Eurovision Song Contest 2023

67. Eurovision Song Contest
Motto United by Music
(Vereent duerch Musek)
Datum 9. Mee 2023
(1. Halleffinall)
11. Mee 2023
(2. Halleffinall)
13. Mee 2023 (Finall)
Gaaschtland Vereenegt Kinnekräich
Stad Liverpool
Gebai
Liverpool Arena
Organisateur
Moderatioun Julija Sanina
Alesha Dixon
Hannah Waddingham
Graham Norton (Finall)
Opening Act Halleffinall 1: Julia Sania: Mayak
Finall: Kalush Orchestra: Voices of a New Generation
Interval Act Halleffinall 1: Rita Ora: Medley
Alyosha & Rebecca Ferguson: Ordinary World
Halleffinall 2: Marija Jaremtschuk, Zlata Dziunka & OTOY: Music Unites Generations
Be Who You Want to Be
Finall: Sam Ryder: Medley
Mahmood, Netta, Daði Freyr, Cornelia Jakobs, Duncan Laurence, Sonia: The Liverpool Songbook
Zuel vu Länner 37
Gewënner Loreen
Nei Participatiounen keng
Participanten déi zeréckkoumen keng
Participatiounen zeréckgezunn Bulgarien, Montenegro, Nordmazedonien
Disqualifizéiert Participanten keng
Ofstëmmungsreegel All Land verdeelt, op Basis vum Jury a vum Televoting, zweemol 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder.

De 67. Eurovision Song Contest gouf vum 9. Mee bis den 13. Mee 2023 an der Liverpool Arena an der britescher Stad Liverpool ofgehalen.

Wéi schonn déi Jore virdrun huet Lëtzebuerg drop verzicht, fir matzemaachen. Den 12. Mee gouf awer bekannt gemaach, datt de Regierungsrot decidéiert hat, vun 2024 un nees matzemaachen. Dës Decisioun vu Lëtzebuerg gouf och an der Finall vum ESC zu Liverpool dem Publikum matgedeelt.

De Gewënner vum ESC 2023 war d'Loreen aus Schweden, dat domat schonn déi zweete Kéier gewonn hat (2012 fir d'éischt).

Lëscht vun de Participanten änneren

 
██ Länner déi hire Participant oder hire Song scho gewielt hunn██ Länner déi hir Participatioun bestätegt hunn██ Länner déi an der Vergaangenheet matgemaach hunn awer net 2023

37 Länner hunn hir Participatioun beim Concours 2023 zougesot. An den Halleffinalle gouf, vun dësem Joer un, nëmmen nach per Televoting ofgestëmmt. D'Jury huet nëmmen nach an der Finall eng Roll gespillt.

1. Halleffinall änneren

Déi éischt Halleffinall war den 9. Mee 2023 um 21:00 Auer (MESZ). An d'Finall koumen déi faarweg markéiert Länner.

  Däitschland,   Frankräich an   Italien, souwéi déi 15 Länner déi matgemaach hunn, haten d'Walrecht an dëser Halleffinall.

Plaz Startnr. Land Interpret Titel Sprooch Punkten
6. 01   Norwegen Alessandra Queen of Kings Englesch 102
15. 02   Malta The Busker Dance (Our Own Party) Englesch 3
10. 03   Serbien Luke Black Samo mi se spava Serbesch, Englesch 37
11. 04   Lettland Sudden Lights Aijā Englesch, Lettesch 34
9. 05   Portugal Mimicat Ai coração Portugisesch 74
12. 06   Irland Wild Youth We Are One Englesch 10
8. 07   Kroatien Let 3 Mama ŠČ! Kroatesch 76
7. 08 CHE  Schwäiz Remo Forrer Watergun Englesch 97
3. 09   Israel Noa Kirel Unicorn Hebräesch, Englesch 127
5. 10   Moldawien Pasha Parfeni Soarele și luna Rumänesch 109
2. 11   Schweden Loreen Tattoo Englesch 135
14. 12   Aserbaidjan TuralTuranX Tell Me More Englesch 4
4. 13   Tschechesch Republik Vesna My Sister’s Crown Ukrainesch, Englesch, Tschechesch, Bulgaresch 110
13. 14   Holland Mia Nicolai & Dion Cooper Burning Daylight Englesch 7
1. 15   Finnland Käärijä Cha Cha Cha Finnesch 177

2. Halleffinall änneren

Déi zweet Halleffinall war den 11. Mee 2023 um 21:00 Auer (MESZ). An d'Finall koumen déi faarweg markéiert Länner.

  Spuenien, d'  Ukrain an d'  Vereenegt Kinnekräich, souwéi déi 16 Länner déi matgemaach hunn, haten d'Walrecht an dëser Halleffinall.

Plaz Startnr. Land Interpret Titel Sprooch Punkten
14. 01   Dänemark Reiley Breaking My Heart Englesch 6
6. 02   Armenien Brunette Future Lover Englesch, Armeenesch 99
16. 03   Rumänien Theodor Andrei D.G.T. (Off and On) Rumänesch, Englesch 0
10. 04   Estland Alika Bridges Englesch 74
8. 05   Belsch Gustaph Because of You Englesch 90
7. 06   Zypern Andrew Lambrou Break a Broken Heart Englesch 94
11. 07   Island Diljá Power Englesch 44
13. 08   Griicheland Victor Vernicos What They Say Englesch 14
3. 09   Polen Blanka Solo Englesch 124
5. 10   Slowenien Joker Out Carpe diem Sloweenesch 103
12. 11   Georgien Iru Echo Englesch 33
15. 12   San Marino Piqued Jacks Like an Animal Englesch 0
2. 13   Éisträich Teya & Salena Who the Hell Is Edgar? Englesch 137
9. 14   Albanien Albina & Familja Kelmendi Duje Albanesch 83
4. 15   Litauen Monika Linkytė Stay Englesch, Litauesch 110
1. 16   Australien Voyager Promise Englesch 149

Finall änneren

D'Finall war den 13. Mee 2023 um 21:00 Auer (MESZ).

Déi 26 Länner an der Finall waren:

  • Déi „5 Grouss“ (Big-5): Frankräich, Däitschland, Spuenien, Italien a Groussbritannien
  • Déi bescht 10 Länner aus der éischter Halleffinall
  • Déi bescht 10 Länner aus der zweeter Halleffinall
  • De Gewënner vum ESC 2022, d'Ukrain

Am Fall vun engem ex aequo huet dee mat der héchster Eenzelwäertung gewonnen. An der Finall war all Land, dat beim ESC matgemaach huet, berechtegt seng Stëmm ofzeginn. Zousätzlech gouf et fir d'éischte Kéier en Online-Voting fir d'Zuschauer aus Länner déi net beim ESC matgemaach hunn an deen dann als zousätzlechen 38. Televoting gewäert gouf.

Plaz Startnr. Land Interpret Titel Sprooch Punkten
(Jury/Zuschauer/Total)
15. 01   Éisträich Teya & Salena Who the Hell Is Edgar? Englesch 104/16/120
23. 02   Portugal Mimicat Ai coração Portugisesch 43/16/59
20. 03 CHE  Schwäiz Remo Forrer Watergun Englesch 61/31/92
19. 04   Polen Blanka Solo Englesch 12/81/93
24. 05   Serbien Luke Black Samo mi se spava Serbesch, Englesch 14/16/30
16. 06   Frankräich La Zarra Évidemment Franséisch 54/50/104
12. 07   Zypern Andrew Lambrou Break a Broken Heart Englesch 68/58/126
17. 08   Spuenien Blanca Paloma Eaea Spuenesch 95/5/100
1. 09   Schweden Loreen Tattoo Englesch 340/243/583
22. 10   Albanien Albina Duje Albanesch 17/59/76
4. 11   Italien Marco Mengoni Due vite Italieenesch 176/174/350
8. 12   Estland Alika Bridges Englesch 146/22/168
2. 13   Finnland Käärijä Cha Cha Cha Finnesch 150/376/526
10. 14   Tschechesch Republik Vesna My Sister’s Crown Ukrainesch, Englesch, Tschechesch, Bulgaresch 94/35/129
9. 15   Australien Voyager Promise Englesch 130/21/151
7. 16   Belsch Gustaph Because of You Englesch 127/55/182
14. 17   Armenien Brunette Future Love Englesch, Armeenesch 69/53/122
18. 18   Moldawien Pasha Parfeni Soarele și luna Rumänesch 20/76/96
6. 19   Ukrain Tvorchi Heart of Steel Englesch, Ukrainesch 54/189/243
5. 20   Norwegen Alessandra Queen of Kings Englesch 52/216/268
26. 21   Däitschland Lord of the Lost Blood & Glitter Englesch 3/15/18
11. 22   Litauen Monika Linkytė Stay Englesch, Litauesch 81/46/127
3. 23   Israel Noa Kirel Unicorn Englesch, Hebräesch 177/185/362
21. 24   Slowenien Joker Out Carpe diem Sloweenesch 33/45/78
13. 25   Kroatien Let 3 Mama ŠČ! Kroatesch 11/112/123
25. 26   Vereenegt Kinnekräich Mae Muller I Wrote a Song Englesch 15/9/24

Um Spaweck änneren

Commons: Eurovision Song Contest 2023 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Turin (Italien)   TBA
ESC 2022 Eurovision Song Contest ESC 2024

Referenzen änneren