Eisebunnsstreck Esch-Uelzecht-Péiteng
D'Eisebunnsstreck Esch-Uelzecht-Péiteng ass eng Eisebunnsstreck zu Lëtzebuerg. Se féiert vun Esch-Uelzecht op Péiteng.
![]() | |
![]() | |
Linnennummer | 6f |
---|---|
Besëtzer | Lëtzebuerg |
Bedreiwer | CFL |
vu(n) | Gare Esch-Uelzecht |
op | Gare Péiteng |
iwwer | Gare Belval-Usines, Gare Belval-Université, Gare Belval-Lycée, Gare Belval-Réideng, Gare Bieles-Zolwer, Gare Uewerkuer, Gare Déifferdeng, Gare Déifferdeng-Schmelz, Gare Nidderkuer, Gare Péiteng |
opgaangen | 1. August 1873 |
Technesch Donnéeën | |
Längt | 15,7 km |
Gréisst Steigung | 19 ‰ |
Klengste Radius | 296,410 m |
Spuerbreet | Normalspuer |
Streckentyp | duebelgleiseg |
Fuerrichtung | riets |
Vitesslimitatioun | 90 km/h |
Stroumsystem | 25kV Wiesselstroum |
Zuchsécherungssystem | European Train Control System |
![]() |
Garen - Uschlëss - Brécken Tunnellen - Barriären |
PK | |
![]() |
Esch-Uelzecht | - |
![]() |
Ofzweigung Linn 6e | |
![]() |
N4 | |
![]() |
Belval-Usines | 2,3 |
![]() |
Belval-Université | 3,4 |
![]() |
Liaison Micheville | |
![]() |
Ofzweigung | |
![]() |
Boulevard de la Recherche | |
![]() |
Belval-Lycée | 4,2 |
![]() |
rue de l'Usine | |
![]() |
Gäerdchesbaach | |
![]() |
Belval-Réideng | 5 |
![]() |
Rue de France | |
![]() |
N31 (Rue du Chemin de fer) | |
![]() |
Bieles-Zolwer | 6,6 |
![]() |
||
![]() |
N31 (Route de Belvaux) | |
![]() |
||
![]() |
Schwaarz Bréck | |
![]() |
Kuer | |
![]() |
Rue de la Gare | |
![]() |
Uewerkuer | 9,6 |
![]() |
Rue Prince Henri | |
![]() |
Avenue Charlotte / Rue Kondel | |
![]() |
Déifferdeng | 11 |
![]() |
Rue Emile Mark | |
![]() |
||
![]() |
Déifferdeng-Marchandises | 11,7 |
![]() |
N31 (Avenue de la Liberté) | |
![]() |
Ofzweigung | |
![]() |
CR175 (Rue Pierre Gansen) | |
![]() |
Nidderkuer | 12,7 |
![]() |
N31 (Route de Bascharage) | |
![]() |
Ofzweigunng | |
![]() |
Rue des Ateliers | |
![]() |
Péiteng (Secteur Péiteng) | 15,7 |
![]() |
Route de Niederkorn | |
![]() |
Rue des Prés | |
![]() |
Rolleng | 17 |
![]() |
Route de Luxembourg | |
![]() |
Péiteng (Secteur Rodange) | 18,3 |
D'Trass fir d'Eisebunnsstreck Esch-Uelzecht-Péiteng gëtt vun der Administration des chemins de fer verdeelt. D'CFL bedreift a geréiert d'Infrastruktur vun der Streck, déi am Besëtz vum Lëtzebuerger Staat ass.
Linn
ännerenD'Eisebunnsstreck Esch-Uelzecht-Péiteng gëtt vun der Eisebunnsverwaltung als Linn 6f bezeechent. Bis Enn 2024 war s'am kommerzielle Passagéierverkéier vun der CFL als Deel vun der Linn 60 bekannt.
Iwwer d'Streck fuere follgend CFL-Linnen(Stand: Januar 2025)
- Lëtzebuerg - Beetebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange
- Ëlwen - Lëtzebuerg - Beetebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange.
Geschicht
ännerenAn den 1860er Jore waren eng Rei belsch Spekulanten drun interesséiert fir eng Eisebunnsstreck vun der Belsch (an der Géigend vun Attem) laanscht déi lëtzebuergesch Minnen (Rolleng, Péiteng, Déifferdeng) bis op Esch ze bauen. Si wollten hiert Kapital gënschteg uleeën, mam Zweck fir d'Lëtzebuerger Minett op d'Schmelzen ëm Charleroi a Léck ze liwweren.
D'Lëtzebuerger Regierung war awer drun interesséiert fir e weidere Reseau opzebauen an huet all Demande refuséiert, déi sech just op déi lukrativ Streck limitéiert huet. No laange Verhandlunge krut dunn den 19. Mäerz 1869 eng belsch Grupp ëm de Financier Simon Philippart (1826-1900) d'Konzessioun fir de Bau vun enger Rëtsch Strecken, dorënner och déi begiert Streck vu Péiteng op Beetebuerg, mat enger Ofzweigung vu Bieles op Esch[1]. Déi éischt detailléiert Pläng fir d'Strecken Esch-Bieles a Bieles-Péiteng goufen Enn 1869 presentéiert an den definitiven Trajet fir déi zwou Sektioune gouf den 31. Juli 1870 esou festgehalen[2]:
„L'origine de ces deux sections se trouvera à Esch dans un vallon à 600 mètres au sud-ouest de la station Guillaume-Luxembourg et à 500 mètres à gauche de la route d'Esch à Audun-le-Tige. Le tracé traversera la route et l'Alzette, en se développant suivant une grande courbe concave du côté de la frontière, gagnera le bois d'Esch, en y touchant en plusieurs points le chemin rural qui longe la limite méridionale dudit bois, passera à 40 mètres à gauche de la ferme dite «Ernshof», traversera le village de Belvaux à la jonction des chemins de ce village à Esch, Soleuvre et Oberkorn, passera à gauche d'Oberkorn, à droite de Differdange et de Niederkorn, pour aboutir à Petange au chemin rural du «Printzenberg», à 325 mètres a gauche de la bifurcation des routes sur Long-la-Ville et Athus.“
Den Tracé ass duerno awer nach op zwou Plaze liicht ugepasst ginn: engersäits an der Afaart fir an d'Escher Gare an anersäits um Territoire vun Déifferdeng, wou d'Gleiser elo laanscht déi eisenäerzhalteg Hiwwele geluecht goufen. E gouf nach jorelaang iwwer d'Verlängerung vun Esch op Beetebuerg verhandelt, ouni datt et awer zu engem Konsens koum.
D'Aarbechte fir d'Streck ze bauen hu sech an d'Längt gezunn: engersäits well eng Rëtsch Enteegnungsprozeduren hu missen an d'Weeër geleet ginn an anersäits well et Diskussioune mat der Guillaume-Lëtzebuerg gouf, fir där hir Gare zu Esch kënne matzebenotzen. Och d'Pläng fir d'Gleisanlagen zu Péiteng goufen nodréiglech nach ugepasst.
D'Streck vu 16,02 km ass den 1. August 1873 ouni grouss Gedeessems vum „Prënz“, der Compagnie des chemins de fer Prince-Henri (PH), opgemaach ginn. Op den Halten ënnerwee gouf et just hëlze Buden, stenge Garegebaier goufen eréischt e puer Joer méi spéit gebaut. An den éischte Jore sinn dacks Zich entgleist, well déi eise Schinnen déi verluecht goufen, absënns an de Kéieren ënnert der Laascht gebrach sinn. Am November 1873 goufe scho Schinnen ersat an den Uewerbau mat zousätzleche Schwelle verstäerkt.
Et war schwiereg op der Streck ze fueren, engersäits well se Pentë mat bis zu 1,5 % hat an anersäits well et enk Kéiere mat engem Radius vu just 400 m oder 300 m gouf. Wéi d'Streck gebaut gouf, war den Ënnerbau fir zwee Gleiser preparéiert ginn, et gouf awer just eent verluecht. Well awer ëmmer méi Gidderverkéier op der Streck ënnerwee war, ass am Laf vun 1876 dat zweet Gleis geluecht ginn.
Op der Streck gouf et Luedquaië fir d'Äerz zu Déifferdeng, Uewerkuer, Bieles an tëscht Bieles an Esch, iwwerdeems fir de Persouneverkéier Garen zu Péiteng, Déifferdeng, Bieles an Esch bestoungen. D'Garë vun Uewerkuer a Belval-Réideng sinn eréischt méi spéit opgaangen (1879 an 1895).
Méi spéit ass d'Streck vu Péiteng aus iwwer Rodange op d'belsch Grenz bei Attem (1874) respektiv op d'franséisch Grenz a Richtung Mäertesbierg (1886) verlängert ginn.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel Eisebunnsstreck Péiteng-Rodange Grenz (Attem) an am Artikel Eisebunnsstreck Péiteng-Rodange Grenz (Mont-Saint-Martin).
D'Gare Péiteng war den Zentrum vum Prënz sengen Aktivitéiten a well just en hëlze Schapp fir 6 Lokomotiven do bestoung, ass 1878 e méi groussen, nees aus Holz, mat 28 Plaze gebaut ginn. Dat selwecht Joer goufen zu Attem, do wou d'PH-Streck op de belsche Reseau iwwergaangen ass, déi éischt mechanesch Sécherungsanlage vu Saxby & Farmer agebaut.
Nodeems verschidden eise Schinne versuchsweis ma stolenen ersat goufen an d'Essaien zefriddestellend waren, ass d'Streck vun 1880 u komplett op stole Schinnen ëmgebaut ginn. 1888 ass an der Gare vu Rodange en neit Voyageursgebai opgeriicht ginn an 1892 och zu Déifferdeng.
Mam Bau vun der Déifferdenger Schmelz (1896) an zousätzlechen Héichiewe ronderëm d'Déifferdenger Gare ass de Besoin fir de Gidderverkéier ëmmer erëm erop gaangen, wat mat sech bruecht huet, datt d'Gleisanlagen zu Déifferdeng no 1896 ëmgebaut goufen. Den 28. Juli 1896 huet d'PH en Ofkommes mat der Déifferdenger Héichuewen-Gesellschaft ënnerschriwwen, mat deem d'Gesellschaft tëscht Uewerkuer an Déifferdeng en eegent Schmuelspuergleis nieft dat vum PH leeën dierft, fir esou d'Minett aus den Uewerkuerer Minièren an d'Schmelz ze transportéieren.
1897 goufen d'Anlagen zu Péiteng nees vergréissert, absënns well d'PH Enn 1894 eng zousätzlech Konzessioun krut, fir eng direkt Streck an d'Stad ze bauen.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Eisebunnsstreck Péiteng-Lëtzebuerg.
D'Aarbechten zu Péiteng hunn ë. a. begraff: neit Garegebai (1897), neie Lokomotivschapp (1899), neien Depot mat Schräinerei (1900), neien, méi groussen Atelier (1900-1912), Heizungsanlag fir den Depot an den Atelier (1912). Zousätzlech Vergréisserunge vun der Péitenger Anlag gouf et an de Joren 1910, 1912, 1915, 1926 an 1938.
An der Zäit vum Zweete Weltkrich war de Trafick op der ganzer Streck ënnerbrach. D'Reichsbahn – déi de Betrib vun de Lëtzebuerger Strecken den 1. September 1940 iwwerholl hat – hat sech net all ze vill ëm den Ënnerhalt gekëmmert an an de Joren nom Krich ass d'Streck an d'Rei gesat ginn an de Lénksverkéier gouf 1950 op Rietsverkéier ëmgestallt.
De 25. Juni 1956 huet d'CFL (déi 1946 gegrënnt gi war) decidéiert, ë. a. d'Strecken am Minett z'elektrifizéieren an et ass 1959 mat den Aarbechte lass gaangen. Am Kader vun dësen Aarbechte goufen och aner Upassungen op der Streck realiséiert, wéi z. B. d'Ewechrappe vun engem Quai an der Déifferdenger Gare, Ännerungen un de Quaien zu Péiteng, Verlängerung vun de Gleiser zu Rodange, asw.
D'Streck gouf etappeweis ënner Stroum gesat: Esch-Bieles de 6. Februar 1961, Bieles-Déifferdeng de 17. Abrëll 1961 an déi aner Deeler bis op d'franséisch Grenz an op Attem den 22. Mee 1961. Mam Summerfuerplang den 28. Mee 1961, huet den elektresche Betrib op der ganzer Streck ugefaangen. Dat huet ë. a. mat sech bruecht, datt d'Direktzich Lëtzebuerg-Paräis, déi bis dohin iwwer déi direkt Streck Lëtzebuerg-Péiteng gefuer sinn, fir e puer Joer laang iwwer Esch ëmgeleet goufen.
Am Mee 1964 sinn déi lescht Damplokomotiven – déi deelweis nach op Attem, Arel oder Lonkech gefuer sinn – aus dem Péitenger Depot verschwonnen.
Enn vun den 1970er / uganks vun de 1980er Jore ware Pläng opkomm, d'Streck tëscht Esch/Belval a Péiteng komplett nei ze bauen a just dat Stéck vu Péiteng op Déifferdeng ze halen. Wéinst der Stolkris ass dunn awer Enn 1983 decidéiert ginn, de Bau vun der neier Streck falen ze loossen; bis dohi waren awer schonn 130 Millioune Frang (≈ 3,23 Mio €) dran investéiert ginn. Well an der Zäit vum Plangen näischt op der „aler“ Streck geschafft gouf, huet d'CFL dunn uganks 1984 e Projet presentéiert, fir déi ganz Streck ze sanéieren, mat ë. a. dem Ersetze vum mechanesche Stellwierk Bieles mat engem elektreschen, engem automatesche Gleisofschnëtt mat Achsenzieler, asw. D'Aarbechte goufen tëscht 1985 an 1993 ausgefouert.
Vun 1984 u goufen dunn och d'Gleisanlage ronderëm Péiteng a Rodange ëmgebaut, absënns fir sech op déi geplangt Elektrifizéierung vun der belscher Athus-Meuse-Streck (vun Namouer iwwer Dinant, Bertrix, Virton, Attem op Rodange) virzebereeden.
Biller
änneren-
Op der Barriär Rue Kondel zu Déifferdeng
-
Fréier Industriebréck iwwer d'Eisebunnsstreck, beim Boulevard Prince Henri zu Esch.
-
Laanscht de Boulevard Prince Henri geet d'Eisebunnsstreck iwwer e Viaduc.
-
D'Passerell op den Escher Gaalgebierg; iwwer d'Eisebunnsstreck ewech.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Eisebunnsstreck Esch-Uelzecht-Péiteng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Donnéeën iwwer d'Streck: Réseau Ferré Luxembourgeois - Document de Référence du Réseau 2026, Version 1.0.
Referenzen an Notten
änneren- ↑ (fr)Loi du 19 mars 1869, par laquelle est approuvée la convention portant concession du réseau des chemins de fer Prince-Henri.. data.legilux.public.lu (19.03.1869). Gekuckt de(n) 21.03.2025.
- ↑ (fr)Arrêté royal grand-ducal du 31 juillet 1870 déterminant le tracé des sections Esch-Belvaux et Belvaux-Pétange du réseau des chemins de fer Prince-Henri.. data.legilux.public.lu (31.07.1870). Gekuckt de(n) 21.03.2025.
- Quell vum Abschnitt Geschicht, wou net anescht uginn: Federmeyer, E., & Pasquali, Pierre. (2007). Eisenbahnen in Luxemburg. Gernrode Luxembourg: W. Herdam Fotoverl. G.A.R., Band 1, S. 370-390