Eurovision Song Contest 2020

annulléiert 65. Editioun vum europäesche Museksconcours
Eurovision Song Contest 2020
Motto Open Up (Maach op)
Datum 12. bis 16. Mee 2020 (ofgesot)
Gaaschtland Holland
Stad Rotterdam
Gebai Ahoy Arena
Rotterdam Ahoy
Moderatioun Chantal Janzen
Edsilia Rombley
Jan Smit
Nikkie de Jager (online)
Executive Supervisor Jon Ola Sand
Zuel vu Länner 41 (virgesinn)
Nei Participatiounen keng
Participanten déi zeréckkoumen Bulgarien (virgesinn)
Ukrain (virgesinn)
Participatiounen zeréckgezunn Montenegro
Ungarn

De 65. Eurovision Song Contest sollt seng zwou Halleffinallen an d'Finall am Mee 2020 zu Rotterdam an Holland, dem Gewënnerland vum Eurovision Song Contest 2019 hunn. Den 18. Mäerz 2020 hunn d'Organisateure bekannt ginn datt d'Evenement wéinst der COVID-19-Pandemie ofgeblose gouf.[1]

Als offiziell Ersatzsendung fir déi ofgesot Veranstaltungen a fir déi schonn ausgewielt 41 Lidder ze honoréieren, gouf de 16. Mee 2020 zu Hilversum d'Sendung Eurovision: Europe Shine a Light ouni Publikum ofgehalen. Eenzel Länner hate sech och dozou entscheet fir eng eegen Ersatzsendung mat Ofstëmmungen ofzehalen, déi dann am jeeweilege Land organiséiert goufen. Wärend dësen Ersatzsendunge gouf och ugekënnegt, datt den Eurovision Song Contest 2021 nees zu Rotterdam ofgehale gi soll.[2]

Halleffinallen änneren

 
██ Länner an der éischter Halleffinal ██ Prequalifizéiert fir d'Finall, a walberechtegt an der éischter Halleffinall ██ Länner an der zweeter Halleffinal ██ Prequalifizéiert fir d'Finall, a walberechtegt an der zweeter Halleffinall

1. Halleffinall änneren

Déi éischt Halleffinall déi den 12. Mee 2020 sollt sinn gouf annulléiert.

Startnr. Land Interpret Titel
01   Schweden The Mamas Move
02   Wäissrussland VAL Da vidna
03   Australien Montaigne Don't Break Me
04   Nordmazedonien Vasil You
05   Slowenien Ana Soklič Voda
06   Litauen The Roop On Fire
07   Irland Lesley Roy Story of My Life
08   Russland Little Big Uno
09   Belsch Hooverphonic Release Me
10   Malta Destiny All of My Love
11   Kroatien Damir Kedžo Divlji vjetre
12   Aserbaidjan Efendi Cleopatra
13   Zypern Sandro Running
14   Norwegen Ulrikke Attention
15   Israel Eden Alene Feker libi
16   Rumänien Roxen Alcohol You
17   Ukrain Go A Solovey

2. Halleffinall änneren

Déi zweet Halleffinall déi de 14. Mee 2020 sollt sinn gouf annulléiert.

Startnr. Land Interpret Titel
01   Griicheland Stefania Supergirl
02   Estland Uku Suviste What Love Is
03   Éisträich Vincent Bueno Alive
04   Moldawien Natalia Gordienko Prison
05   San Marino Senhit Freaky!
06   Tschechesch Republik Benny Cristo Kemama
07   Serbien Hurricane Hasta la vista
08   Polen Alicja Empires
09   Island Daði og Gagnamagnið Think About Things
10 CHE  Schwäiz Gjon's Tears Répondez-moi
11   Dänemark Ben & Tan Yes
12   Albanien Arilena Ara Fall from the Sky
13   Finnland Aksel Looking Back
14   Armenien Athena Manoukian Chains On You
15   Portugal Elisa Medo de sentir
16   Georgien Tornike Kipani Take Me As I Am
17   Bulgarien Victoria Tears Getting Sober
18   Lettland Samanta Tīna Still Breathing

Finall änneren

D'Finall sollt de 16. Mee 2020 sinn (annulléiert). Déi 26 Länner an der Finall sollte sinn:

  • Déi "Grouss 5" (Big-5) Frankräich, Däitschland, Spuenien, Italien a Groussbritannien
  • D'Gaaschtland
  • Déi bescht 10 Länner aus der éischter Halleffinall
  • Déi bescht 10 Länner aus der zweeter Halleffinall

Am Fall vu Punktgläichheet hätt dee mat der héchster Eenzelwäertung gewonnen. Ofstëmmungsberechtegt bei der Finall sollten all Länner sinn déi matgemaach hunn.

Startnr. Land Interpret Titel
23   Holland Jeangu Macrooy Grow
  Däitschland Ben Dolic Violent Thing
  Frankräich Tom Leeb Mon Alliée (The Best in Me)
  Italien Diodato Fai rumore
  Spuenien Blas Cantó Universo
  Vereenegt Kinnekräich James Newman My Last Breath

Um Spaweck änneren

Commons: Eurovision Song Contest 2020 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Tel Aviv (Israel)   Rotterdam (Holland)
ESC 2019 Eurovision Song Contest ESC 2021

Referenzen änneren

  1. Eurovision 2020 in Rotterdam is cancelled
  2. Rotterdam returns as Eurovision Song Contest Host City in 2021