Eurovision Song Contest 1974

19. Eurovision Song Contest
Datum 6. Abrëll 1974
Stad Brighton (Groussbritannien)
Gebai The Dome
Gewënner ABBA (Schweden)
Zuel vu Länner 17
Nei Participatiounen Griicheland
Moderatioun Katie Boyle
Interval Act The Wombles
Ofstëmmungsreegel A jiddwer Land souzen zéng Jurymemberen. Jiddwer Member huet mat engem Punkt fir een Titel ofgestëmmt.

Den 19. Eurovision Song Contest war de 6. Abrëll 1974 a Groussbritannien. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am Dome zu Brighton well Lëtzebuerg d'Organisatioun vum Grand Prix net fir d'zweet Kéier noenee wollt iwwerhuelen. Presantatrice war scho fir d'véiert Kéier d'Katie Boyle.

De Brighton Dome, 2006

Als neit Land ass Griicheland derbäikomm. Malta huet sech aus onbekannter Ursaach vum Grand Prix an deem Joer zeréckgezunn obwuel schonn e Vertrieder nominéiert war. Frankräich huet sech och 1 Woch virum Grand Prix zeréckgezunn well de franséische President Georges Pompidou gestuerwe war an um Dag vum Grand Prix Dag sollt begruewe ginn.

Verschidde Sänger ware scho virdru mol eng Kéier derbäi, d'Gigliola Cinquetti fir Italien 1964, de Romuald fir Monaco 1964 a fir Lëtzebuerg 1969 an d'Bendik Singers fir Norwegen 1973.

D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass nees geännert ginn an zwar sou wéi et fréier schonn emol war: An all Land souzen 10 Jurysmemberen, déi jiddwereen eng Stëmm ze verginn haten. D'Jury konnt sou am Ganze maximal 10 Punkte verginn fir dat bescht Lidd. Nei dru war awer dat d'Reiefolleg, no där d'Resultater sollte kommunikéiert ginn, per Lous ausgewielt gouf.

Déi éischt Plaz kruten d'Vertrieder vu Schweden, d'Grupp ABBA mat 6 Punkte Virsprong virum Gigliola Cinquetti (Italien). Déi drëtt Plaz krute Mouth and MacNeal, déi fir Holland ugetruede waren.

Fir Schweden war et déi éischt Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat. D'Gewënnerlidd Waterloo ass e grousse Succès a ganz Europa ginn an d'Grupp ABBA huet sech zu Superstaren entweckelt.

Dräi Wochen nom Grand Prix, de 25. Abrëll 1974, ass de portugisesche Bäitrag E depois do adeus zum symbolesche Lidd vun der Oeilletsrevolutioun a Portugal ginn.

Klassement änneren

Plaz Land Interpret Titel Punkten
1. Schweden ABBA Waterloo 24
2. Italien Gigliola Cinquetti Si 18
3. Holland Mouth and MacNeal I See a Star 15
4. Groussbritannien Olivia Newton-John Long Live Love 14
4. Lëtzebuerg Ireen Sheer Bye Bye I Love You 14
4. Monaco Romuald Celui qui reste et celui qui s'en va 14
7. Israel Kaveret Natati la khayay 11
7. Irland Tina Reynolds Cross Your Heart 11
9. Spuenien Peret Canta y sé feliz 10
9. Belsch Jacques Hustin Fleur de liberté 10
11. Griicheland Marinella Krasi, thalasa kai t'agori mou 7
12. Jugoslawien Korni grupa Generacija 42 6
13. Finnland Carita Keep Me Warm 4
14. Norwegen Anne-Karine Strøm feat. Bendik Singers The First Day of Love 3
14. Däitschland Cindy und Bert Die Sommermelodie 3
14. Schwäiz Piera Martell Mein Ruf nach dir 3
14. Portugal Paulo de Carvalho E depois do adeus' 3

Um Spaweck änneren

Commons: Eurovision Song Contest 1974 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Lëtzebuerg (Lëtzebuerg)   Stockholm (Schweden)
ESC 1973 Eurovision Song Contest ESC 1975