Leideleng
Leideleng ass eng lëtzebuergesch Uertschaft a Sëtz vun der Gemeng mat deem selwechten Numm. Leideleng gëtt vun den Awunner op Lëtzebuergesch "Lëdeleng" genannt.
Leideleng | |
---|---|
D'Gemengenhaus | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Leudelange de: Leudelingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Esch-Uelzecht |
Gemeng | Leideleng |
Buergermeeschter | Lou Linster |
Awunner | 2.766 |
1. Januar 2023 | |
Koordinaten |
49° 33’ 59’’ N 6° 3’ 53’’ O |
Geschicht
ännerenDëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Fir d'éischt gëtt Leideleng am Joer 786 als Lullingas ernimmt. Aner Variante sinn 1096: Luolinga, 1128: Ludelinga, 1145: Ludelinga an 1222: Lullingen[1].
Geographie
änneren- Duerfzentrum: 324 Meter NN, d'Leidelenger Kierch
Verschiddenes
ännerenE Leidelenger Erfinder war de Jean Entenich[2].
Um 20 Frang Schäin vun 1930[3] gesäit een e Bauer, dee säi Land plout. De Leidelenger Bauer op dem Bild ass de Léopold Michels op sengem Aker an der Géigend vum Schléiwenhaff[4] Den Zeecheprofesser Pierre Blanc hat dëst Bild vun enger Foto ofgezeechent an d'Landschaft am Hannergrond verännert. Déi ursprénglech Foto gouf et och als Postkaart.
Neie Waassertuerm
ännerenMat enger Héicht vun 58 m ass d'Gebai mam neie Waassertuerm, dat tëscht der Escher Autobunn an der Leidelenger Aktivitéitszon "am Bann" steet, eent vun den zéng héchste Gebaier am Land. Dësen neie Waassertuerm versuergt zesumme mat dem ale Waassertuerm, deen op der selwechter Héicht am „Hueschterterbësch" steet, den Zentrum vu Leideleng (Drockzon 1). Allen zwéin hunn e Volume vu 500 Kubikmeter. De Schléiwenhaff (Drockzon 2) gëtt duerch den ënneschte Behälter mat sengen 900 Kubikmeter Waasser versuergt.
De Projet gouf matfinanzéiert vun der Europäescher Unioun am Kader vum "Fonds Européen de Développement Régional", dem "FEDER".
Ugefaange mat Baue gouf de 14. Juli 2005 a fäerdeg gouf en den 13. Juni 2008[5]. Fir dëse Projet krut den Architektebüro Schemel|Wirtz de Prix luxembourgeois d'architecture 2011.
Biller
änneren-
Vue op de südlechen Deel vu Leideleng. Am Bësch am Hannergrond erkennt een d'Offalltraitementsanlag SIDOR.
-
Villa Eugénie, de Sëtz vun der Administration de la nature et des forêts (arrondissement sud)
-
An der Rue du Lavoir goufen d'Haiser 2019 kënschtleresch opgewäert.
-
Bauerenhaff "Neihaisses" zu Leideleng am Kärtchen
-
Den Haff gouf am Februar 2017 ofgerappt.
-
Den Haff "Funk" vis-à-vis vun der Kierch.
-
Den Haff 3 Deeg nom Brand vum 28. Abrëll 2024.[6]
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Leideleng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Leideleng op der Alemannescher Wikipedia
- ↑ De Jean Entenich op industrie.lu
- ↑ Dëse Schäin war am Gebrauch bis en 1939 duerch eng Mënz ersat gouf.
- ↑ Récksäit vum 20 Frang Schäin
- ↑ Broschür vum neie Waassertuerm
- ↑ Traureg Gewëssheet, Beim Feier zu Leideleng gouf eng Persoun dout gebuergen., rtl.lu 29.4.2024