Den Eurocity 96/97 Iris war en internationale Schnellzuch dee Bréissel mat Basel a Chur an der Schwäiz verbonnen huet. E war no der hollännescher Nationalblumm Iris benannt.

Den EuroCity 96 um Krop vun der 2001 an der Stater Gare.

Vun 1987 un ass en ënner dem Qualitéitslabel EuroCity gelaf, virdrun als InterCity a vun 1974 bis 1981 als TEE Iris.

Nummeréierung änneren

A Richtung Süden hat den Zuch d'Lafnummer 97, wärend en a Richtung Norden ënner der Nummer 96 gelaf ass.

Material änneren

Den Zuch bestoung aus enger Ramm Schwäizer EuroCity Voiturë mat enger belscher I6'er Voiture. An der Vakanzenzäit gouf en dacks mat aner Schwäizer Material verstäerkt. Vereenzelt koumen och CFL Corail Voituren an den Asaz.

D'Traktioun gouf tëscht Bréissel a Lëtzebuerg mat belschen 20'er gemaach. Um franséischen Deel vun der Streck ware 15000'er a 26000'er am Asaz. An der Schwäiz goufen Re 420'er an Re 460'er agesat.

Geschicht änneren

Den EC Iris ass aus dem TEE Iris entstanen, dee fréier Amsterdam mat Zürich verbonnen huet an ufanks der 80er Joren, aus finanzielle Grënn, opgi gouf. Genee wéi beim EC Vauban, waren d'NS net bereet sech um neie Label EuroCity ze bedeelegen, a sou ass den Iris vun do un nëmmen nach bis op Bréissel gefuer.

Ufanks war den Iris an de Schwäizer Interregio-Fuerplang integréiert an ass dowéinst bis Chur gefuer. Well et awer dacks zu Verspéidunge koum, gouf den Iris aus dem réguläre Plang ausgekoppelt an op Zürich limitéiert.

De Status als EuroCity ass haut nëmmen nach um belschen Deelstéck am Gebrauch. A Frankräich an zu Lëtzebuerg ass en als Express klasséiert, an der Schwäiz als InterRegio. Besonnesch d'Feele vun enger Restaurantsvoiture huet den Iris säi Status kascht.

Garen änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren