Haaptmenü opmaachen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat den Héichvitesseautomotricë vun Alstom. Fir generell Informatiounen iwwer Zich mat héijer Vitesse kuckt w.e.g Héichvitessezuch.
TGV Duplex an der Gare de Lyon vu Paräis.

TGV ofgeleet vun Train à grande vitesse, ass de Sigle vun den Héichvitesseautomotricë vun der franséischer Staatsbunn SNCF.

ModellerÄnneren

TGV Sud-EstÄnneren

Den TGV Sud-Est war deen éischten TGV, deen am Persouneverkéier agesat gouf. Hie gouf a gëtt virun allem op der LGV Sud-Est agesat.

TGV RéseauÄnneren

Déi TGVsramm ass am Ament (Dezember 2014) déi eenzeg déi zu Lëtzebuerg fiert.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: TGV Réseau

TGV Euro-DuplexÄnneren

Den TGV Duplex ass een Héichvitessenzuch mat Voituren déi zwéi Niveauen hunn. Den Euro-Duplex ass déi drëtt Generatioun vun Duplex-TGVen. E gouf haaptsächlech fir d'Linn Marseille-Frankfurt gebaut, a kann doriwwer eraus um Schwäizer an um spueneschen Netz fueren.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: TGV 2N2

ThalysÄnneren

D'Thalys sinn Héichvitesseautomotricen aus den TGV-Serië PBA a PBKA, déi d'Stied Paräis, Bréissel, Köln an Amsterdam matenee verbannen.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Thalys

TGV POSÄnneren

Den TGV POS (POS steet fir Paris-Ostfrankreich-Süddeutschland) gëtt virun allem op der LGV Est européenne agesat a kann an Däitschland fueren.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: TGV POS

Alstom AGVÄnneren

D'Alstom AGV (AGV fir Automotrice à Grande Vitesse) ass eng technesch komplett nei Entwécklung vum TGV. Während den TGV vu Motricen op den zwéi Käppp ugedriwwe gëtt, sinn d'Motore beim AGV wéi op d'Achsen iwwer de ganzen Zuch verdeelt. Zanter 2012 ginn AGVen um italieneschen Eisebunnsnetz vun der NTV agesat wou se als Baurei ETR 575 lafen.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Alstom AGV

StreckennetzÄnneren

 
D'Netz op deem den TGV fiert.

Déi éischt Héichvitessestreck (LGV) a Frankräich war d'LGV Sud-Est vu Paräis op Lyon.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun den Héichvitessestrecken a Frankräich

Um SpaweckÄnneren