De Joseph Losey, gebuer de 14. Januar 1909 zu La Crosse am Wisconsin a gestuerwen den 22. Juni 1984 zu London, war en US-amerikanesche Film an Theaterregisseur, Filmproduzent an Dréibuchauteur.

Joseph Losey
Gebuertsnumm Joseph Walton Losey
Gebuer 14. Januar 1909
La Crosse
Gestuerwen 22. Juni 1984
London
Nationalitéit USA
Educatioun Harvard Universitéit
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Theaterregisseur, Regisseur

1948 huet de Joseph Losey fir RKO säin éischte Laangspillfilm The Boy with Green Hair gedréint.

An den USA huet de Losey an den 1950er Jore keng Aarbecht méi fonnt well säin Numm beim Verhéier virum House Committee on Un-American Activities genannt gi war. Hien ass dunn an England an den Exil gaangen.

An England huet hie sou bedeitend Filmer wéi Eva (1962), The Servant (1963), King and Country (1964) an Accident (1967) gedréint.

Filmographie änneren

Literatur änneren

  • Georg Alexander: Joseph Losey. Reihe Film, Band 11. Hanser, München und Wien 1977
  • Michel Ciment: Le Livre de Losey. Entretiens avec le cinéaste. Paris, Stock/Cinéma, 1979
  • Michel Ciment: Joseph Losey: L'œil du maître. Institut Lumière/Actes Sud, 1994

Um Spaweck änneren