Eurovision Song Contest 1960
5. Eurovision Song Contest | |
---|---|
Datum | 29. Mäerz 1960 |
Stad | London (Groussbritannien) |
Gebai | Royal Festival Hall |
Gewënner | Jacqueline Boyer (Frankräich) |
Zuel vu Länner | 13 |
Nei Participatiounen | Norwegen |
Moderatioun | Katie Boyle |
Interval Act | Eric Robinson Orchester |
Ofstëmmungsreegel | A jiddwer Land souzen zéng Jurymemberen. Jiddwer Member huet mat engem Punkt fir een Titel ofgestëmmt. |
De 5. Eurovision Song Contest (offiziell den Eurovision Song Contest Grand Prix), war den 29. Mäerz 1960 a Groussbritannien. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am Royal Festival Hall zu London. Presantatrice war d'Katie Boyle. D'Eurovision ass zu London organiséiert ginn, obwuel am Fong Holland un der Rei gewiescht wier well et dat Joer virdru gewonnen hat. Well d'Hollänner awer net sou kuerz hannerenee wollten d'Organisatioun iwwerhuelen, ass decidéiert ginn de Grand Prix zu London ofzehalen.
Eng nei Natioun, Norwegen, war derbäikomm. Lëtzebuerg hat dat Joer och nees matgemaach, nodeem et dat Joer virdrun eng Paus ageluecht hat. D'Zuel vun de Länner ass dofir op 13 eropgaangen.
Et gouf ofgestëmmt wéi déi Jore virdrun: An all Land souzen 10 Jurysmemberen, déi jeeweils eng Stëmm ze verginn haten. D'Resultater goufen telefonesch an ëffentlech op Cannes iwwermëttelt.
Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vu Frankräich, d'Jacqueline Boyer mat 7 Punkte Virsprong virum Bryan Johnson (Groussbritannien). Déi drëtt Plaz krut de François Deguelt, dee fir Monaco ugetruede war.
Klassement
ännerenPlaz | Land | Interpret | Titel | Punkten |
---|---|---|---|---|
1. | Frankräich | Jacqueline Boyer | Tom Pillibi | 32 |
2. | Groussbritannien | Bryan Johnson | Looking High, High, High | 25 |
3. | Monaco | François Deguelt | Ce soir-là | 15 |
4. | Norwegen | Nora Brockstedt | Voi voi | 11 |
4. | Däitschland | Wyn Hoop | Bonne nuit, ma chérie | 11 |
6. | Belsch | Fud Leclerc | Mon amour pour toi | 9 |
7. | Éisträich | Harry Winter | Du hast mich so fasziniert | 6 |
8. | Schwäiz | Anita Traversi | Cielo e terra | 5 |
8. | Italien | Renato Rascel | Romantica | 5 |
10. | Schweden | Siw Malmkvist | Alla andra får varann | 4 |
10. | Dänemark | Katy Bødtger | Det var en yndig tid | 4 |
12. | Holland | Rudi Carrell | Wat een geluk | 2 |
13. | Lëtzebuerg | Camillo Felgen | Sou laang wéi s du do bass | 1 |
Um Spaweck
ännerenCannes (Frankräich) | Cannes (Frankräich) | |
---|---|---|
ESC 1959 | Eurovision Song Contest | ESC 1961 |