De Manoel Cândido Pinto de Oliveira, gebuer den 11. Dezember 1908 zu Porto an och do den 2. Abrëll 2015 gestuerwen, war e portugisesche Filmregisseur an Dréibuchauteur. Zënter 2001 bis zu sengem Doud war hien deen eelsten nach aktive Filmregisseur vun der Welt.

Manoel de Oliveira
Gebuertsnumm Manoel Candido Pinto De Oliveira
Gebuer 11. Dezember 1908
Porto
Gestuerwen 2. Abrëll 2015
Porto
Doudesursaach Häerzschwächt
Nationalitéit Portugal
Aktivitéit Dréibuchauteur, Filmregisseur, Kameramann, Filmproduzent, Filmediteur, Schauspiller, Autospilot

1931 huet hie säin éischte Film Douro, faina fluvial, en Documentaire,nach ouni Toun, gedréint. Aniki Bóbó (1942) war säin éischte Spillfilm. Dëse war awer kee Succés, an den de Oliviera huet d'Saach si gelooss a gouf Portoproduzent am Familljebetrib.

Enn vun den 1950er Joren huet e sech nees méi fir de Kino intresséiert; zwéi Filmer, déi e gedréint hat, sinn awer net erauskomm, duerno koum en Documentaire (O Pão, 1959) vun him eraus. O Acto da Primavera huet him d'Dier fir international Festivaller opgemaach, e gouf awer a Portugal just eemol gewisen an den Oliveira koum wéinst den Dialoger kuerz an de Prisong.

An den 1970er Joren, an engem Alter, wou anerer an d'Pensioun géingen, huet hien dann zerguttst ugefaangen, Filmer ze dréinen. Et goufen hirer 30, wouvunner dee bekanntste Vale Abraão (1994) dierft sinn.

Fir seng Filmer krut hie Präisser ë. a. um Filmfestival vu Cannes, deem vu Venedeg an deem vu Montreal.

Den Oliveira huet och d'Dréibicher vu senge Filmer geschriwwen, de Schnëtt gemaach, d'Kamera gefouert a se produzéiert.

Filmographie (Auswiel) änneren

  • 1931: Douro, faina fluvial
  • 1942: Aniki Bóbó
  • 1963: O acto da primavera
  • 1972: O passado e o presente
  • 1975: Benilde ou a virgem mãe
  • 1979: Amor de perdição
  • 1981: Francisca
  • 1985: Le soulier de satin
  • 1987: Mon cas
  • 1988: Os canibais
  • 1990: Non, ou a Vã Glória de Mandar
  • 1991: A divina comédia)
  • 1992: O dia de desespero)
  • 1993: Vale abraão
  • 1994: A caixa
  • 1995: Le couvent
  • 1996: Party
  • 1997: Viagem ao princípio do mundo
  • 1998: Inquiétude
  • 1999: A carta
  • 2000: Word and Utopia
  • 2001: Das Porto meiner Kindheit
  • 2001: Vou para casa/Je rentre à la maison
  • 2002: O Princípio da Incerteza
  • 2003: Um Filme Falado
  • 2004: O Quinto Império - Ontem Como Hoje
  • 2006: Belle toujours
  • 2007: Cristóvão Colombo - O Enigma
  • 2009: Singularidades de uma rapariga loura
  • 2010: O estranho caso de Angélica
  • 2012: O Gebo e a Sombra
  • 2014: O Velho do Restelo

Literatur änneren

  • Yann Lardeau, Jacques Parsi, Philippe Tancelin: Manoel de Oliveira. Dis Voir, Paris 1996, ISBN 978-2906571044.
  • Thomas Brandlmeier: Manoel de Oliveira und das groteske Melodram. Verbrecher Verlag, 2010, ISBN 978-3-940426-53-6.
  • Francesco Saverio Nisio: Manoel de Oliveira. Cinema, parola, politica. Recco (Ge), Le Mani, 2010, ISBN 978-88-8012-544-0.

Um Spaweck änneren