Ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg

Dësen Transportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg gëtt vu verschiddenen ëffentlechen Instanzen organiséiert:

Zanter dem 29. Februar 2020[1] ass d'Fuere mam ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg gratis.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Gratis ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg.
.

Zuelen änneren

D'Exploitatioun vum ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg kascht ronn 540 Milliounen Euro d'Joer (dovu waren der virum Gratis-Maachen 41 Milliounen duerch de Verkaf vun Tickete gedeckt)[2].

2019 si ronn 45 Millioune Passagéier zu Lëtzebuerg mam Bus, Zuch oder mam Tram gefuer[2].

2020 war e besonnescht Joer, well Enn Februar den ëffentlechen Transport gratis gouf, ma och, well praktesch zäitgläich d'COVID-19-Pandemie ausgebrach ass, mat hire Konsequenzen a Restriktiounen (Lockdown, Teletravail,...). Fir den Tram huet dat bedeit, datt d'Passagéierzuel vun enger Moyenne vun 31.000 Passagéier pro Dag wiertes, op just 1.400 am Mäerz erofgaangen ass, fir dann awer nees no an no op 38.000 ze klammen. Den Zuchverkéier war wärend dem Lockdown staark reduzéiert, vu Juni u gouf d'Zuel vun den Zich awer nees normalisiéert. Um Enn vum Joer 2020 louch d'Zuel vun den Zuchpassagéier awer nach 39% ënner där vu virun engem Joer.[3]

Am ganze Secteur vum ëffentlechen Transport schaffe ronn 6.000 Leit: Beim CFL sinn et der eng 5.000, dovun 3.500 am Voyageursberäich, de Rescht an der Logistik; bei Luxtram schaffen 145 Leit (wou nach 40 nei Tramschauffere bäikommen); an am Busservice schaffen ongeféier 2.900 Persounen[2].

Biller änneren

Referenzen änneren

  1. D'Gratuitéit gouf ëmmer op den 1. Mäerz 2020 ugekënnegt, se gëllt awer de facto scho vum 29. Februar un (Artikel 13 aus dem Règlement ministériel du 6 février 2020...)
  2. 2,0 2,1 2,2 Annick Goerens: "Ronn 45 Millioune Passagéier d'Joer an d'Tendenz klëmmt." rtl.lu, 25.02.2020.
  3. "1 Joer Gratis ëffentlechen Transport." rtl.lu, 25.02.2021.