Chambre des métiers ass den offiziellen Numm vun der Handwierkerkummer (och alt Handwierkskammer an Handwierkskummer) zu Lëtzebuerg, der Beruffschamber fir d'Handwierk.

Chambre des métiers
(Handwierkerkummer)
De Sëtz vun der Handwierkerkummer um Kierchbierg
Typ Ëffentlecht Etablissement
Grënnungsdatum 04.04.1924
Sëtz 2, Circuit de la Foire Internationale
L-1347 Lëtzebuerg
Leedung Tom Oberweis (President)
Branche Beruffschamber
Homepage www.cdm.lu

D'Chambre des métiers ass hirersäits Member am Daachverband Union des entreprises luxembourgeoises (UEL).

Historique änneren

Mam Gesetz vum 4. Abrëll 1924[1] gouf zu Lëtzebuerg e Beruffschamber-System op eligibeler Basis opgebaut an et si fënnef Beruffschamberen an d'Liewe geruff ginn. Dozou huet deemools och d'Chambre des artisans gehéiert. Den Numm gouf duerch de groussherzoglechen Arrêté vum 8. Oktober 1945[2] an « Chambre des métiers » ëmgeännert.

Duerch d'Gesetz vum 2. September 2011[3] gouf d'Handwierkskummer reorganiséiert.

Memberen änneren

D'Handwierkskummer vertrëtt iwwer 7.300 Handwierksentreprise mat knapps 92.000 Salariéen, absënns aus der Liewensmëttelindustrie, dem Secteur vun der Moud, Gesondheet an Hygiène, de Beräicher Mechanik, Bau, Kommunikatioun, Multimedia, asw.[4]

Organisatioun änneren

D'Assemblée plénière vun der Handwierkskummer setzt sech aus 27 Memberen zesummen. Dräi dovu ginn der vun der Fédération des artisans designéiert, déi aner 24 ginn duerch 6 Walgruppe gewielt[5].

Presidenten änneren

Period President
1925 - 1926 Pierre Weber
1926 - 1929 François Moes
1929 - 1945 Jean Witry
1947 - 1957 Paul Theisen
1957 - 1979 Joseph Bevard
1979 - 1997 Ady Kieffer
1997 - 2007 Paul Reckinger
zanter 2007 Roland Kuhn

Generaldirekter vun der Handwierkskummer ass den Tom Wirion(Stand 2020).

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Loi du 4 avril 1924 portant création de chambres professionnelles à base élective. legilux.public.lu (04.04.1924). Gekuckt de(n) 12.09.2020.
  2. Arrêté grand-ducal du 8 octobre 1945 portant réorganisation du statut de la Chambre des Artisans. legilux.public.lu (08.10.1945). Gekuckt de(n) 13.09.2020.
  3. Loi du 2 septembre 2011 portant réorganisation de la Chambre des Métiers et modifiant la loi du 26 octobre 2010 portant réorganisation de la Chambre de Commerce. legilux.public.lu (02.09.2011). Gekuckt de(n) 13.09.2020.
  4. Rôle, activités et missions. www.cdm.lu. Gekuckt de(n) 13.09.2020.
  5. Règlement grand-ducal du 30 septembre 2011 déterminant le nombre de membres effectifs et suppléants de l'assemblée plénière de la Chambre des Métiers à élire, la composition numérique des groupes électoraux et le nombre de sièges réservés à chaque groupe électoral. legilux.public.lu (30.09.2011). Gekuckt de(n) 13.09.2020.