De Libanon, offiziell d'Republik Libanon, ass e Staat am Nohen Osten. E grenzt u Syrien am Norden an am Osten an un Israel am Süden. Zypern läit westlech am Mëttelmier. Dem Land seng strateegesch Lag op der Kräizung vum Mëttelmier an dem arabeschen Hannerland huet zu senger räicher Geschicht bäigedroen an trotz reliéiser an ethnescher Differenz eng kulturell Identitéit ervirbruecht. Mat nëmmen 10.452 Quadratkilometer (ongeféier véier Mol sou grouss wéi Lëtzebuerg) ass et dat klengst international unerkannt Land um asiatesche Kontinent.

الجمهورية اللبنانية
al-Dschumhūriyya al-lubnāniyya
Republik Libanon

Fändel vum Libanon

Wope vum Libanon

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Arabesch
Haaptstad: Beirut
Staatsform: Republik
 • President: Michel Aoun
 • Premierminister: Najib Mikati
Fläch: 10.452 km² (166.)
 • Dovu Waasser: 1,8 %
Bevëlkerung: 6.184.701 (112.)
 • Bevëlkerungsdicht: 560/km²
Onofhängegkeet: 22. November 1943 (erkläert)
24. Oktober 1945 (Enn vum Mandat)
31. Dezember 1946 (Réckzuch vun de frans. Truppen)
Nationalhymn: Kulluna lil-watan ("Alleguer, fir d'Heemechtsland")
Wärung: Libaneesescht Pond
Zäitzon: UTC +2
Internet TLD: .lb
Internationalen
Telefonsprefix
:
+961

Déi éischt Zeie vun enger Zivilisatioun am Libanon si méi wéi 7000 Joer al. De Libanon war d'Heemecht vun de Kanaaniter/Phenizier an hire Kinnekräicher, enger maritimer Kultur, déi sech iwwer 1000 Joer konnt halen (ca. 1550-539 virun eiser Zäitrechnung). 64 virun eiser Zäitrechnung ass d'Regioun ënner d'Kontroll vum réimesche Räich gefall a spéider e vun de wichtegsten Zentre vun der chrëschtlecher Relioun am Réimerräich ginn. An der Biergkette vum Libanon (Mont Liban) ass eng d'maronitesch Kierch gegrënnt ginn. Wéi d'arabesch Moslemen d'Regioun eruewert hunn, hunn d'Maroniten un hirer Relioun an Identitéit festgehalen. Donieft huet sech awer am Mont Liban och nach eng aner reliéis Grupp entwéckelt, d'Drusen. Wärend de Kräizzich hunn d'Maroniten de Kontakt mat der kathoulescher Kierch retabléiert an hir Bindung zu Roum erkläert, wat en direkten Afloss op d'Regioun hat. Schlussendlech ass d'Regioun tëscht 1516 an 1918 vum Osmanesche Räich regéiert ginn.

Nom Zesummefall vun osmanesche Räich nom éischte Weltkrich sinn déi fënnef Provënzen, déi den haitege Libanon sinn, 1918 zum franséische Mandat ginn. D'Fransousen hunn d'Grenze vun deem historesche Gouvernorat vum Mont Liban, an deem haaptsächlech Chrëschten an Druse gewunnt hunn, erweidert fir méi Moslemen anzebegräifen. 1943 huet de Libanon seng Onofhängegkeet erkläert an de "Konfessionalismus" etabléiert, eng eenzegaarteg Form vu Konkordanzdemokratie an där d'Muecht am Land tëscht deene verschiddene reliéise Communautéiten opgedeelt gëtt. All auslännesch Truppen hu sech bis zum 31. Dezember 1946 aus dem Libanon zeréckgezunn. Zënter 1973 ass de Libanon Member vun der Organisation internationale de la francophonie.

Trotz senger gerénger Gréisst huet d'Land eng bekannt Kultur an e groussen Afloss an der arabescher Welt entwéckelt. Virum libaneesesche Biergerkrich (1975-1990) huet de Libanon eng relativ roueg Period mat Wuelstand kannt, déi vun Tourismus, Landwirtschaft, Handel an der Bankeplaz gedriwwe gi war. Wéinst senger finanzieller Muecht an Diversitéit wärend senge beschten Zäiten ass de Libanon an den 1960 dacks d'"Schwäiz vum Osten" genannt ginn, an d'Haaptstad Beirut huet souvill Touristen ugezunn, datt se de Spëtznumm "Paräis vum Nohen Oste" krut. Nom Krich si wäitleefeg Efforte gemaach ginn, fir d'Wirtschaft nees op d'Been ze setzen an déi national Infrastruktur erëm opzebauen. Trotz all deenen Problemer huet de Libanon den héchsten Human Development Index an dat héchst Pro-Kapp-Akommes an der arabescher Welt ausserhalb vun de Pëtrolstaaten am persesche Golf.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Lebanon – Biller, Videoen oder Audiodateien