Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Agora als Plaz am ale Griicheland. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Agora (Homonymie).

Am antike Griicheland war d'Agora (αγορά) d'Versammlungsplaz vum Maart vun der Polis. D'Händler a Verkeefer op der Agora goufe Kapeloi genannt. D'Agora war en essentiellen Deel am Konzept vun der Polis an den Aristoteles ass souguer sou wäit gaangen, datt hien d'Barbaren onziviliséiert genannt huet, well si keng Agora haten.

D'Agora zu Tyros am haitege Libanon, Ausgruewunge vun Al Mina.

D'Agora vun Athen war awer net nëmmen eng Maartplaz, mä och de Sëtz vun den demokrateschen Institutiounen. Hei stoungen de Bouleuterion, wou d'Boulè, de Rot vun de 500, seng Gesetzer virbereet huet, déi vun der Versammlung gestëmmt goufen. An der Tholos hunn een Zéngtel vun de Bouleuten Dag an Nuet eng Permanence gehat, bis si vu 50 aneren ersat goufen. Op der athenescher Agora war och d'Heliaia, d'Volleksgeriicht, ze fannen.

D'Agora war den Zentrum vum soziale Liewen. Hei ass ee spazéiert an huet ënner Frënn philosophéiert, virun allem am Schiet vun der Stoa Poikilè.

Am Réimesche Räich war de Forum romanum d'Géigestéck vun der griichescher Agora.

Literatur zum Theema änneren

  • Homer A. Thompson an R. E. Wycherley, The Agora of Athens, American school of classical studies at Athens, Princeton.
  • Roland Martin, Recherches sur l'agora grecque: études d'histoire et d'architecture urbaines, E. de Boccard, Paräis, 1951.

Um Spaweck änneren

Commons: Ancient Agora of Athens – Biller, Videoen oder Audiodateien
  Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antiquitéit.