De Projet vun enger Gare zu Zéisseng gouf am Mee 2009 virgestallt. Et huet sech dobäi ëm eng nei Gare an der Peripherie vun der Stad Lëtzebuerg gehandelt, duerch déi d'Eisebunnsstreck Péiteng - Lëtzebuerg an d'Streck Lëtzebuerg - Arel lafe sollten.

Domat wier et méiglech, datt d'Zich op der Streck Bréissel-Lëtzebuerg-Stroossbuerg, déi bis 2015/2016 ausgebaut soll ginn, riicht duerchfuere kéinten, ouni an der Stater Gare de Kapp ze wiesselen. Och den Uschloss un d'TGV-Netz a Frankräich wier domat verbessert.

De Projet vun der Gare ass am Kader vum Konzept Mobil 2020 entstanen. D'Pläng vum Gebai si vun der Architektentequipe Paczowski et Fritsch Architectes, déi en internationale Concours gewonnen haten.

4 Quaien an 9 Gleiser sollen an der Gare, 8 Meter iwwer dem Buedem, amenagéiert ginn. D'Entrée ass an enger gliesener Hal um Rez-de-chaussée, duerch déi mat Lifter d'Quaien z'erreeche sinn.

De Budget fir d'Baukäschte gouf 2009 op 150 Milliounen Euro chiffréiert.

An de Joren duerno goung ëmmer manner vum Projet rieds.

Am Juni 2023 goufe Pläng vun enger neier Hollerecher Gare virgestallt, déi de Projet vun der Gare Zéisseng annuléieren zum Deel ofléise soll.[1]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Frank Weyrich: "Ein neuer Bahnhof für Hollerich." wort.lu [w+], 29.06.2023.