Vereenegt Kinnekräich

Staat a Westeuropa
(Virugeleet vu(n) Groussbritannien)


D'Vereenegt Kinnekräich vu Groussbritannien an Nordirland (englesch: United Kingdom of Great Britain and Northern Ireland), op Lëtzebuergesch dacks mat Groussbritannien ofgekierzt, ass e souveräne Staat op den am Nordweste vun Europa geleeëne britteschen Inselen.

United Kingdom of Great Britain and Northern Ireland

Union Jack

Wope vum Vereenegte Kinnekräich vu Groussbritannien an Nordirland

Detailer

Detailer
National Devise: Dieu et mon droit
(Devise vun der Monarchie)
Offiziell Sprooch: Englesch (de facto)
Haaptstad: London
Staatsform: Konstitutionell Monarchie
 • Kinnek: Charles III.
 • Premierminister: Rishi Sunak
Fläch: 242.500[1] km²
 • Dovu Waasser: 1,3 %
Bevëlkerung: 67.026.000[2]
 • Bevëlkerungsdicht: 276/km²
Nationalfeierdag: 2. Samschdeg am Juni
(Gebuertsdag vun der Kinnigin)
Nationalhymn: God Save the King
Wärung: Pond Sterling (£, GBP)
Zäitzon: UTC +0
Internet TLD: .uk, .gb (net am Gebrauch)
Internationalen
Telefonsprefix
:
+44

D'Vereenegt Kinnekräich war mat senge ronn 67 Milliounen Awunner[2] vun 1973 bis den 31. Januar 2020 Member vun der Europäescher Unioun (EU). Den 23. Juni 2016 hate si sech an engem Referendum fir en Austrëtt aus der EU ausgeschwat (de sougenannte Brexit).

D'Kinnekräich ass e G7-Staat a Grënnungsmember vun der NATO an de Vereenten Natiounen. Als Atommuecht huet et e permanente Sëtz am Sécherheetsrot.

Geographesch Opdeelung

änneren

Zum Vereenegt Kinnekräich gehéieren d'Insel Groussbritannien, den nordëstleche Wupp vun der irescher Insel an eng sëllege méi kleng Inselen. Den haitege Staat ass eng politesch Unioun tëscht de véier Deelstaaten England, Wales, Schottland (allen dräi op der Insel Groussbritannien) an Nordirland (Insel Irland). D'Grenz tëscht Nordirland an der Republik Irland ass déi eenzeg Staatsgrenz iwwer Land. Natierlech Grenze maachen den Atlanteschen Ozean, d'Irescht Mier, d'Nordmier an den Äermelkanal (Manche). D'Insel Groussbritannien ass mam Tunnel ënner der Manche mat Frankräich verbonnen.

Insel Deelstaat Haaptstad Fläch
(km²)
Awunner[2]
(Mëtt 2021)
Densitéit (Aw./km²)
Insel Groussbritannien   England London 130.278[3] 56.536.000 434
  Schottland (inkl. Hebriden, Orkney a Shetlandinselen) Edinburgh 77.925[4] 5.480.000 70
  Wales Cardiff 20.735[5] 3.105.000 150
Groussbritannien 228.938 65.121.000 284
Insel Irland   Nordirland Belfast 13.562[6] 1.905.000 140
  Vereenegt Kinnekräich vu Groussbritannien an Nordirland 242.500 67.026.000 276

Politik

änneren

D'Vereenegt Kinnekräich ass eng parlamentaresch Demokratie a konstitutionell Monarchie. De Regierungssëtz ass zu London, der Haaptstad vum Land. Staatschef ass de Kinnek Charles III. D'Kroundependancen (crown dependency) Insel Man an d'Kanalinselen Jersey a Guernsey si formell am direkte Besëtz vun der brittescher Kroun, gehéieren awer net zum Staat. D'Vereenegt Kinnekräich huet d'Souveränitéit iwwer 14 Iwwerséigebidder, déi meescht dovu si fréier Krounkolonien déi aus ënnerschiddlechen Ursaachen ni onofhängeg gi sinn. Aner Lännereien an Deeler vum fréiere britteschen Imperium sinn haut onofhängeg Staaten oder goufe wéi fir d'lescht 1997 Hong Kong (zanterhier nees chineesesch), un aner Staaten ofginn. Den historeschen Afloss deen d'brittesch Expansiounspolitik op grouss Deeler vun der Welt hat, huet sech an der Kultur a Sprooch vu Länner wéi Kanada, Australien, Neiséiland, Indien, Pakistan, Südafrika, de Vereenegte Staate vun Amerika an aneren, global manner aflossräichen onofhängege Staaten niddergeschloen.

D'Vereenegt Kinnekräich ass bis haut iwwer d'Monarchie a Personalunioun mat 15 souveräne Staaten. Dës sougenannt Commonwealth Realms ("Kinnekräicher vum Commonwealth") si Länner an deenen de brittesche Monarch Kinnek an offiziell Staatschef bliwwen ass. Do donieft huet d'Kinnekräich mam Commonwealth of Nations eng international Institutioun geschaf fir de politesche Kontakt mat – an der Majoritéit – Nofollgerstaate vu fréieren Territoiren aus imperialer Zäit ze halen.

Den offizielle Staatsnumm op Englesch ass United Kingdom of Great Britain and Northern Ireland. D'Britte selwer hunn awer éischter United Kingdom, Britain oder UK am alldeegleche Gebrauch wa se vun hirem Land schwätzen.

Den offizielle Staatsnumm an de Sproochen déi der Europäescher Charta fir Regional- oder Minoritéitssproochen no regional vum Vereenegte Kinnekräich unerkannt gi sinn:

  • Teyrnas Unedig Prydain Fawr a Gogledd Iwerddon (Walisesch)
  • An Rìoghachd Aonaichte na Breatainn Mhòr agus Eirinn a Tuath (Schottesch)
  • Ríocht Aontaithe na Breataine Móire agus Thuaisceart Éireann (Irlännesch)
  • An Rywvaneth Unys a Vreten Veur hag Iwerdhon Glédh (Kornesch)
  • Unitit Kinrick o Great Breetain an Northren Ireland (Scots)

Am Lëtzebuergesche gëtt – grad wéi an enger Rëtsch aner Sproochen – vill vu "Groussbritannien", dacks souguer nach vun "England" geschwat wann d'Vereenegt Kinnekräich gemengt ass. Groussbritannien ass reng geographesch gesi falsch, well et eeben och den offiziellen Numm vun der gréisster vun de britteschen Inselen ass. Zu der Insel Groussbritannie gehéiere just England, Wales a Schottland. Dee véierte Landesdeel, Nordirland läit dogéint op der Insel Irland.

De "Great" am Great Britain kënnt vum franséische Grande Bretagne a markéiert den Ënnerscheed zu der franséischer Bretagne. De laténgeschen Numm Britannia geet op d'keltescht Wuert "Brith" fir faarweg oder fleckeg zeréck.

Beschreiwung

änneren

D'Klima ass ozeanesch mat kille Summeren a mëlle Wanteren. Duerch deen heefege Westwand kënnt vill fiicht Loft iwwer d'Inselen an et reent relativ vill. Bedéngt duerch déi héich Loftfiichtegkeet entsteet dacks Niwwel. D'Klima gëtt staark vum Golfstroum beaflosst.

Vegetatioun

änneren

Fréier gouf et grouss Bëscher, déi awer staark ofgeholzt goufe well d'Land vill Holz gebraucht huet, fir Schëffer ze bauen.

Bevëlkerung

änneren

Nieft den Englänner, Waliser, Schotten an Iren, liewe vill Mënschen aus dem Commonwealth, déi zanter 1950 agewandert sinn, an den Industriegebidder op de britteschen Inselen. Méi wéi en Drëttel vun allen Awunner liewen an de grousse Ballungsraim. Wales a Schottland si relativ dënn besiidelt.

Relioun

änneren

D'Majoritéit vun den Awunner bekennt sech zur Kierch vun England, déi d'Staatskierch ass.

Literatur

änneren
  • Marshall, John, 2020. ≠LuxUK Links. 150 stories connecting the United Kingdom and Luxembourg. Maison Moderne. ISBN 978-9959-33-28-9 [Den John Marshall ass zanter 2016 britteschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg].

Um Spaweck

änneren
Commons: Vereenegt Kinnekräich – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. Quell: [1] (gekuckt August 2023)
  2. 2,0 2,1 2,2 Population estimates for the UK, England, Wales, Scotland and Northern Ireland - Office for National Statistics. www.ons.gov.uk. Gekuckt de(n) 2023-08-19.
  3. (en)England Facts | Britannica. www.britannica.com. Gekuckt de(n) 2023-08-19.
  4. (en)Scotland Facts | Britannica. www.britannica.com. Gekuckt de(n) 2023-08-19.
  5. (en)Northern Ireland | History, Population, Flag, Map, Capital, & Facts | Britannica. www.britannica.com (2023-08-10). Gekuckt de(n) 2023-08-19.
  6. (en)Northern Ireland | History, Population, Flag, Map, Capital, & Facts | Britannica. www.britannica.com (2023-08-10). Gekuckt de(n) 2023-08-19.