Jugoslawien

Staaten a Mëttel- a Südosteuropa

Jugoslawien (serbokroatesch Југославија/Jugoslavija, sloweenesch Jugoslavija, mazedonesch Југославија, albanesch Jugosllavia, ungaresch Jugoszlávia, wiertlech iwwersat Südslawien) war vun 1918/1929 bis 1992 respektiv 1992 bis 2003 d'Kuerzform vun engem Staatsnumm, deen e puer Staaten a Mëttel- a Südosteuropa bezeechent huet, déi a verschiddener territorialer a politescher Form existéiert hunn.

Landkaart vun de jeeweilegen dräi ënnerschiddleche Jugoslawien
Jugoslawien (1920–1941)
Jugoslawien (1954–1991)
Jugoslawien an Europa (Stand 1989)

Ënnerscheede muss een dat kinneklecht, dat haut sougenannt éischt Jugoslawien (1918–1941), dat sozialistescht zweet Jugoslawien (1943/45–1991/92) an d'Bundesrepublik Jugoslawien déi aus Serbien a Montenegro bestanen huet (1992–2003).

Vun 2003 bis 2006 hunn déi verbliwwen Deelrepublike Serbien a Montenegro de Staatebond Serbien a Montenegro forméiert, dee sech am territorialen a vëlkerrechtlechen Ëmfang net vun der Bundesrepublik Jugoslawien ënnerscheet huet.

Staatsnimm änneren

Déi amtlech Bezeechnungen zanter der Grënnung vum 1. Dezember 1918 bis zur Opléisung vu Jugoslawien de 4. Februar 2003 ware follgend:

  • Kraljevstvo Srba Hrvata i Slovenaca (Kinnekräich vun de Serben, Kroaten a Sloweenen) – Vum Prënzregent Aleksandar Karađorđević den 1. Dezember 1918 proklaméiert.
  • Kraljevina Srba Hrvata i Slovenaca (Kinnekräich vun de Serben, Kroaten a Sloweenen) – Éischt Ëmbenennung opgrond vun der Vidovdan-Verfassung vum 28. Juni 1921
  • Kraljevina Jugoslavija (Kinnekräich Jugoslawien) – No dem Putsch vum 6. Januar 1929 bis de 17. April 1941
  • Demokratska Federativna Jugoslavija (Demokratescht Federatiivt Jugoslawien) – 29. November 1943 bis Enn 1945
  • Federativna Narodna Republika Jugoslavija (Federativ Volleksrepublik Jugoslawien) – 31. Januar 1946 (nei Verfassung) bis 1963
  • Socijalistička Federativna Republika Jugoslavija (Sozialistesch Federativ Republik Jugoslawien) – 1963 bis 1992
  • Savezna Republika Jugoslavija (Bundesrepublik Jugoslawien) – 27. April 1992 bis 4. Februar 2003 (dacks och als Rescht-Jugoslawien bezeechent; als neie Staat huet d'BRJ aus de fréiere sozialisteschen Deelrepubliken Serbien a Montenegro bestanen.)

Literatur änneren

Geschicht änneren

  • Marie-Janine Calic: Geschichte Jugoslawiens im 20. Jahrhundert. Beck, München 2010, ISBN 978-3-406-60646-5.[1]
  • Johannes Grotzky: Balkankrieg. Der Zerfall Jugoslawiens und die Folgen für Europa. Serie Piper, München [u. a.] 1993, ISBN 3-492-11894-1.
  • Diana Johnstone: Fools' Crusade: Yugoslavia, NATO and Western Delusions. Monthly Review Press, New York 2002, ISBN 1-58367-084-X.
  • Peter Radan: The Break-up of Yugoslavia and International Law. Routledge, New York/London 2002, ISBN 0-415-25352-7.
  • Holm Sundhaussen: Experiment Jugoslawien. Von der Staatsgründung bis zum Staatszerfall. BI-Taschenbuchverlag, Mannheim 1993, ISBN 3-411-10241-1.
  • Holm Sundhaussen: Jugoslawien und seine Nachfolgestaaten 1943–2011: Eine ungewöhnliche Geschichte des Gewöhnlichen, Böhlau, Wien [u. a.] 2012, ISBN 978-3-205-78831-7.[2]

Allgemeng änneren

  • Kurt Hielscher: Jugoslavien: Slovenien, Kroatien, Dalmatien, Montenegro, Herzegowina, Bosnien, Serbien; Landschaft, Baukunst, Volksleben. Wasmuth, Berlin 1926.

Kultur änneren

  • Antun Barac: Geschichte der jugoslavischen Literaturen von den Anfängen bis zur Gegenwart. Harrassowitz, Wiesbaden 1977, ISBN 3-447-01874-7.
  • Udo Kultermann: Zeitgenössische Architektur in Osteuropa. DuMont, Köln 1985, ISBN 3-7701-1554-6.
  • Ljiljana Blagojević: Modernism in Serbia. The elusive margins of Belgrade architecture, 1919–1941. Inst. za književnost i umetnost, Belgrad 2003, ISBN 0-262-02537-X.
  • Wolfgang Thaler, Maroje Mrduljas, Vladimir Kulic: Modernism in Between – Architecture in Socialist Yugoslavia, JOVIS Verlag, Berlin 2012, ISBN 978-3-86859-147-7.

Um Spaweck änneren

Commons: Jugoslawien – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Rezensioun vum Ljiljana Radonic, Universitéit Wien
  2. Zwischen Kollaborateuren und Widerstandkämpfern gab es nichts, Rezensioun vum Martin Sander