Jimmy Martin (1962)

lëtzebuergesche Museker, Lidderschreiwer a Produzent
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem lëtzebuergesche Museker Jimmy Martin. Fir aner Leit mat deem Numm, kuckt wgl. Jimmy Martin.

De Jimmy Martin, gebuer den 2. Mee 1962 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Museker, Lidderschreiwer a Produzent.

Jimmy Martin
Gebuer 2. Mee 1962
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Museker

Liewen änneren

Schonn als Kand hat hien en Talent fir Musek. Duerch säi Papp, deen Trompettist an enger Harmonie war, huet hie mat 9 Joer ugefaange mat Trompett spillen. Zousätzlech hat en och Coursen am Conservatoire. Als Austauschstudent kënnt e mat 18 Joer a Kalifornien op San Bernardino wou en 1981 Sänger an der Rockgrupp Amethyst gëtt.

2 Joer drop koum en nees zeréck op Lëtzebuerg wou e kuerz drop Sänger a Gittarist bei der Rockgrupp Blackout gëtt. 1982 war hiren éischten Optrëtt. Mat 22 Joer huet hie sech vun der Band getrennt a probéiert an Däitschland eng Solo-Carrière unzefänken. 1985 kënnt da seng éischt Single Leaving it all behind eraus, 1986 deen éischten Album You get what you p(l)ay for. An där Zäit ass e mat senger Band vill op Tournee an Europa an huet eng Rei Optrëtter am Fernsee.

1987 gëtt hie Lead-Sänger bei der loutrengescher Metal-Band FISC, déi 1982 zu Metz gegrënnt gi war. An dëser Band ass hien och als Lidderschreiwer aktiv an zesummen toure se duerch Frankräich, Europa a spéider duerch d'USA. 1987 huele se den Album Too hot for Love op, 1989 kënnt den Album Handle with Care eraus. Am August 1990 trënnt sech d'Grupp a Fisc gëtt opgeléist.

Duerno schafft hie weider u senger Solo-Carrière. Den Album The Rhythm of Life kënnt 1989 eraus mat der Hit-Single I can't Fight Love drop.

1992 kënnt d'Single All Kanner op der Welt opgrond vun engem Charity-Event eraus. Am selwechte Joer kënnt d'Krëschtdagslidd Krëschtdag steet virun der Dier eraus.

1993 mécht en zesumme mam Simone Weis als Duo Modern Times mam Lidd Donne-moi une chance beim Eurovision Song Contest mat.

1994 schreift hien op Invitatioun vun der IWTP aus Ulass vum Récktrëtt vun der weltbekannter Tennisspillerin Martina Navratilova e Lidd Martina you're in our hearts dat en och an hirer Presenz opféiert.

1995 hëlt en an engem Studio zu Paräis den Album Forever Tonight op.

Aus Ulass vum lëtzebuergeschen Nationalfeierdag 1997 schreift hien den offizielle Bäitrag Sou fräi wéi de Wand.

Am Joer 2000 kënnt den Album Flames an och d'Single mam selwechten Numm eraus. D'Single kënnt als lëtzebuergesche Bäitrag um Sampler EURock eraus wou all Land vun der EU duerch e Kënschtler vertrueden ass.

2002 kënnt d'Single Angels eraus, déi vun RTL als Titelsong fir d'Sendung Die besten Hits mit Gefühl benotzt gëtt.

Zur Ofwiesselung schafft hien och als Produzent an hëlt 2005 fir de Jamie Shaw, de Gewënner vun der englescher Pop Idol Castingshow, den Album an d'Single Different op.

2006 hëlt hien zesummen am Duett mam Rick Springfield den Titel Love Somebody op. Dëst ass eng Nei-Versioun vun engem Lidd vum Rick Springfield aus dem Joer 1984. Dee passende Video dozou kënnt 2008 eraus.

2009 kënnt déi éischt Single an däitscher Sprooch Für Dich eraus.

Literatur änneren

  • Haas, Luke, 1988, Lëtzebuerger Rocklexikon, Éditions Phi, 190 S., ISBN 3-88865-064-X
  • Haas, Luke, 1995, Lëtzebuerger Rocklexikon II (1987-1994), 176 S.
  • Reischl, Frederick, 2011, Die Jimmy Martin Story, Éditions St. Paul, 183 S., ISBN 978-2-87963-829-4

Discographie änneren

  • 1985, Leaving it all behind (Single)
  • 1986, You get what you p(l)ay for (LP)
  • 1987, mat FISC, Too hot for Love (Album)
  • 1989, mat FISC, Handle with Care (Album)
  • 1989, I can't Fight Love (Single)
  • 1989, The Rhythm of Life (Album)
  • 1994, Kids of the Rocking Nation (Album)
  • 1995, Forever Tonight (Album)
  • 2000, Flames (Album) a (Single)
  • 2002, Angels (Single)
  • 2002, From the Heart (Best of Album)
  • 2006, Love Somebody (Single, Duett mam Rick Springfield)
  • 2009, Für Dich (Single)

Um Spaweck änneren