Daniel Craig

brittesche Schauspiller

Den Daniel Craig, gebuer den 2. Mäerz 1968 zu Chester an England, ass en brittesche Schauspiller, dee virun allem zanter 2005 fir seng Roll als James Bond an de Filmer mam selwechten Numm bekannt ass.

Daniel Craig
Gebuertsnumm Daniel Wroughton Craig
Gebuer 2. Mäerz 1968
Chester
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, USA
Educatioun Guildhall School of Music and Drama
Aktivitéit Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller, Synchronspriecher, Mannequin, Theaterschauspiller
Famill
Bestuet mat Rachel Weisz

Biographie änneren

Dem Daniel Wroughton Craig säi Papp, den Tim Craig war en Aarbechter an der brittescher Handelsmarinn an duerno Besëtzer vum Ring O Bells Café. Seng Mamm, d'Carol Olivia Craig war eng Zeecheprofessesch. 1972 hu seng Eltere sech gescheet a vun do u gouf den Daniel Craig vu senger eelerer Schwëster, Lea, zu Liverpool an duerno zu Hoylake groussgezunn. Den éischten James-Bond-Film, deen hie jee gesinn huet, war "Live and Let Die" mam Roger Moore an huet hie faszinéiert.

Film änneren

Den Daniel Craig, hat säi Filmdébut an "The Power of One" 1992. Seng Carrière ass weidergaange mat der Tëleesserie "Our Friends in the North" 1996. Hien ass international bekannt ginn nodeem hien Niewerollen am "Lara Croft: Tomb Raider" 2001 an "Road to Perdition" 2002 gespillt huet. Hie gouf nominéiert fir seng Performancen an der Haaptroll vu "Layer Cake" a krut och nach aner Präisser an Nominéierungen.

Am Oktober 2005 gouf den Daniel Craig de sechsten James Bond Duersteller an huet d'Roll bis 2021 gespillt.

Filmographie (Auswiel) änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Daniel Craig – Biller, Videoen oder Audiodateien