Gare Rodange
![]() |
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Streck | 6g, 6h, 6j | ||||
PK | 2,600 | ||||
Quaien | 3 | ||||
Gleiser | 7 (4 mat Quai) | ||||
Uertschaft | Rodange | ||||
Gemeng | Péiteng | ||||
Kanton | Esch-Uelzecht | ||||
Koordinaten | 49° 33’ 04’’ N 5° 50’ 36’’ O | ||||
Websäit | CFL.lu |
D'Gare vu Rodange ass eng Gare op der CFL-Linn 6 tëscht der Gare Rolleng vun der Lëtzebuerger Eisebunn an der belscher, respektiv franséischer Grenz. Vun do aus gëtt et Verbindungen op Arel, Virton a Lonkech. Se läit bei der Barrière op der N5E.
D'Linn 6 féiert vu Lëtzebuerg op Beetebuerg a vun do iwwer Näerzeng op Rëmeleng respektiv Esch-Uelzecht, vu wou et op Däitsch-Oth respektiv Rodange geet. Vu Beetebuerg féiert d'Linn 6 och nach op Diddenuewen respektiv op Wuelmereng.
D'Gare vu Rodange huet e gratis Park & Rail-Parking mat 48 Parkplazen a speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.
Op den zweete Quai féiert nëmmen e Souterrain mat Trapen. Op déi Manéier ass dës Gare net fir Leit mat Rullstill ageriicht.
Den 13. Juni 2022 gouf proposéiert, d'Voyageurs-Gebai vun der Gare als national Kulturierfschaft ze klasséieren.[1]
Zich déi an der Gare halenÄnneren
Aus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
---|---|---|---|---|---|---|
Lëtzebuerg | Rolleng | RB CFL-Linn 60 |
Terminus | Terminus | ||
Lëtzebuerg | Péiteng | RE CFL-Linn 60 |
Terminus | Terminus | ||
Lëtzebuerg | Rolleng | RB CFL-Linn 70 |
Attem | Attem | ||
Lëtzebuerg | Péiteng | RE CFL-Linn 70 |
Attem oder Lonkech |
Attem oder Lonkech | ||
Péiteng | Péiteng | TER CFL-Linn 70 |
Lonkech | Lonkech | ||
Beetebuerg | Rolleng | RB CFL-Linn 80 |
Terminus | Terminus | ||
Beetebuerg | Péiteng | RE CFL-Linn 80 |
Terminus | Terminus | ||
Diddenuewen | Péiteng | TER CFL-Linn 80 |
Lonkech | Lonkech |
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Gare Rodange – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Praktesch Informatiounen iwwer d'Gare Rodange op der CFL-Websäit (de)
- D'Gare Rodange op der Websäit "rail.lu"
- D'Gare Rodange op der Websäit vu Spoorgroep Luxemburg
| |||
Lëtzebuerg - Beetebuerg: Lëtzebuerg - Houwald - Bierchem - Beetebuerg |
ReferenzenÄnneren
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 22. Februar 2023).