Porte de Hollerich ass den Numm vun engem urbanistesche Projet am Quartier Hollerech, an der Stad Lëtzebuerg.[1]

Op engem Areal vu 40 Hektar tëscht der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Klengbetten am Süden, der Nationalstrooss 56A (Opfaart op d'Escher Autobunn, déi spéiderhin den Numm Avenue du Geesseknäppchen soll kréien) am Norden an der Escher Strooss am Osten, solle vun der Mëtt vun den 2020er Joren u Wunnenge fir ronn 6.000 Leit gebaut ginn.

Laanscht d'Zéissenger Baach an d'Märeler Baach (nom Zesummefloss: Péitruss) soll e Park ugeluecht ginn. Um Haaptstrang duerch de Quartier, eng nei Strooss, déi Boulevard de Hollerich heesche soll, sinn zwou Tramshalte virgesinn. Déi nei Tramslinn déi geplangt ass, soll ëm 2033[2] vun der Stater Gare aus no Westen ofbéien a vun aus duerch en aneren neie Quartier, Nei Hollerech, bis op d'Héicht vum fréiere Gebai vun der Sozialversécherungen op der Escher Strooss féieren. An enger méi spéider Etapp, géif d'Linn da queesch duerch de Quartier Porte de Hollerich goen.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Luxtram-Linn Luxexpo - Pôle d'échanges West.

Och eng Grondschoul a Geschäfter sollen an deen neie Quartier kommen.

Geschicht änneren

De Plan directeur fir d' Porte de Hollerich ass a senger initialer Versioun de 15. Oktober 2009 vum Stater Schäfferot ugeholl ginn. Iwwerschafft Pläng goufen duerno, den 21. November 2014 an den 29. Abrëll 2016 approuvéiert.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Quell, wou net anescht uginn: David Thinnes: "'Portes [sic] de Hollerich': So sieht das zukünftige Hollericher Ökoviertel aus." wort.lu [w+], 26.11.2027.
  2. PROJET DE LOI portant sur la construction des extensions de la ligne de tramway à Luxembourg entre les stations Rout Bréck-Pafendall et Laangfur au Kirchberg et entre les stations Gare Centrale et Hollerich, S. 2