Sam Tanson

lëtzebuergesch Politikerin

D'Sam(antha) Tanson, gebuer de 4. Abrëll 1977[1], ass eng lëtzebuergesch Affekotin a Politikerin.

Sam Tanson
Gebuer 4. Abrëll 1977
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit Panthéon-Sorbonne,
Institut d'études politiques de Paris
Aktivitéit Politiker, Affekot, Journalist
Partei déi gréng

Karriär änneren

D'Sam Tanson huet zu Paräis op der Sorbonne eng Maîtrise an Droit gemaach an um Institut d'études politiques en Diplom[1].

Si war Mataarbechterin am Lëtzebuerger Land a vun 2002 bis 2005 Journalistin bei Radio Lëtzebuerg. 2005 huet si sech um Barreau als Affekotin ageschriwwen[1].

D'Sam Tanson war virun 2009 ee vun den zwee Porte-parolë vun déi jonk gréng; vun November 2009 bis 2010 war si Porte-parole vun Déi Gréng (zesumme mam Christian Goebel) a gouf du Presidentin vun där Partei. Ausserdeem ass si Vizepresidentin vun der Grénger Stëftung (mam Claude Turmes).

Lokalpolitik änneren

Si war vun 2011 bis 2018 am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg, dovun vun 2013 bis 2017 als Éischt Schäffin, responsabel fir Finanzen a Mobilitéit[2].

Landespolitik änneren

De 7. Juni 2015 gouf si zum Member vum Staatsrot ernannt wou si d'Agnès Rausch ersat huet[3]. De 14. Abrëll 2018 ass si nees vun där Funktioun zeréckgetrueden, fir hire Parteikolleeg Claude Adam an der Chamber z'ersetzen, deen do opgehalen huet[4].

Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 gouf si an d'Chamber erëmgewielt[5]. Si huet awer op hiert Mandat verzicht, fir de 5. Dezember 2018 Ministesch fir Logement a Kultur an der Regierung Bettel-Schneider-Braz ze ginn.

Am September 2019 huet si zousätzlech, temporär de Ressort vum Justizministère vum Félix Braz iwwerholl, deen aus gesondheetlech Grënn seng ministeriell Aufgaben net méi erfëlle konnt[6],[7]. Si huet déi Funktioun den 11. Oktober 2019 definitiv iwwerholl an de Ressort vum Wunnengsbau un den Henri Kox ofginn[8].

Hiert Ministeschmandat goung de 17. November 2023 op en Enn, si ass zanterhier Deputéiert an der Chamber, wuer si bei de Wale vum 8. Oktober gewielt gi war.

Um Spaweck änneren

Commons: Sam Tanson – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 CV op vdl.lu, de Site vun der Stater Gemeng (gekuckt 2014-01-24).
  2. "Neue Finanzschöffin Tanson: "Wir haben viel vor." wort.lu, Verëffentlecht de 15.01.2014 07:30.
  3. "D'Lëscht vun de Membere vum Staatsrot" op conseil-etat.public.lu
  4. "Sam Tanson ersetzt Claude Adam." rtl.lu, 20.03.2018, 20:09:57.
  5. elections.lu
  6. Félix Braz net méi a Liewensgefor, Sam Tanson iwwerhëlt temporär Justizministère op rtl.lu de 6. September 2019
  7. Privisoresch Attributioun (Arrêté grand-ducal du 6 septembre 2019 portant attribution à titre temporaire du Ministère de la Justice). legilux.public.lu (06.09.2019). Gekuckt de(n) 24.07.2020.
  8. Arrêté grand-ducal du 11 octobre 2019 portant attribution des compétences ministérielles aux membres du Gouvernement. legilux.public.lu (11.10.2019). Gekuckt de(n) 24.07.2020.