Gare Attem

Gare an der Belsch, déi zum CFL-Reseau gehéiert

D'Gare Attem ass eng Gare um Terrain vun der belscher Gemeng Éibeng, déi den 1. Dezember 1874 op der Streck Attem-Péiteng, déi vum Prënz gebaut gouf, opgaangen ass. Tëscht dem 1. Juni 1988 an dem 10. Dezember 2006 huet d'SNCB net an der Gare gehalen, just d'CFL ass d'Gare nach ugefuer.

Gare Attem
ass eng Gare
Status am Gebrauch
opgaang 1. Abrëll 1862
Lag vun der Statioun
Land Belsch
Gemeng Éibeng
Uertschaft Attem
Koordinaten 49°33'47,9"N, 5°49'43,0"O
Héicht i. M. 270 m
Reseau
Statiounscode MH, A
Bedreiwer SNCB, CFL
Reseau Infrabel, CFL-Zuchreseau
Gleiser mat Quai 2
Nopeschstatioun(en) Gare Rodange,
Gare Éibeng,
Gare Miezeg,
Gare Mont-Saint-Martin,
Gare Lonkech
Kaart
Lag vun der Gare Attem
D'Gare vun Attem (2009)

An der Gare vun Attem halen d'Infrabel-Linn 165 (Libramont - Bertrix - Attem / Rodange - Arel) an d'CFL-Linn vun Attem iwwer Rodange - Nidderkäerjeng-Suessem op Lëtzebuerg.

D'Gare huet 3 Quaien déi fir de Passagéiertrafick accessibel sinn. Wéi op de meeschten eelere belsche Garë gëtt et kee Souterrain an et muss een iwwer ee Passage goen deen am Gleis läit, fir op d'Quaien 2 an 3 ze kommen.

Nieft dem Passagéiertrafick fuere vill Gidderzich duerch d'Gare, déi entweeder aus dem Beetebuerger Triage kommen, oder vun der Libramonter Streck aus dohin ënnerwee sinn.

Kuerz hanner der Sortie vun der Gare ass de Systemwiessel tëscht dem lëtzebuergesche Wiesselstroum vu 25kV 50 Hz an dem belsche Gläichstroum mat 3kV.

Tarifikatioun

änneren

D'Gare vun Attem ass déi eenzeg Gare vum Infrabelreseau an där et zwéin Tarifikatiounssystemer gëtt. Well d'CFL de Gros vun den Zich op där Gare stellt, ass Attem als "Gare assimilée" en Deel vum CFL-Reseau an d'Gratuitéit zielt deemno och zu Attem, wann et Richtung Rodange geet.

D'Zich an Direktioun Arel ginn dogéint no belschem System tariféiert.

Zich déi an der Gare halen(Stand: Februar 2025)

änneren
Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung

Libramont ↔ Bertrix ↔ Attem / Rodange ↔ Arel

änneren
Libramont Miezeg   L P   Arel Arel

Attem ↔ Rodange ↔ Lëtzebuerg

änneren
Attem Terminus   RB   Rodange Lëtzebuerg

Jeeweils an der entgéintgesater Richtung wéi an der Tabell uewendriwwer.

Kuckeswäertes

änneren

Op der Plaz virun der Gare steet en 105 mm Mortier deen d'20. Artilleriesregiment der Stad Attem 1993 bei der Opléisung vum Regiment geschenkt huet.

Um Spaweck

änneren
Commons: Gare Attem – Biller, Videoen oder Audiodateien