Eurovision Song Contest 1984
29. Eurovision Song Contest | |
---|---|
Datum | 5. Mee 1984 |
Stad | Lëtzebuerg (Lëtzebuerg) |
Gebai | Théâtre Municipal zu Lëtzebuerg |
Gewënner | Herrey's (Schweden) |
Zuel vu Länner | 19 |
Nei Participatiounen | Keng |
Moderatioun | Désirée Nosbusch |
Interval Act | The Prague Theatre of Illuminated Drawings |
Ofstëmmungsreegel | An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. |
Den 29. Eurovision Song Contest war de 5. Mee 1984 zu Lëtzebuerg. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am Théâtre municipal Luxembourg zu Lëtzebuerg. Presantatrice war d'Désirée Nosbusch, déi deemools eréischt 19 Joer al war an domat bis haut déi jéngst Presentatrice ass déi jeemools e Grand Prix moderéiert huet.
Am Ganzen hunn 19 Länner matgemaach. Malta, Monaco, Israel an Griicheland waren net dobäi.
Verschidde Sänger ware scho virdru mol eng Kéier dobäi, d'Mary Roos fir Däitschland 1972 an d'Izolda Barudžija fir Jugoslawien 1982 (Deel vun Aska).
D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass d'selwecht bliwwe wéi déi Jore virdrun: An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Lëtzebuerg matgedeelt ginn.
Déi éischt Plaz kruten d'Vertrieder vu Schweden, d'Herrey's, mat 8 Punkte Virsprong virum Linda Martin (Irland). Déi drëtt Plaz krut d'Grupp Bravo, déi fir Spuenien ugetruede war.
Fir Schweden war et déi zweet Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat. Den Titel vum Lidd Diggi-loo, diggi-ley war am Fong nëmmen e provisoreschen Aarbechtstitel, soulaang nach keen Text fir d'Kompositioun existéiert huet. Duerch en Irrtum ass d'Lidd awer ënner dem Aarbechtstitel agereecht ginn. Et war fir d'éischt datt e Lidd op Schweedesch gewonnen hat, well d'Lidd Waterloo vun ABBA, dat éischt schweedescht Gewënnerlidd, op Englesch gesonge gi war.
Klassement
ännerenPlaz | Land | Interpret | Titel | Punkten |
---|---|---|---|---|
1. | Schweden | Herrey's | Diggi-loo, diggi-ley | 145 |
2. | Irland | Linda Martin | Terminal 3 | 137 |
3. | Spuenien | Bravo | Lady, Lady | 106 |
4. | Dänemark | Hot Eyes | Det' lige det | 101 |
5. | Belsch | Jacques Zegers | Avanti la vie | 70 |
5. | Italien | Alice a Battiato | I treni di Tozeur | 70 |
7. | Groussbritannien | Belle and the Devotions | Love Games | 63 |
8. | Frankräich | Annick Thoumazeau | Autant d'amoureux que d'étoiles | 61 |
9. | Finnland | Kirka | Hengaillaan | 46 |
10. | Lëtzebuerg | Sophie Carle | 100% d'amour | 39 |
11. | Portugal | Maria Guinot | Silêncio e tanta gente | 38 |
12. | Tierkei | Beş Yıl Önce, On Yıl Sonra | Halay | 37 |
13. | Holland | Maribelle | Ik hou van jou | 34 |
13. | Däitschland | Mary Roos | Aufrecht geh'n | 34 |
15. | Zypern | Andy Paul | Anna Maria Lena | 31 |
16. | Schwäiz | Rainy Day | Welche Farbe hat der Sonnenschein? | 30 |
17. | Norwegen | Dollie de Luxe | Lenge leve livet | 29 |
18. | Jugoslawien | Vlado an Izolda | Ćao amore | 26 |
19. | Éisträich | Anita | Einfach weg | 5 |
Um Spaweck
ännerenCommons: Eurovision Song Contest 1984 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
München (Däitschland) | Göteborg (Schweden) | |
---|---|---|
ESC 1983 | Eurovision Song Contest | ESC 1985 |