Kiew
Kiew Київ | ||
---|---|---|
![]() |
![]() | |
Land: | ![]() | |
Verwaltungseenheet: | Oblast Kiew | |
Gegrënnt: | 5. Joerhonnert | |
Koordinaten: | 50° 27' 00" N 30° 30' 00" E | |
Fläch: | 839 km² | |
Awunner: | 2.816.504 (2009) | |
Bevëlkerungsdicht: | 3.357 Aw./km² | |
Héicht: | 179 m | |
Zäitzon: | UTC+2 | |
Buergermeeschter: | Vitali Klitschko |
Kiew (ukr.: Київ [ˈkɪjɪu̯]) ass d'Haaptstad vun der Ukrain an och vum Oblast Kiew, déi gréisst Stad vun der Ukrain.
Den exakten Numm vun der Stad ass Kyjiw (Київ), den héichdäitschen a lëtzebuergesche geleefegen Numm huet d'russesch Originnen (cf. Киев - "Kijew").
D'Alstad läit op den Hiwwelen iwwer dem Floss Dnepr an déi nei Staddeeler fënnt een hautdesdaags op béiden Uwänner vum Floss. Kiew zielt ronn 2.700.000 Awunner a mat senger Agglomeratioun zesumme ganzer 3.015.108 (Stand: 1. Januar 2005).
Wéinst hirer geschichtlecher a kultureller Roll gëtt se als Mamm vun alle ruthenesche Stied an als Jerusalem vum Osten bezeechent.
GeschichtÄnneren
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
KuckeswäertesÄnneren
Ekonomie an InfrastrukturÄnneren
Kiew ass e wirtschaftlecht Zentrum (Stolindustrie, Maschinnebau, Fligerbau, Chimiesindustrie, etc.), Unzéiungspunkt fir den Tourismus an nieft Lwiw an Odessa kulturelle Mëttelpunkt vum Land. Wéinst senge ville Kierchen a Kléischter a senger Bedeitung fir déi orthodox Chrëschte gëtt Kiew zanter dem Mëttelalter als Jerusalem vum Oste bezeechent. Déi ukrainesch Haaptstad ass awer och fir Zuch- a Fluchlinnen eng vun de wichtegste Verkéiersdréischeiwe vun Osteuropa an huet en Hafen um Dnepr.
Bekannt KiewerÄnneren
- Michail Bulgakow, russesche Schrëftsteller
- Scholem Alejchem, jiddesche Schrëftsteller
- Ilja Ehrenburg, sowjetesche Schrëftsteller a Journalist
- Edward Gottlieb, US-amerikaneschen Entreprener, Matgrënner vun der NBA
- Milla Jovovich, US-amerikanesch Schauspillerin
- Kasimir Malewitsch, ukrainesch-russesche Moler
- Igor Markevitch, Komponist an Dirigent
- Wazlaw Nijinski, russesche Ballettdänzer a Choreograph
- Igor Sikorsky, ukrainesch-US-amerikaneschen Ingenieur, Loftfaartpionéier a Konstrukteur vum éischte modernen Helikopter
- Golda Meir, israeelesch Politikerin
LiteraturÄnneren
- Britta Wollenweber a Peter Franke: Kiew - Stadt der Goldenen Kuppeln am Dnjepr. Ein Reiseführer mit Hintergrund, Berlin, Wostok Verlag, 2004.
Um SpaweckÄnneren
Commons: Kiew – Biller, Videoen oder Audiodateien |