Wäissrussland

Land an Osteuropa
Qsicon Achtung.svg 00De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en nees op de leschte Stand ze bréngen.
EU Insignia.svg Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Рэспубліка Беларусь
Respublika Belarus

Wäissrussesche Fändel

Wäissrussescht Wopen

Detailer

Detailer
Europe location BLR.png
Offiziell Sprooch: Wäissrussesch, Russesch
Haaptstad: Minsk
Staatsform: Republik
 • President: Aljaksandr Lukaschenka
 • Premierminister: Raman Haloutschenka
Fläch: 207 600 km²
Bevëlkerung: 9 255 524[1]
 • Bevëlkerungsdicht: 47,3/km²
Onofhängegkeet: vun der Sowjetunioun
25. August 1991
Nationalfeierdag: 3. Juli
Nationalhymn: My, belarussy (Мы, беларусы)
Wärung: wäissrussesche Rubel (BYN)
Zäitzon: UTC +3
Internet TLD: .by
Internationalen
Telefonsprefix
:
+375

Wäissrussland ass eng onofhängeg Republik an Osteuropa. Wäissrussland grenzt am Nordwesten u Litauen a Lettland, am Osten u Russland, am Süden un d'Ukrain an am Westen u Polen. D'Haaptstad ass Minsk.

D'Sozialistesch Sowjetrepublik Wäissrussland huet de 27. Juli 1990 hir Souveränitéit deklaréiert an de 25. August 1991 d'Onofhängegkeet erkläert. Nodeem sech d'Sowjetunioun am Dezember 1991 opgeléist huet, ass Wäissrussland dunn och faktesch en onofhängege Staat ginn. Nationalfeierdag ass den Dag vun der Souveränitéitserklärung, de 27. Juli.

Den Aljaksandr Lukaschenka, dee schonn zanter 1994 President ass, huet mat sengem autoritaire Regierungstil d'Land am Laf vun der Zäit ëmmer méi an d'international Isolatioun gefouert. Massiv Kritik[2] un de sëllege Mënscherechtsverletzungen an de Virworf Walen ze manipuléiere komme virop aus dem Westen, der EU an dem Europarot, den USA a vun netstaatlechen Organisatioune wéi Amnesty International.[3] Zanter dem 10. Abrëll 2006 däerf de Lukaschenka kee Fouss méi an d'Europäesch Unioun setzen.[4]

D'Verhältnes zu anere fréiere Sowjetrepubliken ass méi ambivalent. Mä och de Versteesdemech mam Noper Russland ass zanter den energiepoliteschen Differenze vun 2007 ferm strapazéiert.

ËmweltkatastrophÄnneren

De Reakteraccident vum 26. Abrëll 1986 zu Tschernobyl ass nëmmen eng 10 km südlech vun der wäissrussescher Grenz, an der haiteger Ukrain, geschitt. Ronn 70% vum Fallout sinn deemools iwwer wäissrusseschem Territoire niddergaangen an hu grouss Deeler vum Land verstraalt.

Um SpaweckÄnneren

Commons: Wäissrussland – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an NottenÄnneren

  1. Geschat Bevëlkerung 2022
  2. Iwwerbléck op diploweb.com: « La Biélorussie, dernière "dictature" d'Europe »,‎ (consulté en 13. august 2007) (web.archive.org)
  3. Amnesty International Report 2007 (web.archive.org)
  4. Artikel an der däitscher FAZ (10. Abrëll 2006) (web.archive.org)