Zwee
natierlech Zuel
2
D'natierlech Zuel Zwee (2) ass d'Nofollgerin vun der Eent an d'Virgängerin vun der Dräi. Et ass déi eenzeg gerued Primzuel.
Zwee an der lëtzebuergescher GrammaireÄnneren
D'lëtzebuergesch Grammaire[1] seet iwwer d'Zwee:
Les adjectifs numéraux cardinaux sont invariables à l'exception de eent et zwee. Ces deux adjectifs changent suivant le genre du substantif qui suit ou qui est sous-entendu.
Beispiller fir zwee:
Männlech | Weiblech | Sächlech |
---|---|---|
zwéi Beem, zwéin Afen | zwou Fraen | zwee Kanner |
Zwéi Beem | (m) | Hues de déi zwéi gesinn? | (bezitt sech op d'Beem) |
Zwéin Afen | (m) | Ech gesinn der zwéin. | (bezitt sech op d'Afen) |
Zwou Fraen | (w) | Ech gesinn der zwou. | (bezitt sech op d'Fraen) |
Zwee Kanner | (s) | Hues de déi zwee gesinn? | (bezitt sech op d'Kanner) |
Zwee gëtt nach gebraucht wann ee vun enger Koppel schwätzt (m + w)
Beispill: Hues de déi zwee gesinn? (bezitt sech z. B. op Mann a Fra)
Bemierkung: Hautdesdaags gëtt et fälschlecherweis eng Tendenz fir d'Form zwéi(n) duerch zwee z'ersetzen.
Um SpaweckÄnneren
Commons: Zwee – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wiktionnaire: Zwee Definitioun, Synonymmer an Iwwersetzungen |
ReferenzenÄnneren
- ↑ Grammaire de la langue luxembourgeoise, 2005 erausgi vum Ministère de l'éducation nationale et de la formation professionelle ISBN 2-495-00025-8