Nordmazedonien
Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Republik Nordmazedonien[1], (respektiv op Mazedonesch: Република Северна Македонија/Republika Severna Makedonija, an op Albanesch: Republika e Maqedonisë së Veriut), bis de Februar 2019 just Republik Mazedonien (cyrl: Република Македонија) oder FYROM (engl. Former Yugoslavian Republic of Macedonia) ass eng Republik a Südosteuropa, déi un de Kosovo, u Serbien, u Bulgarien, un Albanien an u Griicheland grenzt.
Република Северна Македонија Republika Severna Makedonija Republika e Maqedonisë së Veriut | |||||
| |||||
Offiziell Sprooch: | Mazedonesch, Albanesch | ||||
Haaptstad: | Skopje | ||||
Staatsform: | Republik | ||||
• Presidentin: | Gordana Siljanovska-Davkova | ||||
• Premierminister: | Hristijan Mickoski | ||||
Fläch: | 25.713 km² | ||||
Bevëlkerung: | 1.832.696 (2021) | ||||
• Bevëlkerungsdicht: | 82/km² | ||||
Onofhängegkeet: | vu Jugoslawien, den 8. September 1991 | ||||
Nationalfeierdag: | 2. August (Ilinden-Opstand vun 1903) an 8. September | ||||
Nationalhymn: | Denes nad Makedonija | ||||
Wärung: | Denar (MKD) | ||||
Zäitzon: | UTC +1 (+2 am Summer) | ||||
Internet TLD: | .mk | ||||
Internationalen Telefonsprefix: |
+389 |
Nordmazedonien, dat en Deelstaat vum fréiere Jugoslawien war, ass zanter 1991 en onofhängege Staat.
D'Haaptstad vun Nordmazedonien ass Skopje, a mat ronn 500.000 Awunner och déi gréisst Stad an der Republik.
Zanter 2005 ass d'Land e Bäitrëttskandidat vun der Europäescher Union (EU) an et ass zënter 2020 Member vun der NATO. Nordmazedonien ass eent vun den äermste Länner vun Europa, mat engem héijen Niveau vu Chômage a mat enger relativ schappeger Infrastruktur. D'Land gouf wéinst engem jorelaange Sträitfall mat Griicheland iwwer säin Numm bekannt. De Grond war, datt et a Griicheland och eng Regioun mat deem Numm gëtt (Makedonien oder Μακεδονία). Dowéinst gouf vun en ettleche Säite behaapt, et hätt d'"exklusiivt Recht" fir dësen Numm. Den 12. Juni 2018 hunn déi mazedonesch an déi griichesch Regierung en Accord fonnt, d'Land "Nordmazedonien" ze nennen. Déi zwee Parlamenter hunn am Januar 2019 mat allkéiers knappser Majoritéit déi Ännerung ratifizéiert.
Nieft Mazedonier (orthodox-chrëschtlech Slawen), ronn 64 % vun der Populatioun, gëtt et eng grouss Minoritéit vun (islameschen) Albaner (25 %) a soss méi kleng Minoritéite vun Tierken (3,85 %), Roma (2,66 %), Serben (1,78 %), Bosniaken (0,84 %) an Aromunen/Meglenorumänen (0,48 %). Dowéinst gouf a gëtt et ëmmer nees ethnesch motivéiert Konflikter, virun allem tëscht Mazedonier an Albaner. Zanter de biergerkrichsänlechen Zoustänn 2001 huet sech, nodeems e Friddenstraité ënnerschriwwe gouf, d'Situatioun däitlech verbessert.
Nordmazedonien huet e groussen Naturräichtum an ass am Gaang, eng beléift Touristdestinatioun ze ginn.
Geschicht
ännerenDëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Geographie
ännerenDëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Déi zéng gréisst Stied mat hiren Awunnerzuelen:
1. Skopje (505.400)
2. Kumanovo (73.360)
3. Bitola (71.890)
4. Prilep (64.830)
5. Tetovo (56.080)
6. Štip (44.510)
7. Veles (43.140)
8. Ohrid (38.900)
9. Gostivar (37.030)
10. Strumica (36.920)
Politik
ännerenDëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Um Spaweck
ännerenCommons: Nordmazedonien – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Regierung vun Nordmazedonien (mk)(en)(sq)