D'Gare vu Gouvy ass eng Gare zu Gouvy op der belscher Eisebunnslinn 42 (Rivage-Gouvy).

D'Gare vu Gouvy vum zweete Quai aus gesinn.
Vue an d'Gare vun der Stroossebréck aus, riets d'Stellwierk B.17 dat lo ewechgerappt ass

Well do fréier vill Zich ëmgekoppelt goufen, war d'Gare als kleng Rangéiergare ausgeluecht. Et gouf do Atelieren an ee Maschinneschapp, deen haut nach besteet, awer net méi vun der SNCB benotzt gëtt. D'Stellwierker goufen 2017 ewechgerappt. Den Depot vu Gouvy huet 1967 seng Dieren zougemaach.

Geschichtleches änneren

Déi éischt Gare vu Gouvy gouf den 20. Februar 1867 ageweit a war de Grenzpunkt vun der Streck Lëtzebuerg-Spa déi vun der Guillaume Luxembourg bedriwwe gouf.

1872 gouf, tëscht Rivage a Vielsalm eng nei Verbindung geschaf, a Gouvy krut eng gréisser Bedeitung well elo déi international Zich tëscht Léck a Lëtzebuerg do hale blouwen.

1885 gouf d'Streck Libramont - Baaschtnech - Limerlé op Gouvy verlängert a Gouvy gouf sou eng Korrespondenzgare.

Bis 1918 goufen tëscht Gouvy a Sankt Väit Schinne verluecht fir en Uschloss un d'Vennbunn z'erméiglechen. D'Iddi koum vun der däitscher Arméi, déi iwwer d'Vennbunn, Gouvy, Libramont, Bertrix a Carignan eng direkt Verbindung tëscht den Industrieregiounen am Weste vun Däitschland an der Westfront vum Éischte Weltkrich wollt schafen.

Eréischt 1920 gouf déi Verbindung fir den ziville Gebrauch opgemaach. Nodeem se am Zweete Weltkrich schwéier beschiedegt gouf, gouf se an den 1960er Joren ofgedroen.[1] D'Brécken existéieren awer nach haut.

1984 koum mam belschen IC/IR Plang d'Enn vun der Streck Gouvy-Baaschtnech-Libramont an d'Schinne goufen tëscht Gouvy a Baaschtnech ewechgerappt.

1992 ass no bal 100 Joer de leschte Kokszuch tëscht Alsdorf bei Oochen an de lëtzebuergesche Schmelze gefuer. Bis dat Joer goufen zu Gouvy d'Lokomotive gewiesselt, an et goufen Hëllefslokomotiven ugekrämpt fir déi schwéier Rammen iwwer d'Knupp bei Bellain ze drécken.

1993 hunn d'CFL d'Gare zu Gouvy an d'Streck fir op Ëlwen mat hirem Wiesselstroum vun 25kV 50Hz elektrifizéiert.

Bis 1999 huet d'SNCB hir 25kV 50Hz Catenaire op der Streck bis Rivage opgeriicht. Zanterhier fuere lëtzebuergesch CFL 3000 Lokomotiven a belsch Serie 15 Lokomotiven op der Streck.

Den 10. Dezember 2005 ass de leschte Gidderzuch iwwer Gouvy gefuer. Zanterhier fueren do nëmmen nach Persounenzich.[2]

2014 gouf an der Gare ëmgebaut, et goufen ënnerierdesch Passagen ugeluecht fir de Passagéierpassage iwwer d'Gleiser z'eliminéieren. Bei deenen Aarbechte gouf d'Gleis 1 suppriméiert fir do d'Trape fir de Passage ze maachen. D'Gleis 2 war wahrend den Ëmbauaarbechten e Stompgleis fir d'Zich vu Lëtzebuerg déi nëmme bis op Gouvy gefuer sinn an d'Gleis 3 gouf als Duerchfuergleis fir den IR-m Lëtzebuerg-Liers benotzt. Et goufen nei Quaie gebaut a fir d'Holzindustrie Pauls bei Courtil gouf en Uschloss iwwer déi fréier Linn 163 gebaut.

2017 goufen déi al mechanesch Siemens&Halske-Stellwierker (B17 a B18) ewechgerappt.

Zich déi an der Gare halen änneren

Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Ëlwen   IR m   Vielsalm Liers
Bréissel-Midi Vielsalm   IC O   Terminus Terminus


Referenzen änneren

  1. Beschreiwung op rail.lu
  2. Archive copy Archivéiert op 2012-09-09. Gekuckt de(n) 2010-11-14.