an der Dikrecher Gare
D'Gare vun Dikrech mat am Hannergrond den Dikrecher Kolléisch

D'Nordstreck féiert vu Lëtzebuerg bis op Ëlwen an da weider an d'Belsch, wou se vu Gouvy un, Kontakt mat der belscher Linn 42 (Rivage-Gouvy) huet. Eng Antenn (Linn 1a) geet vun Ettelbréck op Dikrech an eng weider Antenn (Linn 1b) zweigt zu Kautebaach of a féiert bis op Wolz.

D'Gare vun Dikrech huet e gratis Park & Rail-Parking mat 376 Parkplazen, speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit an eng Rëtsch Plaze fir elektresch Autoen opzelueden. Eng Bus-Gare ass direkt niewendrun.

Zanter dem 31. Dezember 2013 gëtt et keng Guichete méi.

Zich déi an der Gare halen änneren

Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Ettelbréck   RB
CFL-Linn 10
  Terminus Terminus

Geschicht änneren

D'Eisebunnsstreck tëscht Ettelbréck an Dikrech ass de 6. November 1862 opgaangen. Se huet am Ufank zum Guillaume-Luxembourg (GL) gehéiert a gouf vun 1872 u vun der Compagnie des chemins de fer de l'Est exploitéiert an duerno, bis 1878 vun der Direction générale impériale des chemins de fer d'Alsace-Lorraine.

Nodeems 1864 d'Sauerstreck vum Prënz, der Compagnie des chemins de fer Prince-Henri (PH), opgaange war, war eng Konventioun opgestallt ginn, mat där de Prënz d'Anlage vun der Dikrecher Gare benotze konnt, ausser der Dréischeif an dem Lokomotivschapp.

Mat engem Accord gouf de 15. Mee 1878 festgehalen, datt de PH d'Lokomotive bis op Ettelbréck stelle géif. Nieft enger Entschiedegung vu 0,85 Frang / km konnt dunn och d'Dréischeif benotzt ginn. D'gemeinsaamt Benotze vun der Dikrecher Gare gouf och nei gereegelt: de PH huet de Lokomotivschapp gelount an de Fuerdéngscht assuréiert iwwerdeems den Entretien vun de Gleiser an de Service an der Gare an den Hänn vun der Alsace-Lorraine bliwwen ass. Vun 1879 un huet de PH och de Persounentrafic op a vun Ettelbréck aus assuréiert.

Vum 9. Abrëll 1889 un a bis den 2. Mee 1948 ass eng weider Linn bei der Dikrecher Gare fortgefuer: d'Schmuelspuerbunn Benni op Veianen. Se hat keen eegent Garegebai an d'Zich si vis-à-vis vun der Gare vun der Guillaume-Luxembourg, virum Hôtel du Midi fortgefuer. D'Billjee goufen och vun der GL verkaaft.

Um ëstlechen Enn vun der Gare huet dem Benni säi Gleis fir op Veinen dat vun der Sauerstreck a Richtung Iechternach gekräizt. Et huet sech hei ëm déi eenzeg Schmuelspuer- an Normalspuerkräizung op Stroossenniveau gehandelt déi et zu Lëtzebuerg fir Persounenzich gouf.

Kuckt och änneren

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Gare Dikrech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren