Finnland

Republik an Nordeuropa


Finnland (finn.: Suomi, schwed.: Finland) ass eng Republik an Nordeuropa. Finnland grenzt u Schweden, Norwegen, Russland an d'Ostmier. D'Åland Inselen, déi südwestlech vun der Küst leien, sinn zwar ënner finnescher Souveränitéit wat d'Aussen- a Sécherheetspolitik ubelaangt, soss awer autonom.

Suomen Tasavalta
Republiken Finland

Finnesche Fändel

Finnescht Wopen

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Finnesch, Schweedesch
Haaptstad: Helsinki
Staatsform: Parlamentaresch Republik
 • President: Alexander Stubb
 • Premierminister: Petteri Orpo
Fläch: 338 145 km² (63.)
 • Dovu Waasser: 9,4 %
Bevëlkerung: 5 289 592 [1]
 • Bevëlkerungsdicht: 15,6/km²
Onofhängegkeet: vu Russland
deklaréiert de 6. Dezember 1917, unerkannt de 4. Januar 1918
Nationalfeierdag: 6. Dezember
Nationalhymn: keng offiziell
Wärung: Euro
Zäitzon: UTC +2
Internet TLD: .fi
Internationalen
Telefonsprefix
:
+358

D'Haaptstad vu Finnland ass Helsinki.

Geographie änneren

Finnland gëtt och nach heiansdo d'Land vun den dausend Séie genannt, ma dat ass am Fong nach ferm ënnerdriwwen: et sinn der genee 187 888. Nieft de Séie sinn et déi 179 584 Inselen an déi wäitleefeg Bëscher, déi Dräivéierels vum Land bedecken, déi der finnescher Landschaft hire Stempel opdrécken.

Topographesch gesinn ass d'Land am Süden éischter flach, Richtung Norde gëtt et dann awer ëmmer méi koppeg an den héchste Bierg, den Haltitunturi, ganz uewen am Nordweste vu Finnland, bréngt et op eng Spëtzt vun 1 328 Meter.

Finnland läit tëscht dem 60. an 70. Breetegrad, mä well d'Klima vum Ostmier an dem Golfstroum beaflosst gëtt, leien d'Temperaturen am Schnëtt ëm déi 5-10 °C méi héich wéi an aner Gebidder déi op der selwechter Héicht leien. D'Land huet kal Wanteren a waarm Summeren. A waarme Summerdeeg kann den Thermometer a Südfinnland bis op 30 °C klammen. An de Wanterméint sinn dogéint -20 °C och näischt aussergewéinleches.

Nërdlech vum Polarkrees geet d'Sonn an där Zäit wärend ronn 51 Deeg net op. D'Géigestéck vun der finnescher Polarnuecht (finn.: Kaamos) ass d'Mëtternuechtssonn am Summer, wou et dann och 73 Deeg an engem Stéck hell ass.

Bevëlkerung änneren

Finnland ass vun der Fläch hir dat sechsgréisste Land an Europa, huet awer mat nëmme 15 Awunner pro Quadratkilometer gläichzäiteg och eng vun deene klengste Bevëlkerungsdensitéiten um Kontinent. D'Majoritéit vun de Finnen (65 %) liewen a Stied a well déi meescht dovun am Süde vum Land leien, ass och hei d'Bevëlkerungskonzentratioun bei wäitem am héchsten. Helsinki an hir Nopeschstied Espoo a Vantaa sinn an de leschte Joerzéngte sou séier gewuess, datt haut (2006) all sechste Finn am Groussraum vun der Haaptstad wunnt.

Sproochen änneren

Finnland huet zwou offiziell Sproochen, Finnesch a Schweedesch. Finnesch gehéiert zu der finno-ugrescher Sproochefamill an ass d'Mammesprooch vun ongeféier 92 % vun der Bevëlkerung. Schweedesch hunn 5,5 % vun de Finnen als éischt Sprooch. Well déi jeeweils aner Sprooch als Flichtfach an der Schoul geléiert gi muss, sinn déi meescht Finnen zweesproocheg.

Den offizielle Status vum Schweedeschen erkläert sech duerch d'Geschicht vum Land. Zanter dem Ufank vum 13. Joerhonnert bis 1809 war Finnland en Deel vum schweedesche Kinnekräich.

Op kommunalem Plang ass d'administrativ Zweesproochegkeet quotéiert d. h. wann op d'mannst 10 % vun der Populatioun d'Minoritéitesprooch schwätzen (meeschtens Schweedesch), da gëtt dës automatesch och zur zweeter Verwaltungssprooch.

Keng Reegel ouni Ausnamen: Zu Turku, der aler Haaptstad aus schweedeschen Zäiten, huet Schweedesch den offizielle Staus aus historesche Grënn bäibehalen obschonn et hei vu manner wéi 10 % vun de Leit geschwat gëtt. Op der autonomer Inselgrupp Åland ass Finnesch nëmme Walfach an d'Schüler mussen et, wa se net wëllen, och net léieren. Eenzeg Administratiounssprooch vun Åland ass Schweedesch.

Samesch ass och als offiziell Minoritéitesprooch unerkannt an ass an deenen traditionell samesch dominéierte Regiounen a Gemengen an der Verwaltung am Gebrauch.

Reliounen änneren

1923 gouf a Finnland d'Reliounsfräiheet agefouert. 83 % vun de Finne sinn an der evangeelesch-lutherescher Kierch, 1 % an der orthodoxer an 2 % gehéieren anere Glawensrichtungen un. Béid chrëschtlech Konfessioune ginn iwwer Kierchesteiere finanzéiert.

Geschicht änneren

Déi eelst mënschlech Spueren um Territoire vum haitege Finnland loosse sech bis an d'Steenzäit zeréckdatéieren a sinn eng ronn 8500 Joer al.

Nach ëm 100 v. Chr. beschreift de réimeschen Historiker Tacitus d'Fenni als Vollek ouni Waffen, Päerd an Heem, déi um Buedem schlofen, net méi wéi e Fell um Läif hunn an nawell zefridden a glécklech mat hirem harde Liewe sinn.

Tatsächlech war d'Gebitt vum haitege Finnland bis an d'12. Joerhonnert politesch relativ onbedeitend. 1154 gëtt West- a Südfinnland dunn ënner dem Kinnek Erik IX. en Deel vu Schweden a sollt et déi nächst 700 Joer och bleiwen. Den ëstlechen Deel fält dogéint un dat russescht Novgorod.

Ënner dem schweedesche Kinnekshaus fënnt Westfinnland Uschloss un de westeuropäesche Kulturkrees a gëtt missionéiert. Schweedesch gëtt d'Administratiounssprooch an entwéckelt sech zu der Sprooch vun der Élite. Anescht wéi deen iwwer Joerhonnerte russesch-byzantinesch geprägten ëstlechen Deel vu Finnland gouf an der schweedescher Provënz och ni de Feudalsystem agefouert.

Am 16. Jh. ass Finnland, besonnesch ënner dem Afloss vum Humanist an Theolog Mikael Agricola, zur Reformatioun iwwertratt.

1808 gëtt Finnland vum Alexander I. vu Russland eruewert, deen et zu engem hallef autonome Groussherzogtum ënner russescher Kontroll mécht. Groussherzog ass den Zar, representéiert duerch e Generalgouverneur. Finnland bleift bis zu der russescher Revolutioun 1917 Deel vum russesche Räich. An där Zäit entwéckelt sech d'finnesch national Beweegung. A patriotescher Atmosphär gëtt 1835 den Nationalepos Kalevala niddergeschriwwen an d'Finnesch gëtt 1892 dem schweedesche juristesch gläichgestallt.

 
D'Buerg vun Turku war am Mëttelalter de politeschen Zentrum vu Finnland

Kuerz no der bolschewistescher Revolutioun a Russland, de 6. Dezember 1917, deklaréiert Finnland sech onofhängeg. D'Onofhängegkeet gëtt zwar relativ séier vun de Bolschewisten unerkannt, mä Kricher a Russland an a Finnland maachen d'Saach méi komplizéiert.

Zum enge brécht 1918 e kuerze, mä battere Biergerkrich tëscht deene vun Däitschland ënnerstëtzen "Wäissen" (Unhänger vum deemolege Gouvernement; d'konservativ riets Élite an d'Baueren) an hirem politesche Géigepol, de radikale “Rouden“ (Unhänger vun de sozialistesche Lénksparteien -Leit ouni Grond a Buedem an d'Aarbechter) a Finnland aus. Zum anere gëtt déi oppe Fro ëm d'finnesch-russesch Grenz duerch d'russesch Revolutioun an d'Längt gezunn. E Kompromëss tëscht Finnland a Russland gëtt eréischt 1920 am Accord vun Tartu fonnt.

D'Relatiounen tëscht der nach jonker Republik Finnland an der Sowjetunioun hu sech an den 1930er Jore relativ stabiliséiert. Wéi d'Sowjets sech dunn awer 1939 drop behaapt hunn dat si e Recht drop hätte grouss Deeler vum finneschen Territoire zeréckzekréien, koum et zum Eclat. De sougenannten éischte Wanterkrich tëscht Finnland an der Sowjetunioun ass ausgebrach, huet awer nëmmen ee Joer gedauert (bis 1940). De Konflikt gouf awer net geléist a fënnt tëscht 1941 an 1944 seng Fortsetzung am Zweete Wanterkrich (Fortsetzungskrich). Dat deemools mat Nazi-Däitschland alliéiert Finnland gëtt zwar net ageholl, muss awer als Konsequenz vum verluerene Krich en Deel vun hirem Gebitt nees un d'Sowjetunioun oftrieden.

Nom Zweete Weltkrich féiert Finnland offiziell d'Neutralitéit an a beweegt sech bis zum Fall vun der Sowjetunioun aussepolitesch an der Grozone tëscht West an Ost.

1955 gëtt Finnland Member vun de Vereenten Natiounen an dem Nordesche Rot. 1995 trëtt d'Land der Europäescher Unioun bäi.

De 4. Abrëll 2023 gouf Finnland den 31. NATO-Member.

Politik änneren

 
D'finnescht Parlament Eduskunta

Finnland ass eng parlamentaresch Demokratie no presidiale Prinzipp. De President, respektiv d'Presidentin vun der Republik huet historesch eng zentral Roll an der finnescher Politik gespillt. Bis zu der Verfassungsännerung am Joer 2000 hat de President d'Méiglechkeet d'Parlament opzeléisen, e Vetorecht op all Gesetz an huet de Premierminister ernannt. Dës relativ dominant Positioun gouf gläichzäiteg mat der Wal vum Tarja Halonen (Februar 2000) staark zeréckgestallt, soudatt d'Presidentin haut éischter eng méi representativ Funktioun huet. Presidentschaftswale sinn all sechs Joer. 2024 gouf den Alexander Stubb zum neie President gewielt.

D'legislativ Autoritéit am Staat huet d'Parlament (Eduskunta op Finnesch, Riksdag op Schweedesch). D'Parlament huet eng Kummer, 200 Deputéiert a gëtt all véier Joer nei gewielt. D'Regierung (fi. valtioneuvosto) gëtt zanter Juni 2023 vum Premierminister Petteri Orpo geleet.

Finnland war zanter dem Zweete Weltkrich aussepolitesch neutral, huet awer am Juni 2022 zesumme mat Schweden gefrot fir Member an der NATO ze ginn. De 4. Abrëll 2023 gouf Finnland den 31. NATO-Member, nodeems et iwwer 9 Méint haaptsächlech vun der Tierkei blockéiert gouf.

Administrativ Ënnerdeelungen änneren

Finnland ass a sechs Provënze, d'Lääni (schweedesch län) agedeelt. Donieft sinn och nach déi historesch "Landschaften" (maakunnat) geleefeg, um Niveau vun der Administratioun spille s'awer keng Roll méi.

D'Provënze sinn a 432 Gemengen ënnerdeelt, déi op subregionalem a regionalem Plang kooperéieren. Et gëtt 20 Regiounen a 74 Subregiounen.

Kultur änneren

Design an Architektur änneren

Finnland huet eng Rëtsch aflossräich Architekten an Designer eropbruecht. Zu deene renomméierste gehéieren den Architekt Eliel Saarinen (Jugendstil) an den Designer/Architekt Alvar Aalto (Funktionalismus).

Film änneren

D'Gebridder an d'Regisseure Mika Kaurismäki an Aki Kaurismäki hunn allenzwee internationale Succès.

Literatur änneren

D'Literatursprooch vu Finnland geet op den Humanist an Theolog Mikael Agricola (16. Jh.) zeréck. D'Nationalepos Kalevala, dat 1835 vum Elias Lönnrot zesummegestallt a publizéiert gouf, war vu fundamentaler politescher a kultureller Bedeitung fir Finnland. Als Papp vun der moderner finnescher Literatur gëllt den Aleksis Kivi (1834-1872). Den 1954 vum Väinö Linna verëffentlechten Antikrichsroman Tuntematon sotilas ("Den onbekannten Zaldot"), ass nieft der Bibel dat meeschtverkaaft Buch a Finnland. De Frans Eemil Sillanpää krut 1939 de Literaturnobelpräis.

Wichteg Auteuren am Ufank vum 21. Joerhonnert sinn den Arto Paasilinna an d'Sofi Oksanen.

 
De Komponist Jean Sibelius (18651957)

Musek änneren

E weltwäit renomméierte finnesche Komponist ass de Jean Sibelius (1865-1957). Finnland ass och bekannt fir seng Danzmusek, de Finneschen Tango, d'Humppa an d'Jenkka. Bekannt Pop/Rock Gruppe sinn z. B. The Rasmus, Negative. Finnland ass och fir seng Metalgruppe bekannt wéi HIM, The 69 Eyes, Nightwish, Children of Bodom an och Lordi (Gewënner vum Eurovision Song Contest 2006). Op der Säit [2] fënnt ee weider finnesch Banden aus dem Metalgenre.

Sport änneren

De finneschen Nationalsport ass de Pesäpallo. Dat bausst de Landesgrenze relativ onbekannt Spill ass eng Zort finnesche Baseball a gouf 1922 vum Lauri Pihkala agefouert. Beléift sinn och déi klassesch Wantersportaarten, woubäi den Äishockey besonnesch populär ass.

Zanter dem Succès vum zweemolege Weltmeeschter Mika Häkkinen gehéiert och d'Formel 1, nieft dem traditionelle populäre Rallye, zu de Favoritte beim, bei de Finnen allgemeng beléifte, Motorsport.

1952 waren zu Helsinki d'Olympesch Summerspiller.

Ekonomie änneren

Finnland ass haut eng héichentwéckelt Industriegesellschaft. Nieft der traditionell staarker Holz- a Pabeiersindustrie huet sech d'Telekommunikatioun zanter den 1990er Joren - virun allem wéinst dem weltwäite Succès vun Nokia- als zentral Wirtschaftsbranche etabléiere kënnen. Finnland ass eent vun deene wéinege Länner an Europa, déi méi Daten- a Kommunikatiounstechnologien exportéiere wéi importéieren.

Och de Maschinnebau spillt eng wichteg Roll. Valmet a Sisu si grouss finnesch Firmaen déi sech op d'Produktioun vu Camionen an Traktere spezialiséiert hunn.

De Betribssystem Linux gouf vum Finn Linus Torvalds erfonnt.

 
Finnesch Séielandschaft Syväri

Um Spaweck änneren

Commons: Finnland – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Stand 26.7.2007. Quell: The population of Finland op vaestorekisterikeskus.fi
    Beim leschten Zensus am Joer 2000 goufen 5 181 115 Awunner gezielt. Quell: [1]