Haaptmenü opmaachen
Den EuroCity 91 um Krop vun der 26150 um Depart zu Metz.

Den Eurocity 90/91 Vauban ass en internationale Schnellzuch dee Bréissel mat Chur an der Schwäiz verbënnt. En ass nom Vauban benannt.

Bis 2007 ass en ënner dem Qualitéitslabel EuroCity gelaf.

StreckeverlafÄnneren

A Richtung Süden dréit den Zuch d'Lafnummer 91 an ass tëscht Bréissel an der Stad Lëtzebuerg an de Fuerplang vum InterCity J intégreiert.

A Richtung Norden dréit den Zuch d'Lafnummer 90.

MaterialÄnneren

Den Zuch besteet aus enger Ramm Schwäizer EuroCity Voiturë mat enger belscher I6'er Voiture. Tëscht Bréissel a Lëtzebuerg ass den Zuch duerch zwou I10'er Voiturë verstäerkt.

D'Traktioun gëtt tëscht Bréissel a Lëtzebuerg duerch belsch 20'er assuréiert. Um franséischen Deel vun der Streck si 15000'er a 26000'er am Asaz. An der Schwäiz ginn Re 420'er an Re 460'er agesat.

GeschichtÄnneren

Entstanen ass den EC Vauban aus dem TEE Vauban, dee fréier Amsterdam mat Mailand verbonnen huet an ufanks der 80er Joren, aus finanzielle Grënn, opgi gouf. Wéi den EC Vauban geschaf ginn ass, waren d'NS net bereet sech ze bedeelegen, wat dozou gefouert huet datt de Vauban nëmmen nach bis Bréissel gefuer ass.

Bis 2004 ass de Vauban tëscht Bréissel a Mailand gefuer; gouf dunn awer op Brig limitéiert well déi agesaten I11 Voiturë keng Zouloossung fir Italien haten. 2008 gouf en dunn op Chur ëmgeleet, well eng direkt Verbindung op Zürich gefrot war.

De Status als EuroCity ass haut nëmmen nach um belschen Deelstéck am Gebrauch. A Frankräich an zu Lëtzebuerg ass en als Express klasséiert, an der Schwäiz als InterRegio. Besonnesch d'Feele vun enger Restaurantsvoiture huet de Vauban säi Status kascht.

GarenÄnneren

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren