Gare Miersch
D'Gare vu Miersch ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit an der Rue de la Gare an der Sektioun Miersch an der Gemeng mam selwechten Numm.
![]() Gare vu Miersch (2013) | |
ass eng | Gare |
---|---|
Status | am Gebrauch |
opgaang | 1862 |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Miersch |
Uertschaft | Miersch |
Koordinaten | 49°45'9"N, 6°6'37"O |
Héicht i. M. | 223 m |
Reseau | |
Statiounscode | M |
Bedreiwer | CFL |
Reseau | CFL-Zuchreseau |
Streck(en) | CFL-Linn 1 |
Linn(en) | CFL-Linn 1 |
P.K. | 34,735 km |
Gleiser mat Quai | 3 |
Passagéier/Joer | 1.336.910 |
(2022) | |
Nopeschstatioun(en) |
Gare Kruuchten, Gare Lëntgen |
![]() | |

D'Gare Miersch läit tëscht der Gare Lëntgen an där vu Kruuchten a gehéiert zu follgende Linne vum CFL-Zuchreseau:
- Lëtzebuerg - Ettelbréck - Ëlwen - Gäilech (Gouvy) - (Léck - Liers),
- Lëtzebuerg - Ettelbréck - Dikrech,
- Rodange - Esch-Uelzecht - Lëtzebuerg - Ëlwen.
Den 11. September 2020 goufen d'Gebai vun der Gare, d'Stellwierk an den Tuerm vum Pëtz mat hirem Ëmgeréits als national Monumenter klasséiert.[1]
Infrastruktur
ännerenMat der Gratuitéit vum ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg sinn d'Guichete vun der Gare Miersch den 1. Mäerz 2020 fir zerguttst zougemaach ginn[2].
D'Gare vu Miersch gouf am Zäitraum vun 2021 bis September 2023 komplett moderniséiert an huet zanterhier dräi komplett iwwerdaacht Quaie mat enger Längt vun 250 m respektiv 270 m. D'Gare ass mat Lifter, Buedemleetsystemer a Gelännere mat agravéierter Brailleschrëft fir Leit mat ageschränkter Mobilitéit zougänglech.[3]
Um Site vum fréieren Agrocenter ass e Park and rail-Parking mat 374 Parkplazen ënner fräiem Himmel a 405 iwwerdaachte Plazen, déi fir e ganzen Dag gratis sinn, wann de Benotzer sech iwwert déi entspriechend App ugemellt huet a mam ëffentlechen Transport eng Distanz vun iwwert 1 km zeréckgeluecht huet[4][5]. Zousätzlech bitt d'Gare zwou Bikeboxe mat enger Capacitéit vun 88 Ofstellplazen fir Vëloen un.[3][5]
D'Haaptgebai gëtt aktuell (Stand: November 2024) renovéiert; bis Mäerz 2025 soll d'Gebai da mat engem neie Waardesall mat engem integréierte Cactus Shoppi nees accessibel sinn[6].
Zich déi an der Gare halen
änneren(Stand: Februar 2025)
Richtung Norden
ännerenAus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
---|---|---|---|---|---|---|
Lëtzebuerg ↔ Ettelbréck ↔ Ëlwen ↔ Gäilechänneren | ||||||
Lëtzebuerg | Lëntgen | RB[7] | Kruuchten | Ëlwen | ||
Lëtzebuerg | Pafendall-Kierchbierg | RE | Ettelbréck | Ëlwen | ||
Lëtzebuerg | Pafendall-Kierchbierg | IC | Ettelbréck | Gäilech - Léck - (Liers) | ||
Lëtzebuerg ↔ Ettelbréck ↔ Dikrechänneren | ||||||
Lëtzebuerg | Lëntgen | RB | Kruuchten | Dikrech | ||
Rodange ↔ Esch-Uelzecht ↔ Lëtzebuerg ↔ Ëlwenänneren | ||||||
Péiteng | Dummeldeng | RE | Terminus | Miersch | ||
Rodange | Walfer | RE | Ettelbréck | Ëlwen |
Richtung Süden
ännerenJeeweils an der entgéintgesater Richtung wéi an der Tabell uewendriwwer.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Gare Miersch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 24. Mäerz 2025).
- ↑ (fr) Mobilité: La plupart des guichets CFL du pays vont disparaître dès le 1er mars 2020. infos.rtl.lu (30.07.2019). Gekuckt den 10.02.2025.
- ↑ 3,0 3,1 Der CFL-Bahnhof in Mersch im neuen Kleid
- ↑ Willkommen im neuen P+R der CFL in Mersch!
- ↑ 5,0 5,1 CFL | Mersch. www.cfl.lu. Gekuckt de 06.02.2025.
- ↑ (de) Am Bahnhof Mersch eröffnet 2025 wieder ein CFL-Shoppi. Luxemburger Wort (06.02.2025). Gekuckt de 06.02.2025.
- ↑ just zwéin Nuetszich de Weekend