Lunéa ass e Label vun der SNCF fir Nuetszich deen 2004 gegrënnt gouf an zanterhier eng ganz Rei vun Zuchstrecke bedreift.

De Logo vun der Societéit Lunéa
De Lunéa Reseau am Joer 2007

Allgemenges änneren

  • Zanter 2004 ginn all Joer 2 bis 3 Verbindungen ofgeschaaft, well si net méi rentabel sinn.
  • D'Lunéazich hunn e bekannte Problem a Punkto Hygiène.[1],[2],[3]. Virun allem den Alter vum Material an d'Feele vun Investitiounen an dëse Service suerge fir eng extreem Rezessioun an de Voyageurszuelen.
  • Bis 2009 huet de Service Corail Lunéa geheescht a gouf dunn aus Marketing Grënn ëmbenannt.
  • De Lunéa ass e reng franséische Service, et gëtt keng Linnen déi méi wäit féiere wéi déi éischt Gare hanner der Grenz.
  • Den Ausbau vun der Nord-Südverbindung fir den TGV huet eng Rei Lunéazich iwwerflësseg gemaach.
  • D'Zukunft vum Service gëtt dacks a Fro gestallt. E Weiderbestoen iwwer d'Joer 2012 eraus ass nach net geséchert.[4]

Linnen änneren

Et ënnerscheet ee bei de Lunéa-Linnen tëscht de radialen Linnen, déi als Depart oder Arrivée ëmmer Paräis hunn an den transversale Linnen déi net zu Paräis passéieren.

Radial Linnen änneren

Transversal Linnen änneren

Geschicht änneren

  • Ufanks hunn d'Lunéazich aus Schlofwaggonen a Couchette-Voiturë bestanen, eng Mëschung déi eppes fir all Portmonni gebueden huet.
  • Vun 2000 un, gouf ugefaangen d'Schlofwaggonen aus de Lunéazich ze sträichen, well d'Demande staark nogelooss huet an eng Rei Verbindungen huet missen ofgeschaaft ginn. Mat Couchette-Voituren, déi méi bëlleg sinn, gouf probéiert eng nei Clientell ze gewannen.
  • Enn 2007 sinn d'Schlofwaggonen dunn definitiv aus dem Verkéier gezu ginn. Als lescht Verbindunge waren se tëscht Lëtzebuerg an Nice, souwéi tëscht Paräis a Ventimiglia ënnerwee.

Quellen änneren

  1. Article vum Juli 2007 aus den 20 minutes.
  2. Article vum August 2007 aus Le Nouvel Observateur.
  3. Article Juni 2007 op Tourmag.com [1].
  4. Archive copy Archivéiert op 2010-01-24. Gekuckt de(n) 2010-05-24.