Den Tino Rossi, gebuer den 29. Abrëll 1907 als Constantin Rossi zu Ajaccio op Korsika, a gestuerwen de 26. September 1983 zu Neuilly-sur-Seine a Frankräich, war e franséische Sänger a Filmschauspiller.

Tino Rossi
Gebuertsnumm Constantin Rossi
Gebuer 29. Abrëll 1907
Ajaccio
Gestuerwen 27. September 1983
Neuilly-sur-Seine
Doudesursaach Bauchspäicheldrüsekriibs
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Schauspiller, Sänger, Filmschauspiller
Famill
Bestuet mat Lilia Vetti
D'Paart fir bei d'Tino Rossi-Villa

Dem Tino Rossi säi Papp war Schneider an de Bouf huet eng roueg Kandheet a senger Heemechtstad verbruecht. Duerno ass hien op Marseille emigréiert an huet do als Plongeur an engem Restaurant geschafft.

An den drësseger Joren huet et en op Paräis gezunn a bannent e puer Joer hat e schonn e Vertrag mat der Plackefirma Columbia, deen et him erlaabt huet, no an no nieft de "Stare" vun där Zäit, wéi d'Lucienne Boyer oder de Jean Sablon, op de Bünen ze sangen.

Seng romantesch Ballade musse gutt ukomm sinn, well hien huet iwwer 1.000 Lidder opgeholl an am Laf vu senger Sängercarrière 300 Millioune Placke verkaaft! 1982 gouf de Rossi vum President François Mitterrand zum Commandeur de la Légion d'honneur gemaach. Et war och dat Joer, an deem den Tino Rossi fir d'lescht opgetrueden ass, an dat am Casino de Paris.

De 26. September 1983 ass den Tino, deen a senger Heemecht Tintin genannt gouf, un engem Kriibs gestuerwen. Hie gouf zu Ajaccio an enger Grafkapell begruewen.

Filmographie änneren

  • 1934: La Cinquième empreinte
  • 1934: L'Affaire Coquelet
  • 1934: Adémaï au Moyen-Âge
  • 1934: Les nuits moscovites
  • 1935: Vogue, mon cœur
  • 1935: Justin de Marseille
  • 1936: Marinella
  • 1936: Au son des guitares
  • 1937: Lumières de Paris
  • 1938: Naples au baiser de feu
  • 1942: Fièvres
  • 1943: Le soleil a toujours raison
  • 1943: Le chant de l'exilé
  • 1943: Mon amour est près de toi
  • 1944: L'île d'amour
  • 1946: Sérénade aux nuages
  • 1946: Le Gardian
  • 1946: Destins
  • 1947: Le chanteur inconnu
  • 1948: La belle meunière
  • 1949: Deux amours
  • 1949: Marlène
  • 1950: Envoi de fleurs
  • 1952: Au pays du soleil
  • 1952: Son dernier Noël
  • 1954: Si Versailles m'était conté...
  • 1954: Tourments

Um Spaweck änneren