Websäit

Dokument um Internet

Eng Websäit (eng. website), och nach Internetsäit, Internetsite oder einfach Site genannt, ass en Dokument um Internet.

D'Websäit vun der Regierung vu Somaliland

Websäite ginn op engem Webserver gespäichtert. De Benotzer kann eng Websäit iwwer e Webbrowser zum Beispill um Computer oder um Smartphone opmaachen.[1]

All ëffentlech zougänglech Websäite bilden zesummen de World Wide Web. Et gëtt och privat Websäiten, déi nëmmen iwwer e privat Netzwierk zougänglech sinn, zum Beispill eng intern Websäit fir d'Employéë vun enger Entreprise.

Zu den international bekannte Websäite gehéiere www.wikipedia.org oder www.google.com.

Opbau änneren

Am Lëtzebuergesche gëtt de Begrëff "Websäit" allgemeng fir eng komplett Internetpresenz benotzt, obwuel dat zu Konfusioun féiere kann. Am Englesche gëtt en Ënnerscheed gemaach tëscht der "website" (déi gesamt Internetpresenz; de Site) an der "webpage" (déi eenzel Dokumenter oder Säiten, déi zesummen de Site bilden; vu "page", Säit). Dat heescht, datt eng Internetpresenz oder een Internetsite u sech net nëmmen aus enger, mee aus villen eenzelen Websäite besteet.[2][3]

Zu all Internetsite gehéiert en URL. D'Domain-URL (www.websait.lu) gëtt Homepage oder Startsäit genannt. Et ass d'Haaptsäit, déi meescht eng Iwwersiicht bitt iwwer dat, wat um Site gebuede gëtt. Vun der Homepage kënnt de Benotzer iwwer Hyperlinken op aner Säiten um selwechte Site, oder op aner Internetsitten. Eng aner Säit um selwechte Site (www.websait.de/ennersait) gëtt Ënnersäit, Landingpage oder Zilsäit genannt.[3][1]

Websäite besti meeschtens aus strukturéiertem Text, an dee Biller an aner Multimediaelementer agebonne sinn. Den Text gëtt an de Programméiersproochen HTML oder XHTML geschriwwen.

Zweck änneren

Déi meescht Entreprisen, Organisatiounen an ëffentlech Déngschter hunn hautdesdaags hir eege Websäit mat Kontaktinformatiounen an Informatiounen iwwer hir Missioun oder vun de Servicer, déi si ubidden.

Et gëtt eng grouss Diversitéit vun ënnerschiddleche Websäiten. E Blog ass eng Aart online Tagebuch oder Journal. E Wiki ass e Site op deem jiddereen den Text kann änneren. Eng Internet-Sichmaschinn wéi Google oder DuckDuckGo hëlleft dem Benotzer Informatiounen um Internet ze fannen. E soziaalt Netzwierk wéi Facebook, Twitter oder Instagram erlaben et de Benotzer mateneen z'interagéieren. Iwwer Videoportaler wéi YouTube kann ee Video kucken. Donieft gëtt et och Internetsiten, déi op online Computerspiller spezialiséiert sinn, op Noriichten an Neiegkeeten, op Informatiounsaustausch, an nach vill aner Zorte Websäiten.

Kuckt och änneren


Commons: Websäiten – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 wirtschaftslexikon24.com: Webseite (gekuckt den 13. November 2021)
  2. webworker.com: Homepage, Website oder doch Webseite? (12. August 2020)
  3. 3,0 3,1 Webseite (gekuckt den 13. November 2021)