RGTR-Linn 601

interregional Buslinn vum RGTR

D'RGTR-Linn 601 ass eng interregional Express-Buslinn, déi am Kader vum Régime général des transports routiers (RGTR) am Optrag vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten op der Streck Lëtzebuerg - Rëmeleng - Ëtteng bedriwwe gëtt.

RGTR-Linn 601
Lëtzebuerg - Ëtteng
Bedreiwer Régime général des transports routiers
vu(n) Uewerstad 49°36'43"N, 6°7'44"O
op Ëtteng 49°26'32"N, 6°1'6"O
iwwer Lëtzebuerg, Keel, Téiteng, Rëmeleng, Ëtteng
Bustyp Standardbus
opgaang 7. Juli 2024
technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Fuerzäit 33 min, 40 min

Wiertes fiert se am Hallefstonnentakt, mat zousätzleche Faarten an de Spëtzestonnen. Sonndes fiert se nëmmen all zwou Stonnen.

Entwécklung vun der Linn 601

änneren

Déi deemoleg RGTR-Linn 197 ass 2005 entstanen. Deemools gouf d'Linn 307 an zwee gedeelt. Se ass du vun der Stater Gare iwwer d'Autobunnen A4 an A13 bis bei Offaart Keel gefuer, fir vun do aus iwwer Keel, Téiteng a Rëmeleng op Ëtteng a Frankräich ze fueren.

Deen Trajet gouf iwwer d'Autobunnen A3 an A13 geännert, well dat méi séier geet. Si gëtt vun den Exploitanten Autocars Siedler-Thill an Autocars Émile Frisch assuréiert.

Virum 17. Juli 2022 ass se als Linn 197 gefuer.

Halten op der Linn

änneren

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Halten Bemierkung
  LUX Centre Monterey Quai 4
  LUX Hollerich, Heentze Park
  LUX Hollerich, Aciérie
  LUX Gasperich, Gaasperecher Bierg
  LUX Gasperich, Stengege Wee
  LUX Cloche d'or, Cloche d'or
  LUX Cloche d'or, Schaarfen Eck
  KAYL, Rue de Noertzange
  KAYL, Abri Ponts et Chaussées
  KAYL, Um Brill
  KAYL, Cité Berens
  KAYL, Sportshal
  TETANGE, Schungfabrik
  TETANGE, Duerf
  TETANGE, Um Haff
  TETANGE, Lorei
  RUMELANGE, Atelier Kihn
  RUMELANGE, Gare  
  RUMELANGE, Märtyrerstrooss
  (F) OTTANGE, Cité St. Paul
  (F) OTTANGE, A Wiendelen
  (F) OTTANGE, Transformateur
  (F) OTTANGE, Pl. de Montcontour

Kuckt och

änneren

Lëscht vun den RGTR-Buslinnen

Um Spaweck

änneren
Commons: RGTR-Linn 601 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren

All d'Informatioune bezéie sech op de Fuerplang vum 7. Juli 2024