Gare Sandweiler-Conter
D'Gare Sandweiler-Conter ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Mat der Modernisatioun vun der Eisebunnsstreck 3 gouf dës Gare nieft der Industriezon „Weiergewan“ gebaut an ass den 13. Dezember 2015 opgaangen. Se läit an der Rue des Chaux an der Sektioun Conter vun der Gemeng mam selwechten Numm.
![]() De KISS 2305 an der Gare vu Sandweiler-Conter | |
ass eng | Gare |
---|---|
Status | am Gebrauch |
opgaang | 13. Dezember 2015 |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Conter |
Uertschaft | Conter |
Koordinaten | 49°35'56,699"N, 6°12'42,307"O |
Héicht i. M. | 327 m |
Reseau | |
Statiounscode | Sc |
Bedreiwer | CFL |
Reseau | CFL-Zuchreseau |
Streck(en) | CFL-Linn 3 |
P.K. | 7,100 km |
Gleiser mat Quai | 2 |
Passagéier/Joer | 265.775 |
(2022) | |
Nopeschstatioun(en) |
Gare Zens-Hamm, Gare Éiter |
![]() | |
D'Gare Sandweiler-Conter gehéiert zur Linn Lëtzebuerg - Waasserbëlleg - Tréier - (Wittlich / Koblenz) vum CFL-Zuchreseau. Se läit tëscht der Gare Zens-Hamm an där vun Éiter.
Bei der Gare gëtt et e gratis Park & Rail-Parking mat 29 Plazen an zwou speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Vëloe kann een an enger Bikebox ënnerdaach stellen.
Geographie
ännerenVun der Strooss vu Sandweiler op Conter (CR234) geet den CR234A no lénks vun der Haaptstrooss fort, verleeft um éischte Stéck parallel a Richtung Süde mam CR234 a geet dann a Richtung Osten als Sakgaass weider. D'Gare läit do wou d'Eisebunn ënnert dem CR234 erduerch féiert.
Ënner anerem ass d'Wierk vun „DuPont de Nemours“ iwwer e Fousswee mat der Gare verbonnen.
Déi al Gare
ännerenDéi al Gare, déi den 1. Mee 1892 opgemaach gouf, louch ronn 520 Meter méi westlech op der Sandweiler-Gare, engem Lieu-dit tëscht den Uertschafte Conter a Sandweiler, um Gebitt vun der Gemeng Hesper; se gëtt mëttlerweil net méi ugefuer an d'Quaie si verschwonnen[1].
Bei der aler Gare vu Sandweiler-Conter war e gratis Park & Rail-Parking mat 28 Parkplazen a spezielle Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Mä déi al Gare hat nëmmen eng Trap fir op déi aner Säit op de Quai ze kommen.
Den 13. Juni 2022 goufen d'Voyageurs-Gebai an d'Gardshaischen vun der fréierer Gare als national Kulturierfschaft klasséiert.[2]
Zich déi an der Gare halen
änneren(Stand: Februar 2025)
Linn Lëtzebuerg ↔ Waasserbëlleg ↔ Tréier ↔ (Wittlich oder Koblenz)
ännerenRichtung Waasserbëlleg
ännerenAus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
---|---|---|---|---|---|---|
Lëtzebuerg | Zens-Hamm | RB | Éiter | Waasserbëlleg | ||
Lëtzebuerg | Zens-Hamm | RB | Éiter | Tréier - Wittlich | ||
Lëtzebuerg | Lëtzebuerg | RE | Waasserbëlleg | Tréier - Koblenz[3] |
Richtung Lëtzebuerg
ännerenJeeweils an der entgéintgesater Richtung wéi an der Tabell uewendriwwer.
Biller
ännerenKuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Gare Sandweiler-Conter – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Aktuell Departen an der Gare Sandweiler-Conter
- Praktesch Informatiounen iwwer d'Gare Sandweiler-Conter op der CFL-Websäit (de)
- D'Gare Sandweiler-Conter op der Websäit "rail.lu"
- D'Gare Sandweiler-Conter op der Websäit vu Spoorgroep Luxemburg
- Rita Ruppert, 2015, Eine Hürde ist geschafft - Erster Gleisabschnitt und zwei neue Haltestellen ab Sonntag in Betrieb op wort.lu, gekuckt den 13.12.2015
- Rita Ruppert, 2015, Licht am Ende des Tunnels - Erster Gleisabschnitt und zwei neue Haltestellen ab Sonntag in Betrieb am Wort, Nr. 289 vum 11.12.2015, S. 26
Referenzen
änneren- ↑ Zweigleisiger Ausbau der Zugstrecke Luxemburg – Sandweiler-Contern op wort.lu vum 9. Mäerz 2015
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 24. Mäerz 2025).
- ↑ vereenzelt Zich als IC virun op Düsseldorf