Gare Bierchem

Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn

D'Gare Bierchem ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit op der Grenz vun de Sektioune Béiweng a Bierchem an der Gemeng Réiser. Se gehéiert zu follgende Linne vum CFL-Zuchreseau:

  • Ëlwen - Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange
  • Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange.
Gare Bierchem
An der Gare zu Bierchem (2025)
ass eng Gare
Status am Gebrauch
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Réiser
Uertschaft Bierchem, Béiweng
Koordinaten 49°32'33,72"N, 6°8'1,07"O
Héicht i. M. 273 m
Reseau
Statiounscode Bc
Bedreiwer CFL
P.K. 7,50 km
Gleiser 7
Gleiser mat Quai 2
Passagéier/Joer 175.986
  (2022)
Nopeschstatioun(en) Gare Beetebuerg,
Gare Houwald
Websäit https://www.cfl.lu/fr-FR/network/station/Gare-de-Berchem
Kaart
Lag vun der Gare Bierchem

D'Gare Bierchem läit tëscht der Gare Houwald an där vu Beetebuerg. Bei der Gare ass op béide Säite vun de Schinnen e Park & Rail-Parking mat 162 Plazen an néng spezielle Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Bei der Gare gëtt et eng Bikebox fir säi Vëlo ënnerdaach ze stellen. D'Gare ass just mat enger Schoulbuslinn (D14) un den RGTR-Reseau ugebonnen.

Den Accès fir an d'Ënnerféierung fir de Quai ze wiesselen ass net behënnertegerecht.

Zich déi an der Gare halen

änneren

(Stand: Mäerz 2025)

Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung

Ëlwen ↔ Lëtzebuerg ↔ Esch-Uelzecht ↔ Rodange

änneren
Miersch Houwald   RE   Beetebuerg Péiteng

Lëtzebuerg ↔ Esch-Uelzecht ↔ Rodange

änneren
Lëtzebuerg Houwald   RB   Beetebuerg Péiteng oder Rodange[1]

Jeeweils an der entgéintgesater Richtung wéi an der Tabell uewendriwwer.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Gare Bierchem – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. just de Weekend an op Feierdeeg