Eurovision Song Contest 1990
35. Eurovision Song Contest | |
---|---|
Datum | 5. Mee 1990 |
Stad | Zagreb (Jugoslawien) |
Gebai | Koncertna Dvorana Vatroslav Lisinski |
Gewënner | Toto Cutugno (Italien) |
Zuel vu Länner | 22 |
Nei Participatiounen | Keng |
Moderatioun | Oliver Mlakar an Helga Vlahović |
Interval Act | „Jugoslawien am Wiessel“ – Touristefilm |
Ofstëmmungsreegel | An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. |
De 35. Eurovision Song Contest war de 5. Mee 1990 a Jugoslawien. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am Koncertna Dvorana Vatroslav Lisinski zu Zagreb. Presentateure waren den Oliver Mlakar an d'Helga Vlahović.
Am Ganzen hunn 22 Länner matgemaach. Malta a Monaco waren net dobäi. Malta wollt zwar no 15 Joer Abstinenz nees matmaachen, ass awer net zougelooss ginn, well de Maximum vun 22 Länner schonn erreecht war.
Ee Sänger war scho virdrun eng Kéier dobäi, de Ketil Stokkan fir Norwegen 1986.
D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass d'selwecht bliwwe wéi déi Jore virdrun: An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Zagreb matgedeelt ginn.
Déi éischt Plaz krut de Vertrieder vun Italien, den Toto Cutugno mat 17 Punkte Virsprong virum Joëlle Ursull (Frankräich) a mat Gläichstand och op der zweete Plaz de Liam Reilly, dee fir Irland ugetruede war.
Fir Italie war et déi zweet Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat.
Klassement
ännerenPlaz | Land | Interpret | Titel | Punkten |
---|---|---|---|---|
1. | Italien | Toto Cutugno | Insieme: 1992 | 149 |
2. | Frankräich | Joëlle Ursull | White & Black Blues | 132 |
2. | Irland | Liam Reilly | Somewhere in Europe | 132 |
4. | Island | Stjórnin | Eitt lag enn | 124 |
5. | Spuenien | Azúcar Moreno | Bandido | 96 |
6. | Groussbritannien | Emma | Give a Little Love Back to the World | 87 |
7. | Jugoslawien | Tajči | Hajde da ludujemo | 81 |
8. | Dänemark | Lonnie Devantier | Hallo - hallo | 64 |
9. | Däitschland | Chris Kempers an Daniel Kovac | Frei zu leben | 60 |
10. | Éisträich | Simone | Keine Mauern mehr | 58 |
11. | Schwäiz | Egon Egemann | Musik klingt in die Welt hinaus | 51 |
12. | Belsch | Philippe Lafontaine | Macédomienne | 46 |
13. | Lëtzebuerg | Céline Carzo | Quand je te rêve | 38 |
14. | Zypern | Haris Anastasiou | Milas poli | 36 |
15. | Holland | Maywood | Ik wil alles met je delen | 25 |
16. | Schweden | Edin-Ådahl | Som en vind | 24 |
17. | Tierkei | Kayahan | Gözlerinin hapsindeyim | 21 |
18. | Israel | Rita | Shara barchovot | 16 |
19. | Griicheland | Christos Callow & Wave | Horis skopo | 11 |
20. | Portugal | Nucha | Há sempre alguém | 9 |
21. | Norwegen | Ketil Stokkan | Brandenburger Tor | 8 |
21. | Finnland | Beat | Fri? | 8 |
Um Spaweck
ännerenCommons: Eurovision Song Contest 1990 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Lausanne (Schwäiz) | Roum (Italien) | |
---|---|---|
ESC 1989 | Eurovision Song Contest | ESC 1991 |