D'Melina Mercouri, gebuer als Maria Amalia Merkouri den 18. Oktober 1920 zu Athen a gestuerwen de 6. Mäerz 1994 zu New York, war eng griichesch Schauspillerin, Sängerin a Politikerin.

Melina Mercouri
Gebuertsnumm Αμαλία Μαρία Μερκούρη, Amalía María Merkoúri
Gebuer 18. Oktober 1920
Athen
Gestuerwen 6. Mäerz 1994
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Kinnekräich Griicheland, Griicheland
Aktivitéit Schauspiller, Sänger, Politiker, Schrëftsteller, Theaterschauspiller, Filmschauspiller
Partei PASOK
Famill
Bestuet mat Jules Dassin
Papp Stamatis Mercouris

1955 huet si de Filmregisseur Jules Dassin kenne geléiert, mat dem si sech 1966 bestuet huet a mat him bis zu hirem Doud zesumme war.

Ënner der Regie vum Michalis Kakogiannis huet si hir éischt Roll am Film Stella (1955) kritt. International bekannt gouf si duerch de Film Pote tin kyriaki oder op Englesch Never on Sunday (1960) vum Jules Dassin.

Wärend der Griichescher Militärdiktatur vun 1967 bis 1974 huet d'Melina Mercouri a Frankräich am Exil gelieft. Am Oktober 1981 huet de griichesche Ministerpresident Andreas Papandreou si als Kulturministesch a seng Regierung geholl.

Filmographie (Auswiel) änneren

Literatur änneren

  • Melina Mercouri: I was born Greek. Autobiographie:
  • Gabriela Elias: Melina Mercouri: Biographie eines Weltstars. Edition S, Wien 1995, ISBN 3-7046-0691-X.