Gare Klengbetten

Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn

D'Gare vu Klengbetten ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit südlech vum Zentrum vu Klengbetten, an der Gemeng Stengefort a gehéiert zur Linn Lëtzebuerg - Klengbetten - Arel vum CFL-Zuchreseau. Se läit tëscht der Gare Capellen an dem Grenzpunkt Klengbetten-Grenz (PK 18,765), wou d'Streck op de belschen Infrabel-Reseau iwwergeet. Nieft der Gare ass d'Barriär PN.85 um CR106 respektiv CR110.

Gare Klengbetten
An der Klengbettener Gare (2023)
ass eng Gare
Status am Gebrauch
opgaang 1859
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Stengefort
Uertschaft Klengbetten
Koordinaten 49°38'37,972"N, 5°55'1,960"O
Héicht i. M. 316 m
Reseau
Statiounscode Kb
Bedreiwer CFL
P.K. 17,830 km
Gleiser 4
Passagéier/Joer 250.907
  (2022)
Nopeschstatioun(en) Gare Arel,
Gare Capellen
Kaart
Lag vun der Gare Klengbetten

An der Gare vu Klengbette bestoung en Uschloss un d'Atertlinn an et besteet nach e Gleisuschloss fir d'Klengbettener Millen.

Bei der Gare ass e Park & Rail-Parking mat 194 Plazen a fënnef spezielle Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Bei der Gare gëtt et eng Bikebox fir säi Vëlo ënnerdaach ze stellen a virun der Gare ass och eng Busgare.

D'Klengbettener Gare vum Polvertuerm aus gesinn. Riets den “neien” Uschloss un d'Bretell vun der Atertlinn.

Geschicht

änneren

Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Klengbetten Grenz

änneren

Bis an d'Mëtt vum 19. Joerhonnert war Betten, wéi grouss Deeler vum Land, gréisstendeels isoléiert. Nodeem op der belscher Säit eng Eisebunnsverbindung tëscht Bréissel an Arel, déi haiteg Linn 162, gebaut gouf, konnt op der lëtzebuergescher Säit eng Verlängerung vun där Streck bis an d'Stad gebaut ginn. Déi ass, ënner dem Numm Westbunn, vun der Compagnie Guillaume-Luxembourg (gekierzt GL, oder „de Wëllem“ genannt) gebaut ginn a gouf de 4. Oktober 1859 no relativ kuerzer Bauzäit ageweit. Zäitgläich gouf och eng Gare gebaut déi deemools – grad ewéi d'Uertschaft – nach “Betten” geheescht huet, ier se ëm 1897 offiziell op “Klengbetten” ëmgedeeft gouf.

Déi Gare war als Grenzgare konzipéiert an huet um Ufank aus 4 Gleiser, 2 Quaien, enger Dréischeif, engem Schapp fir Lokomotiven an engem Waasserreservoir bestanen. 1894 gouf zu Klengbetten d'Millen ageweit an et gouf en zousätzlecht Gleis fir den Oftransport gebaut.

1895 ware 15 Gleiser an der Gare, wat awer nëmme fir kuerz Zäit duergaangen ass, bis du weider Gleiser hu misse gebaut ginn. Wéi dunn 1899 en zweet duerchgängegt Gleis bis an d'Belsch geluecht gouf, gouf et an der Gare schonn 21 Gleiser.[1]

Dat aalt Gebai vun der Gare ass de 17. Januar 1980 ofgerappt ginn.

Chef de Garen zu Klengbetten
Vu(n) Bis Chef de Gare
1858 1860 ? Muller
1860 1862 ? Schmitz
1862? François Eichhorn
1896 1907 Nicolas Weiland
1908 1913 Michel Schroeder
1914 1924 J. P. Spogen
1925 1926 Aloyse Kayser
1927 1931 Wilwers
1932 1933 Manternach
1934 1940 J. B. Beckené
? 1954 Marcel Feller
1955 Alphonse Heck
1956 1962 Pierre Wagner
1963 1977 Léon Geib
1978 1980 André Knell
1981 1991 Norbert Glod

Atertlinn Péiteng-Ettelbréck

änneren
 
D'Verbindungsstreck vun der Linn Péiteng - Stengefort ëstlech laanscht Klengbetten an – vu lénks no riets – d'Streck Arel - Klengbetten - Lëtzebuerg

Vum 1. August 1873 u war Klengbetten och eng Gare op der Streck Péiteng-Ettelbréck, déi ursprénglech vum „Prënz“, der Société anonyme luxembourgeoise des chemins de fer et minières Prince-Henri (PH), exploitéiert gouf. Zu Bette bestoung deemno eng Kräizung tëscht der GL-Streck an där vum PH. De „Prënz“ huet d'Gleisanlag vum GL missen iwwerquieren an d'Zich konnten eréischt virufueren, nodeems d'Lokomotiven ëmgesat goufen. Well et op där Plaz ëfters Accidenter gouf, huet d'Reichsbahn (déi d'GL 1871/72 iwwerholl hat) de Kontrakt fir d'gemeinschaftlech Benotze vun der Gare de 15. Februar 1876 gekënnegt. De „Prënz“ huet doropshin eng Verbindungsstreck mat enger Iwwerféierung ëstlech vun der Bettener Gare gebaut an ass bei Hoen nees op déi initial Streck gestouss. Dës Verbindungsstreck hat wéinst der direkter Verbindung Virdeeler fir de Gidderverkéier awer net fir d'Passagéier, well déi deels hu missen zu Fouss vun enger Gare bei déi aner goen.

De 24. September 1967 ass d'Streck fir de Passagéierverkéier an den 19. Mee 1969 fir de Giddertransport zougemaach ginn. Vu Klengbetten u blouf d'Streck just nach bis op Stengefort op, ë a. wéinst dem Uschloss un d'Wierk vun der Uniroyal[2], ier se …[Wéini?] fir zerguttst zougemaach gouf.

Zuchaccidenter zu Klengbetten

änneren
  • 2. September 1865: Tëscht Betten a Sterpenich knuppen zwéi Gidderzich openeen; héije materielle Schued awer keng Blesséierter[3].
  • 8. Juni 1918: Wéinst engem Defekt un de Bremsen, rennt en Zuch op e Prellbock a 15 Persoune gi liicht blesséiert[4].
  • 22. Juli 1920: En Aarbechter gëtt op der Barriär vun enger Lokomotiv ugestouss a schwéier blesséiert[5].
  • 27. Juli 1921: En Aarbechter geréit mam Kapp tëscht zwee Waggonen a stierft[6].
  • 16. Januar 1923: Beim Rangéieren entgleisen e puer Waggonen; et gëtt keng Blesséierter[7].

Zich déi an der Gare halen

änneren

(Stand: Mäerz 2025)

Linn Lëtzebuerg ↔ Klengbetten ↔ (Arel)

änneren

Richtung Arel

änneren
Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Capellen   RB   Terminus
oder Arel
Terminus
oder Arel

Richtung Lëtzebuerg

änneren

Jeeweils an der entgéintgesater Richtung wéi an der Tabell uewendriwwer.

Kuckt och

änneren

Literatur

änneren

Quelle vum Abschnitt Geschicht:

  • Klein, Arthur, an Amis de la ligne de chemin de fer de l'Attert. 100 Jahre Eisenbahnstrecke Luxemburg-Petingen : direkte Eisenbahnverbindung Luxemburg-Longwy (Paris) über Dippach-Reckingen. Grass-Kleinbettingen: D'Frënn vun der Atertlinn, 2000. Print.
  • Federmeyer, Ed, und Pierre Pasquali. Eisenbahnen in Luxemburg. Gernrode: W. Herdam Fotoverl., 2007. Print.

Um Spaweck

änneren
Commons: Gare Klengbetten – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Tafel bei der Gare, Stand 7. August 2011
  2. (de)Wiedereröffnung der Eisenbahnstrecke Colmar/Usines – Bissen. Luxemburger Wort, 127. Jg., n° 129, p. 12. (08.06.1974). Gekuckt de(n) 15.03.2025.
  3. (de)Lokal-Neuigkeiten. Luxemburger Wort, 1895. Jg., nº 245&246, p. 3. (02.09.1895). Gekuckt de(n) 15.03.2025.
  4. (de)Lokales. Luxemburger Wort, 1918. Jg., nº 159&160, p. 3. (08.06.1918). Gekuckt de(n) 10.03.2025.
  5. (de)Lokales. Luxemburger Wort, 1920. Jg., nº 309, Abendendausgabe, p. 2. (22.07.1920). Gekuckt de(n) 15.03.2025.
  6. (de)Lokales. Luxemburger Wort, 1921. Jg., nº 173, p. 3. (27.07.1921). Gekuckt de(n) 15.03.2025.
  7. (de)Lokales. Luxemburger Wort, 1923. Jg., nº 16, p. 3. (16.01.1923). Gekuckt de(n) 15.03.2025.