Portugisesch

romanesch Sprooch

Portugisesch, op Portugisesch "Português", ass eng Sprooch aus dem romaneschen Deel vun der indogermanescher Sproochfamill.

Portugisesch zu Lëtzebuerg änneren

 
Porto fir d'Affekoten vum Josy Braun a senger portugisescher Iwwersetzung

Portugisesch gëtt zu Lëtzebuerg vu 15% vun der Populatioun geschwat a wäert mëttlerweil déi drëtt Ëmgangssprooch no Lëtzebuergesch a Franséisch sinn. Et gëtt do dann och eng sëllege portugisesch Medien.

De fréiere Radiosjournalist Félix Braz huet 1990 an 1991 déi éischt deeglech Radiosendung op Portugisesch bei RTL geschwat.

Spezifesch Dictionnairen existéieren zanter dem Jul Christophory sengem Portugisesch-Lëtzebuergeschen Dictionnaire aus dem Joer 1980 (cf. Literatur).

Porto fir d'Affekoten ass e lëtzebuergesche Krimi vum Josy Braun aus dem Joer 1997, deen 2007 op Portugisesch iwwersat gouf an ënner dem Titel Um porto para os advogados vum Verlag Campo das letras vu Porto erausbruecht gouf.

Portugisesch an der Welt änneren

D'portugisesch Sprooch, d'Mammesprooch vun enger 210 Millioune Mënschen, ass eng offiziell Sprooch a follgende Länner, Territoiren a Vereenegungen:

 
Kaart vun der Portugisescher Sprooch op der Welt. Donkelblo: Mammesprooch. Blo: offiziell an administrativ Sprooch. Hellblo: Kultur- oder Zweetsprooch.

Europa änneren

Afrika änneren

Südamerika änneren

Asien änneren

International Vereenegungen änneren

Follgend Vereenegungen ziele portugisesch zu hiren offzielle Sproochen:

Portugisesch ass an der Welt déi drëtt heefegst geschwaten europäesch Sprooch no Englesch a Spuenesch a viru Franséisch an Däitsch. Portugisesch ass zweet Ëmgangssprooch a follgende Stied: Johannesburg (Südafrika), Newark (New Jersey, USA), Caracas (Venezuela) (Page 2007).

Literatur änneren

  • Anonyme, 1996. Vocabulaire luxembourgeois-portugais. 64 p., ASTI - Association de soutien aux travailleurs immigrés. Rapidpress, Luxembourg.
  • Christophory, Jules (Coord.), 1980. Portugiesesch-Lëtzebuergeschen Dictionnaire / Dictionnaire portugais-luxembourgeois / Dicionário português-luxemburguês. Ministère de l'Education nationale. 204 p. Ed. 79, Luxembourg. (weider Oploe 2002 an 2003)
  • Dupont, Jackie & Patty Geisen, 2008. Basic Lëtzebuergesch: Basiswuertschatz: 1500 Wierder fir den Alldag thematesch opgebaut. 62 S. Rapidpress, Bertrange. (2. Oplo Juni 2008)
  • Page, Martin, 2007. The first global village / How Portugal Changed the World. 9. Oplo. Casa das lettras, Cruz Quebrada, Portugal. 277 p.
  • Zimmer, Jacqui, 1993. 6000 Wierder op Lëtzebuergesch: français, deutsch, english, español, português. Éd. Saint-Paul, Luxembourg.

Um Spaweck änneren

Commons: Portugisesch – Biller, Videoen oder Audiodateien