15. Arrondissement vu Paräis

ee vun den 20 Stadbezierker vu Paräis


De 15. Arrondissement ((fr) och nach Arrondissement de Vaugirard ) ass ee vun zwanzeg Stadbezierker vu Paräis. Et läit um lénksen Uwänner vun der Seine, am Südweste vun der Stad, an ass 1860 entstanen, nodeems d'Stad op Grond vun engem Gesetz vum 16. Juni 1859 nei opgedeelt gouf an d'Gemenge Vaugirard a Grenelle an d'Stad Paräis integréiert goufen.

15. Arrondissement vu Paräis
Quartieren Saint-Lambert,
Necker,
Grenelle,
Javel
Buergermeeschter Philippe Goujon
Awunner 227.746
Fläch 8,50 km²
Postcode 75015
INSEE-Code 75115
Koordinaten 48°50'28,78"N, 2°18'1,05"O

Den Arrondissement war bis an d'1970er-Joren e Aarbechterquartier an ass haut eng Wunngéigend vun der mëttlerer an héijer Biergerschicht, well e fir Paräisser Verhältnesser relativ roueg geleeën ass; nëmmen am Süden a Südwesten, am Quartier Javel gëtt et vill Sozialwunnengen.

Geographesch Lag änneren

De 15. Arrondissement läit um lénksen Uwänner vun der Seine. E grenzt am Osten, déi aner Säit vun der Gare Montparnasse, un de 14. Arrondissement, am Westen duerch d'Seine getrennt, un de 16. an am Norden un de 7. Arrondissement. Am Süde stéisst en un de Boulevard périphérique op deem senger anerer Säit d'Gemenge Malakoff, Vanves an Issy-les-Moulineaux leien.

Quartieren änneren

Wéi all Paräisser Arrondissement ass en a véier administrativ Quartieren ënnerdeelt:

  • 57. Quartier Saint-Lambert
  • 58. Quartier Necker
  • 59. Quartier de Grenelle
  • 60. Quartier de Javel

Biller änneren

Kuckeswäertes änneren

Kleng Auswiel:

Um Spaweck änneren

Commons: 15. Arrondissement vu Paräis – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren