D'Lëtzebuerger Land ass eng Lëtzebuerger Wochenzeitung, déi ënner dem Titel d'Letzeburger Land vum Carlo Hemmer gegrënnt gouf an den 1. Januar 1954 fir d'éischt erauskoum.

d'Lëtzebuerger Land
Typ Zeitung
Sprooch Däitsch,
Franséisch
Éischt Ausgab 1. Januar 1954
Land Lëtzebuerg
Chefredakter Josée Hansen
Websäit http://www.land.lu/

Den Titel gouf 1999 der neier Lëtzebuerger Orthographie ugepasst. Den Ënnertitel ass Unabhängige Wochenschrift für Politik, Wirtschaft und Kultur - Hebdomadaire politique, économique et culturel indépendant

Vun 1958 bis 1983 war de Léon Kinsch de verantwortlechen Editeur. Hien hat d'Zeitung vum Hemmer ofkaaft, wéi deen Direkter bei der Europäescher Kommissioun gouf.

1983 goung se iwwer un d'Éditions d'Lëtzebuerger Land, an 1986 un d'Fondation d'Lëtzeburger Land. Enn der 1980er/uganks der 1990er Joren huet déi Participatiounen am Eldoradio an an der Revue geholl.

D'Land kann een, bis op déi puer lescht Nummeren, fräi am Internet liesen, vun Ufank bis 2007 op eluxemburgensia vun der BNL, dono am Archiv op hirem eegene Site.

Zuelen änneren

Oplo änneren

Dem Lëtzebuerger Land seng Oplo läit bei 7.500 Exemplairen, vun deenen enger TNS Ilres-Ëmfro no aus dem Joer 2011, all Nummer ongeféier 14.300 Lieser huet.[1]

Lieserstatistik änneren

2005/2006 hunn, der Statistik vum TNS ILRES PLURIMEDIA no, duerchschnëttlech 2,90 % vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung iwwer 15 Joer bannent enger Woch d'Land gelies. 2006/2007 waren dat der 3,30 %; 2007/2008 2,80 % an 2008/2009 2,90 %.[2] D'Zuele fir 2009/2010 goufen net public gemaach.[3] 2011 waren et 3,40 %[4]

Der TNS-ILRES Plurimedia Etude 2017.I no hunn tëscht Februar 2016 a Februar 2017 (mat Ausnam vun der Summervakanz) an der Moyenne all Woch 13.100 Leit iwwer 15 Joer d'Land gelies (2,7 % vun den Awunner).[5]

81% vun de Lieser si Lëtzebuerger a 65% hunn tëscht 35 a 64 Joer.[Source?]

Pressehëllef a aner Recetten änneren

2011 huet d'Land 274 641 € staatlech Pressehëllef kritt.[6]

2018 koumen d'Recetten zu 32 % aus der Publicitéit, zu 26 % aus den Abonnementer an dem Verkaf an de Kiosken, an zu 32 % aus der staatlecher Pressehëllef.[7]

Format an En-tête änneren

D'Lëtzebuerger Land hat ufanks e Format vun 32 x 46 cm. Den 29. Juni 2012 krut et eng nei Maquette an en neit Format, dat sougenannt Norddäitscht Format vu 56,5 x 40,5 cm, an hat typescherweis 20 Säiten. De 15. Dezember 2023 ass et nees op e méi klengt Format gewiesselt, dat sougenannt Berliner Format, an huet ewell gewéinlech 32 Säiten.[8]

Biller

Chefredakteren änneren

Geranten änneren

D'Mataarbechter vum Land änneren

Redaktioun änneren

Aktuell Zesummesetzung; Stand: Dez. 2019

Fotoen änneren

Karikaturen änneren

Gedréckt gëtt d'Land, zanter et am Juli 2012 d'Format vum ale Luxemburger Wort iwwerholl huet, an der Dréckerei vu Saint-Paul Luxembourg. Virdru war dat an der Imprimerie Centrale s.a..

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Imprimerie Centrale: Presentatioun vum Lëtzebuerger Land (gekuckt den 2. Juli 2012)
  2. Rapport d'activité 2009 vum Staatsministère, S.25.
  3. R. Hilgert: "Die Krise ist angekommen." d'Lëtzebuerger Land Nr.39, 1.Oktober 2010, S.5.
  4. Ministère d'Etat: Rapport d'activités 2011, S.22.
  5. Pressecommuniqué vun TNS ILRES op paperjam.lu.
  6. Rapport d'activités 2011 vum Staatsministère S. 20-21.
  7. Romain Hilgert (rh), In eigener Sache. d'Lëtzebuerger Land Nr. 24 vum 24. Juni 2019, S. 4.
  8. Peter Feist: "Wir ändern wieder was." d'Lëtzebuerger Land 17.11.2023, S.7.
  9. 9,0 9,1 Führungswechsel beim "Lëtzebuerger Land" op wort.lu den 12. Abrëll 2019
  10. Josée Hansen verléisst d'Wochenzeitung "Lëtzebuerger Land". rtl.lu (07.07.2020). Gekuckt de(n) 07.07.2020.
  11. Peter Feist neuer d'Lëtzebuerger Land-Chefredakteur. wort.lu (24.07.2020). Gekuckt de(n) 01.08.2020.