Siderurgie zu Lëtzebuerg

(Virugeleet vu(n) Stolindustrie zu Lëtzebuerg)

D'Siderurgie, also d'Eisen- a Stolindustrie zu Lëtzebuerg ass en Industriesecteur, deen (Stand 2020) knapps 2 % vum GDP ausmécht.

An der Vergaangenheet, vun ca. 1890 un a bal dat ganzt 20. Joerhonnert erduerch, huet den Export vun Eisen- a Stolprodukter eng aussergewéinlech wichteg Roll an der Ekonomie vu Lëtzebuerg gespillt, a war, zesumme mat der Extraktioun vun der Minett, d'Basis vum wirtschaftleche Wuelstand vum Land am 20. Joerhonnert: Lëtzebuerg stoung bei wäitem un der Weltspëtzt, wat d'Produktioun vu Stol an Eisen pro Awunner a Joer (12 bis 15 Tonnen) betrëfft. An den zwee éischte Joerzéngte vum 20. Joerhonnert war Lëtzebuerg weltwäit op sechster Plaz, wat de Volume vu produzéiertem Stol an Eisen ugeet, an d'Arbed war ënner den 10 gréisste Stolkonzerner. Och haut nach huet d'Nofollgergesellschaft ArcelorMittal, dee gréisste Stolkonzern vun der Welt, säi Sëtz an der Stad Lëtzebuerg.

D'Entwécklung vun der Siderurgie war méiglech, wéinst de Minettslageren um südleche Bord vum Land (Deel vum Loutrenger Minettsbaseng), an dem Investissement an d'Veraarbechtung, virum Éischte Weltkrich vun däitsche Stolkonzerner, an dono vu belsch-franséischem Kapital.

Vun den 1960er Joren un huet d'Roll vun der Siderurgie an der Ekonomie vum Land, relativ gekuckt, ugefaangen ofzehuelen, ma besonnesch vun 1974 un, wéi déi éischt Stolkris an Europa ausgebrach ass, goung d'Produktioun däitlech erof (bis 1992 ëm 50 %), an d'Zuel vun de Beschäftegten ass vu bal 30.000 op knapps 10.000 gefall.

Bis 1997 waren integréiert Wierker a Betrib, déi Minett an Héichiewe geschmolt, deen esou gewonnene Goss zu Stol verschafft, an dann zu Endprodukter – Schinnen, Dunnen, Spuntwänn, asw. - verschafft hunn. D'Minette koum aus de Grouwen zu Lëtzebuerg an um Enn virun allem aus dem Loutrengeschen; de Kock fir d'Héichiewen aus Däitschland an der Belsch. Zanterhier gëtt de Stol aus Eiseschrott gewonnen, deen an Elektroiewe geschmolt an dann nees nei verschafft gëtt. 2019 waren nach 5 Betriber an der Siderurgie, déi 2.119 Milliounen Tonne Stol produzéiert hunn, aktiv.[1]

Historesch Entwécklung änneren

 
Lag vu Schmelzen a virindustrieller Zäit
 
Fondplaze vu Wisen- a Bounäerz (rout); Bëscher nobäi (gréng).

Eisen ass scho vun de Kelten an de Géigende vum haitege Lëtzebuerg ofgebaut a verschafft ginn. Op der Gläicht tëscht Esch-Uelzecht a Rëmeleng goufen archeologesch Reschter dovu fonnt. Am Genoeserbusch bei Peppeng goufen 2003-2005 Iwwerreschter vun enger Schmelzanlag aus dem 13./14. Joerhonnert fräigeluecht an ausgewäert.[2]

A virindustrieller Zäit (17.-18. Joerhonnert) gouf et eng Rëtsch vu klenge Schmelzen uechter d'Land, déi bei Flëss (wéinst der Waasserkraaft) oder bei Bëscher louchen (wou Holzkuel produzéiert gouf). Verschafft gouf Bounäerz, dat doruechter fonnt gouf. Just e Grappvoll Leit hunn an deene Schmelze geschafft, dobäi koumen Doléiner a Baueren, déi d'Kuel beschaaft oder transportéiert hunn.

An der Mëtt vum 19. Joerhonnert huet dat sech radikal geännert: Lëtzebuerg war 1842 dem Zollveräin bäigetrueden an hat Zougang zu engem grousse Marché am Osten. 1841/42 gouf et 11 Héichiewen zu Lëtzebuerg déi alleguer mat Holz befeiert goufen an eng Joresproduktioun vu 7.300 Tonnen (T) erreecht hunn. Déi Héichiewe waren a follgenden Dierfer:[3]

Uertschaft Zuel vun den Héichiewen Joresproduktioun
Berbuerg 1 700 T
Rolleng 2 900 T
Biissen 2 1400 T
Colmer-Bierg 1 700 T
Fëschbech 2 1500 T
Grondhaff 1 700 T
Aansebuerg 1 700 T
Dummeldeng 1 700 T

E wichtegt Element war och de Bau vun der Eisebunnslinn Lëtzebuerg-Diddenuewen, mat Uschloss doriwwer eraus un déi europäesch Industrie-Basengen. D'Konsequenz war, datt et rentabel gouf, fir Kock erbäizeschafen. Kock huet e Brennwäert, dee 5-mol méi héich ass wéi dee vun der Holzkuel.

Alles dat huet mat sech bruecht, datt d'Schmelzhäre sech ëmmer méi fir d'Minett intresséiert hunn.[4] Tëscht 1854 an 1869 gouf et, virun allem vu belschen a preisesche Firmen, 64 Ufroe fir eng Konzessioun ze kréie fir Minett ofzebauen. Ongeféier 2/3 vun der ofgebauter Minett gouf dann och an d'preisescht Rhäinland an an d'Belsch exportéiert.

D'Lëtzebuerger Chamber huet 1870 e Gesetz gestëmmt, dat de Staat zum Besëtzer vun alle Minettslagere vun enger bestëmmter Déift un, ënner dem Buedem gemaach huet. 1880 koum e Gesetz dobäi, dat nei Konzessioune fir Minett ofzebauen un d'Konditioun gebonnen huet, datt déi zu Lëtzebuerg selwer huet misse verschafft ginn.

Dat huet et bestëmmte Lëtzebuerger Famillen erméiglecht, eng Schlësselroll bei de Schmelzen ze spillen.

D'Bridder Charles, Norbert an Auguste Metz hunn 1838, mat Hëllef vun der belscher Investissements-Holding Société d'industrie luxembourgeoise, d'Société en commandite Auguste Metz & Cie gegrënnt. Si hunn d'Schmëdd vu Berbuerg vum Jean-Nicolas Collart gepacht an 1845 eng Schmelz zu Eech gebaut. 1847 hu si d'Parte vun hiren Investisseuren ofkaaft, an d'Gesellschaft Metz & Cie als Familljebetrib virugefouert.

1865 hunn d'Bridder Metz zu Dummeldeng eng modern Schmelz, mat véier Héichiewe gebaut, déi Kock a Minett verschafft huet.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Dummeldenger Schmelz.

 
D'Metze Schmelz, kuerz no hirer Grënnung.
 
D'Déifferdenger Schmelz, 1903.
 
Arbed-Diddeleng, 1912.
 
D'Aachener Hütte, ëm 1910.
 
D'Adolf-Emil-Hütte um Belval, 1910er Joren

1870 huet den Norbert Metz seng Gesellschaft mat der SA des Mines du Luxembourg et des Forges de Saarbruck associéiert, déi vum Victor Tesch geleet gouf. 1871 krute se d'Autorisatioun, fir zu Esch-Uelzecht eng Schmelz opzeriichten: d'Metze Schmelz (déi spéider an ARBED-Schëffleng ëmbenannt gouf). Dës Schmelz huet am Ufank Goss produzéiert, deen zu Burbach verschafft gouf. Zur selwechter Zäit gouf zu Esch vun de Bridder Dominique-Alexis a Pierre Brasseur d'Brasseur-Schmelz (déi spéider ARBED Terres Rouges) gegrënnt. D'Joer drop hunn d'Stengeforter Schmelzbesëtzer Charles a Jules Collart mat aneren Aktionären eng Schmelz zu Rodange opgeriicht. D'nämmlecht Joer goufen zu Rëmeleng Héichiewe vun der SA Gonner, Munier et Helson gebaut.

An den 1880er Jore koum et zu enger weiderer wichteger Ännerung: d'Metzen hunn d'Lizenz fir dee vum Sidney Thomas a Percy Gilchrist 1879 entwéckelte Procedé kaaft, deen et erméiglecht, aus Goss Stol ze maachen. Si hunn dat neit Verfahre fir d'éischt zu Eech ugewannt, mä geschwënn duerno eng nei Schmelz zu Diddeleng baue gelooss, déi ausschliisslech nom neie Procedé produzéiert huet. Fir déi Schmelz ze bedreiwen hu se sech mam Victor Tesch an dem Grof de Bertier, deem e groussen Deel vun den Terrainen zu Diddeleng gehéiert hunn, zesummegedoen, an d'Société anonyme des Hauts-fourneaux et Forges de Dudelange gegrënnt.

Vun 1880 u bis zum Éischte Weltkrich stoung d'Lëtzebuerger Stolindustrie ganz an der Ofhängegkeet vun Däitschland (wouzou zanter 1871 och e groussen Deel vu Loutrengen gehéiert huet): Bis zu 70 % vun der Produktioun gouf dohi verkaaft, 90 % vum Kock gouf aus der Ruhr importéiert. D'Maschinnen an d'Technik koumen aus Däitschland, sou wéi och d'Fachpersonal fir drop ze schaffen an d'Ingenieuren. D'Decisiounszentrum war an der Ruhr, Lëtzebuerg war just eng Zort Peripherie, wou Réimaterial oder halleffäerdeg Produkter gemaach goufen, fir an der Ruhr verschafft ze ginn.

Ëm d'Joerhonnertwenn koum et zu Lëtzebuerg zu enger méi staarker vertikaler Integratioun. Den Ofbau vun der Minett, d'Gewanne vum Eisen, d'Reduktioun zu Stol an d'Verschaffen (d. h. d'Walzen) dovu goufen direkt niefteneen organiséiert. Och d'Entreprisen hu sech zu ëmmer méi grousse Konzerner zesummegeschloss:

D'Produktiounszuele verdäitlechen am beschten, wat fir eng Entwécklung d'Stolindustrie zu Lëtzebuerg bannent just 35 Joer gemaach huet: De Volume vun der ofgebauter Minett huet sech vu 700.000 Tonnen am Joer 1868 op 7 Milliounen Tonnen 1913 verzéngfacht; dee vum produzéierte Goss goung am selwechten Zäitraum vun 100.000 Tonnen op 2,5 Milliounen Tonnen erop, an dee vum Stol, deen eréischt 1886 ugefaangen huet, huet 1913 1,5 Milliounen Tonnen erreecht. D'Zuel vun den Héichiewe goung vu 14 am Joer 1871 op 47 am Joer 1913 an d'Luucht. [Source?]

Just virum Éischte Weltkrich war Lëtzebuerg de weltwäit sechstgréisste Produzent vu Goss an aachtgréisste vu Stol.

Tëschekrichszäit änneren

An der Zäit vum Éischte Weltkrich ass d'Industrieproduktioun zu Lëtzebuerg, ënner däitscher Okkupatioun, virugelaf. Déi grouss Zäsur koum duerno: Als Folleg vun der däitscher Néierlag huet Lëtzebuerg 1919 misse seng Memberschaft am Zollveräin opkënnegen, an huet, no zéien Negociatiounen, an der Belsch, mat där et 1921 d'Union Economique Belgo-Luxembourgeoise gegrënnt huet, en neie Wirtschafts- an Handelspartner fonnt.

De Broch mat Däitschland huet fir d'Lëtzebuerger Siderurgie net nëmme mat sech bruecht, datt se sech wirtschaftlech huet missen nei orientéieren, mä och nei huet misse strukturéieren: Den Défi bestoung doran, 1. de vir- an nogelagerte Maart ofzesécheren (d'Matière-premièren - Minett a Kock - op där enger Säit, d'Produktioun vu fäerdege Produiten - vum Nol bis zum Grey-Träger - op där anerer) an 2. d'Plaz vun den däitsche Firmen z'iwwerhuelen, déi sech hu missen zeréckzéien.

1919 sinn déi däitsch Firmen zu Lëtzebuerg verkaaft ginn:

  • E franséisch-belsch-Lëtzebuerger Konsortium, d'Société Métallurgique des Terres Rouges, mat Schneider-Creusot, der Arbed an der Banque de Bruxelles als Haaptaktionären, huet d'Sitë vun der Gelsenkirchener Bergwerks-AG (ë. a. d'Schmelxe Rothe Erde an Adolf-Emil-Hütte zu Esch) ofkaaft;
  • D'Arbed, zesumme mat der Terres Rouges, huet 1920 Kuelegrouwen an der Géigend vu Köln, an der Belsch an an Holland iwwerholl. Se huet och weider Konzessiounen an Terrainen a Loutrenge kaaft. An der nogelagerter Produktioun huet se d'Kölner Felten & Guilleaume (1919) an d'Clouterie et Tréfilerie de Flandres (1921) iwwerholl.
  • E franséisch-belsche Konsortium, d'Hadir (Hauts-Fourneaux et Aciéries de Differdange-St.-Ingbert-Rumelange), gouf ënner der Leedung vun der Société générale de Belgique an der Société Lorraine des Aciers de Rombas gegrënnt an huet d'Sitë vun der Deutsch-Luxemburgische Bergwerks- und Hütten-AG iwwerholl, zu deenen d'Schmelze vun Déifferdeng a vu Rëmeleng, an d'Minièren zu Ëtteng gehéiert hunn.
  • D'Stengeforter Schmelz goung vu Felten & Guilleaume un Athus-Grivégnée. Dës hunn och Participatiounen a verschidde Kuelen- an Äerzgrouwe geholl.
  • Schneider huet iwwer eng Duechterfirma déi däitsch Parte vun Ougrée-Marihaye iwwerholl, där d'Rodanger Schmelz gehéiert huet.

Eng Konsequenz vum Zesummebroch vum däitschen Ofsazmaart war, datt d'Lëtzebuerger Schmelzhäre séier hu missen Handelscomptoire grënnen, fir hir Produkter weltwäit kënnen ofzesetzen. 1920 huet d'Arbed d'Columeta (Comptoir Luxembourgeois de Métallurgie, spéider an Trade Arbed ëmbenannt) an d'Liewe geruff, an d'Hadir ass 1923 der SOGECO (Société Générale pour le Commerce de Produits Industriels) bäigetrueden. D'Columeta hat Filialen an Agencen a Brasilien, Argentinien, Indien a Japan.

D'Lëtzebuerger Siderurgie huet et gepackt, sech bannent kierzter Zäit vun engem Zouliwwerer vun der däitscher Siderurgie zu engem eegestännege Produzent vu verschiddenste Produkter ze changéieren, déi um Weltmaart kompetitiv waren.

Zesummegefaasst kann ee soen, datt d'Basis vun der Lëtzebuerger Siderurgie, wéi se bis an d'1970er Jore bestanen huet, um Enn vum Éischte Weltkrich geluecht gouf.

D'Joren duerno vun der Tëschekrichszäit waren, am Géigesaz zu de Boom-Joren an der Ufanksperiod, gekennzeechent duerch eng gewësse Stagnatioun, an och déi eng oder aner Kris. 1927 huet d'Rëmelenger Schmelz zougemaach, 1931 déi Stengeforter. Et gouf zwar weiderhin technesch Weiderentwécklungen, dës waren awer net sou revolutionär wéi z. B. d'Entwécklung vum Thomas-Gilchrist-Procedé.

Bedéngt duerch d'Krisen 1920-21 an an den 1930er Jore war d'Produktioun grousse Schwankungen ënnerworf.

 
Plakat, mat deem franséischsproocheg Aarbechter op Lëtzebuerg gelackelt goufen.

Am Zweete Weltkrich änneren

 
Production mondiale d'acier en 1939.

Nodeem Lëtzebuerg am Mee 1940 vun däitschen Truppe besat gi war, koum am Juli 1940, mam Gustav Simon un hirer Spëtzt, eng däitsch Zivilverwaltung an d'Land. Si hat zwou virrangeg Aufgaben: d'Häerzer vun de Lëtzebuerger, wéi et housch, fir d'Deutschtum ze gewannen, an d'Stolindustrie ënner däitsch Kontroll ze bréngen.[5]

Direkt no der Besetzung goufen zwéin héich Fonctionnairen op Lëtzebuerg geschéckt: Den

  • Otto Steinbrinck, Generalbeauftragter für die belgisch-luxemburgische Eisenschaffende Industrie an de
  • Paul Raabe, Generalbeauftragter für die Eisenerzgewinnung und -verteilung für die Gebiete Lothringen und Luxemburg.

Am Juni 1940 huet de Steinbrinck déi lëtzebuergesch Responsabel zesummegeruff, fir vun hinnen d'Engagement ze kréien, loyal mat den Däitschen zesummen ze schaffen. Wien dat net wéilt, misst demissionéieren. D'Vertrieder vun der Arbed a vun der Rodanger Schmelz hunn de Konditiounen zougestëmmt, dee vun der Hadir huet refuséiert. Doropshi goufen, de 15. Juni d'Hadir-Schmelzen an eng nei Struktur, d'Differdinger Stahlwerke AG, integréiert. D'Rodanger Schmelz, am Besëtz vun der Ougrée-Marihaye, konnt (et war virgesinn: virleefeg) bestoe bleiwen; se krut en däitschen Treuhänder un d'Spëtzt gesat a gouf an Eisenhüttenwerke Rodingen ëmbenannt. Eng sëllegen däitsch Stolentreprisen, virop d'Reichswerke Hermann Göring, ware staark drun intresséiert, d'Arbed z'iwwerhuelen. Mä de Chef der Zivilverwaltung Simon war dogéint: hie wousst, wat fir eng Schlësselroll d'Arbed zu Lëtzebuerg hat, a wollt d'Kontroll doriwwer net verléieren. Sou gouf d'Direktioun vun der Arbed net ausgewiesselt - den Aloyse Meyer blouf Generaldirekter - well gefaart gouf, datt hir Produktivitéit soss géif erofgoen. Mä de Meyer krut zur Kontroll en Delegéierten aus dem Reich iwwer sech gesat, an och d'Aktionariat vun der Arbed, dat zu engem groussen Deel der Société générale de Belgique gehéiert huet, gouf staark verännert, an an der Generaldirektioun souzen ewell 9 Däitscher a 6 Lëtzebuerger (virum Krich waren et 15 Lëtzebuerger an 2 Belsch). Mä et war vu vir era geplangt, datt, wann de Krich bis gewonne wier, och d'Arbed an d'Rodanger Schmelz an däitsche Besëtz iwwergoe géif.

 
Eng Flak virun der Terres-rouges-Schmelz.

Wat d'Produktioun an der Besatzungszäit betrëfft, sou kann een zwou Perioden ënnerscheeden:[6]

  • Vun August 1940 bis Mäerz 1942 war se, ë. a. wéinst dem Zesummebroch vum franséischen Ofsazmaart an der Neiorientéierung op den däitschen, an och dem Manktem u Matière-premièren, méi niddreg wéi virum Krich (am August 1940 gouf et 14.000 Chômeuren!).
  • Vum Abrëll 1942 bis d'Liberatioun ass d'Demande fir d'Krichsindustrie ëmmer méi héich ginn. Elo waren op eemol net méi genuch Aarbechter do fir der Nofro nozekommen. Ee Grond war och, well vum September 1942 un eng 1200 Schmelzaarbechter an d'Wehrmacht agezu goufen. Sou goufe vum Hierscht 1942 un Honnerte vu sougenannten Ostarbeiter aus de besaten Territoiren an Osteuropa op Lëtzebuerg bruecht an do gezwongen, an de Schmelzen a Grouwen ze schaffen. Dës waren awer net fir d'Aarbecht an de Schmelze qualifizéiert, a sou huet de Produktiounsvolume den Héichpunkt aus der Tëschekrichszäit net erreecht.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Ostarbeiter.

Och aner Gefaange goufen an d'Schmelzen zwanksverflicht: Op Arbed-Schëffleng goufe sou Gefaange vum Bausselager vum KZ Natzweiler-Struthof zu Däitsch-Oth beschäftegt.[Source?]

Les Trente Glorieuses änneren

D'Period vum Enn vum Zweete Weltkrich bis 1974 huet sech duerch e stabille Wuesstem ausgezeechent. 1958 hunn 25.700 Leit an der lëtzebuergescher Stolindustrie geschafft; 3,4 Milliounen Tonne Stol goufe produzéiert. 1974 waren dat der 27.200 bei 6,4 Milliounen Tonnen.

Et gouf an d'Installatiounen investéiert: tëscht 1946 an 1967 eng 30,2 Milliarde Frang. Op Belval goufen d'Héichiewen A (1965) a B (1970) a Betrib geholl.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Belval-Héichiewen.

En neie Procedé, de sougenannten LD-AC-Procedé huet et erméiglecht, d'Qualitéit vum Stol ze verbesseren.

D'Arbed konnt hir Positioun stäerken. 1967 huet se d'Hadir iwwerholl, a gouf domat praktesch de Monopolist zu Lëtzebuerg fir Stolproduktioun a -veraarbechtung. Ëm déi selwecht Zäit gouf se majoritäre Proprietär vun der Sidmar zu Gent, enger vun deene modernste Schmelzen an Europa, mat direktem Zougank zum Mier.

D'Siderurgie an déi Europäesch Verträg änneren

Stolkris an Neiorientéierung änneren

 
Arbed Belval (1991)

1974 ass de weltwäite Stolmaart, wéinst massiver Iwwerproduktioun, zolidd agebrach.[7] D'Ursaachen dovu waren d'Pëtrolskris vun 1973, déi d'Energiepräisser eropgedriwwen hat an d'Nofro erofgoe geloss huet; d'Konkurrenz aus Asien déi ëmmer méi staark gi war an déi europäesch Stolproduzente am Besëtz vum Staat, déi zum Deel mat Dumpingpräisser hir Produkter op de Maart bruecht hunn.

Bannent engem Joer, tëscht 1974 an 1975, ass den Ofsaz zu Lëtzebuerg vu 6,4 Milliounen Tonnen op 4,6 Milliounen Tonne gefall. Séier gouf kloer, datt dëst net nëmmen e kuerzfristegen Abroch wier, mä eng strukturell Kris.

D'Arbed stoung virun der Erausfuerderung, bei manner Ofsaz (an Akommes) sech bannent kierzter Zäit ze moderniséiere fir nees rentabel ze sinn. "Wann d'Arbed de Schnapp huet, dann néitzt d'ganz Land" war e Sproch deen een dacks doruechter héieren huet. Elo hat d'Arbed eng zolidd Gripp.

De Lëtzebuerger Sozialmodell änneren

1975 gouf e Gesetz gestëmmt, fir Entloossugen aus konjunkturelle Grënn ze verhënneren. Den 18. August 1975 gouf en Tripartites-Konjunkturcomité an d'Liewe geruff, an deem Regierung, d'Arbed an d'Gewerkschafte vertruede waren. Zil war et, den Ofbau vun Dausende vun Aarbechtsplazen an der Siderurgie sou gutt wéi méiglech z'encadréieren. 1977 gouf eng Division Anti-Crise, kuerz DAC genannt, geschaf, wou déi Leit, déi an der Stolindustrie net méi gebraucht goufen, gemengnëtzeg Aarbechte gemaach hunn (1977 waren dat der 2.700). D'obligatoresch Preretraite mat 57 Joer gouf fir d'Leit, déi op der Arbed geschafft hunn, agefouert; an et gouf Primë fir déi, déi vu sech aus gekënnegt hu, fir soss anzwousch schaffen ze goen.

Am Mäerz 1979 gouf an engem Tripartitesaccord festgehalen, datt d'Arbed géif 23,2 Milliarde Frang bis 1983 investéieren, fir seng Produktiounsmëttelen ze moderniséieren. D'Gewerkschaften hunn akzetéiert, datt d'Beleegschaft op 16.500 Leit géif reduzéuert ginn, an de Lëtzebuerger Staat huet der Arbed e Prêt iwwer 3,2 Milliarde Frang, op 10 Joer verdeelt, gemaach. Produktiounsanlagen, déi net méi rentabel waren, a wou et sech net rentéiert huet, se ze modernisiéeren, goufen zougemaach.

Ausserdeem goufe sougenannt Synergiesofkommesse mat anere Stolproduzenten ofgeschloss: Amplaz datt jiddwereen alles vun enger Produktiounsgamme mécht, gëtt just dee jeeweils rentabelste Site zeréckgehalen (woubäi enng gewësse Balance sollt agehale ginn). De Steckel zu Diddeleng gouf sou zougemaach.

1979 huet sech gewisen, datt all dës Mesuren net genuch wieren: D'Stolkris huet sech verstäerkt, ë. a. duerch eng méi héich Inflatioun, déi d'Zënssätz vun de Prêten an d'Luucht gedriwwen huet, den zwwete Pëtrolsschock, deen d'Präisser fir Energie a Réistoffer eropgoe gelooss huet, an d'Iwwerproduktioun, déi, trotz dem Davignon-Plang a verschiddene Länner, déi Stol produzéiert hunn, weiderhi staark war.

D'Arbed hat zu deeët Zäit, am Verglach zu hire Konkurrenten, relativ wéineg staatlech Sue kritt: Tëscht 1976 an 1982 huet se 25,8 Milliarde Frang investéiert, dovu waren der just 10 % vu staatlecher Säit. D'DAC huet an der selwechter Period 5,1 Milliarde kascht, wouvun de Staat just 1,6 Milliarde iwwerholl huet. Anzwousch anescht, wou d'Leit einfach entlooss goufen, gouf et dës Käschten net. Tëscht 1975 an 1979 gouf 1 Tonn Stol vu staatlecher Säit zu Lëtzebuerg mat 13 Frang ënnestëtzt, a Frankräich mat 700-900 Frang, a Groussbritannie mat 1500 Frang an an der Belsch mat 1800 Frang.

Sou gouf den Tripartites-Acord 1979 ëmgeännert, an den 8. Abrëll 1982 gouf duerch Gesetz en "Nationalen Investitiounsbäitrag" (Contribution nationale d'investissement), och "Solidaritéitssteier" genannt, agefouert, deen iwwer d'Steieren opgehuewe gouf.

1984 gouf e Gesetz gestëmmt, duerch dat de Lëtzebuerger Staat sech am Kapital vun der Arbed bedeelegt huet an d'Aktie vun der Sidmar ganz iwwerholl huet. Fir dat ze finanzéieren, gouf d'Solidaritéitssteier vu 5 % op 10 % verduebelt.

No weidere Participatiounen am Kapital vun der Arbed war de Lëtzebuerger Staat 1986 mat 42,9 % dee gréissten Aktionär ginn. Wat d'Stëmmrecht ugeet, war den Undeel vum Staat awer nëmmen 30,8 %, soudatt d'Arbed weiderhin no de Prinzipe vum Maart konnt geleet ginn.

Tëscht 1975 an 1987 huet de Lëtzebuerger Staat deemno am Ganze 47,5 Milliarde Frang investéiert, fir d'Arbed ofzesécheren. Méi wéi d'Hallschecht vun der Restrukturatioun vun der Arbed gëtt vum Stat bezuelt.[8]

1990er Joren änneren

 
D'Défferdenger Schmelz (2006)

An den 1990er Joren ass et dann nees biergop gaangen. Déi eenzel Gesellschafte vum Grupp Arbed sinn als geschäftlech autonom Unitéite strukturéiert ginn, déi eenzel responsabel waren, e gutt Resultat opzeweisen. 1992 huet d'Arbed d'Maxhütte Unterwellendorf opkaf, an, duerch hir Participatioun an der Sidmar, d'Majoritéit vu Klöckner Stahl zu Bremen. Weider huet se hiren Deel vum Kapital an der Belgo-Mineira gehéicht, fir den Haaptaktionär ze ginn. Och d'MMRA zu Rodange, an déi d'Arbed 1978 mat 25 % erageklomme war, goung 1994 ganz an hire Besëtz.

1994 huet d'Arbed d'strategesch Decisioun vum tout électrique geholl. D'Stonn vum Héichuewen (filière fonte), dee mat Äerz a Kock funktionéiert, hat geschloen. Iwwer déi nächst Jore goufen all d'Stolwierker zu Lëtzebuerg ob Elektrostoliewen (filière électrique) emgestallt, an deenen Eiseschrott mat Hëllef vun elektreschem Stroum geschmolt gëtt. De leschten Héichuewen zu Lëtzebuerg, den HF B um Belval, gouf am Juli 1997 zougemaach.

Arcelor a Mittal Steel änneren

 
D'Déifferenger Schmelz (2013)

Den 18. Februar 2002 huet d'Arbed mat der spuenescher Aceralia, zanter 1997 hir Filial zu 35 Prozent, an der franséischer Usinor fusionéiert. Déi nei Grupp, där hire Sëtz zu Lëtzebuerg bliwwen ass, krut den Numm Arcelor. Et war an där Zäit de gréisste Siderurgiste vun der Welt.

Nodeem Mittal Steel am Januar 2006 eng OPA ob d'Arcelor ugekënnegt hat, huet d'Arcelor de 25. Juni 2006 no laangem Hin an Hier acceptéiert, mat der hollännesch-englescher Grupp vum Lakshmi Mittal ze fusionéieren.

Déi nei Grupp, déi aus den zwou gréisste Stolgruppen an der Welt entstanen ass, krut den Numm ArcelorMittal. De Sëtz bleift zu Lëtzebuerg. Déi éischt Fabrick weltwäit, déi offiziell den Numm ArcelorMittal ugeholl huet, ass d'Diddelenger Schmelz ArcelorMittal Diddeleng.

No der Fusioun änneren

 
Arbed Schëffleng (1995)
 
ArcelorMittal Belval, 2023.

Am Oktober 2012 gouf ugekënnegt, datt vu Januar 2013 un d'Produktioun um Site Schëffleng "provisoresch" agestallt géif. Ob a wéini se nees opgeholl soll ginn, war ongewëss.[9] Am Februar 2016 gouf bekannt, datt géif eng Étude gemaach gi fir de Site ze rekonvertéieren. Domat war d'Enn vun der Produktioun zu Schëffleng decidéiert. ArcelorMittal iwwerléist déi betraffe Friche vun 52 ha der Agence Agora, déi sech ëm d'Rekonversioun këmmere wäert, an déi och d'Käschte vun der Depollutioun vum Site iwwerhuele wäert.[10]

Am November 2014 huet ArcelorMittal säin historescht Verwaltungsgebai vun der Arbed an der Neier Avenue an der Stad Lëtzebuerg un d'Spuerkeess verkaaft.[11] De Grupp huet säi Sëtz an engem Gebai um Boulevard d'Avranches. Am Abrëll 2016 gouf bekannt, datt en en neit Gebai nieft dem Héichhaus um Kierchbierg baue wéilt.[12]

Literatur änneren

  • Emile Krier: "La sidérurgie au Luxembourg pendant la Seconde Guerre mondiale", in: Les cahiers lorrains (1989), S.61-65.
  • Lambert Schmit: "Richesses d'une région, émois d'une nation. Sur les traces de la sidérurgie dans le bassin d'Esch." In: nos cahiers 3/4, 2006, S. 11-26.
  • Gilbert Trausch: L'ARBED dans la société luxembourgeoise. Arbed corporate publications, 2000.
  • René Leboutte, Jean Puissant, Denis Scuto: Un siècle d'histoire industrielle (1873-1973) - Belgique, Luxembourg, Pays-Bas. Industrialisation et Sociétés. Edition SEDES 1998.
  • Carlo Hemmer: L'économie du Grand-Duché de Luxembourg - La production secondaire: L'industrie sidérurgique, Éditions Joseph Beffort, Luxembourg, 1953

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Worldsteel Association: Steel Statistical Yearbook 2020 concise version. Archivéiert op 2021-01-28. Gekuckt de(n) 2021-02-09.
  2. Michael Overbeck: "Montanarchäologie in Luxemburg - Eisenverhüttung am Vorabend des Hochofenzeitalters." In. Fondation Bassin minier (Hg.): Mutations, Mémoires et perspectives du Bassin minier. Terres rouges - Approche interdisciplinaire et transnationale. Luxemburg: April 2010, S.21-33.
  3. Albert Calmes: Der Zollanschluss des Grossherzogtums Luxemburg an Deutschland (1842-1918) Erster Band, Säit 51.
  4. Dëst Kapitel baséiert, wou net anescht uginn, op: René Leboutte, Jean Puissant, Denis Scuto: Un siècle d'histoire industrielle (1873-1973) - Belgique, Luxembourg, Pays-Bas. Industrialisation et Sociétés. Edition SEDES 1998.
  5. Dëst Kapitel ass gréisstendeels e Resümee vu Krier (1989).
  6. Vgl. Emile Krier: Die deutsche Volkstumspolitik in Luxemburg und ihre sozialen Folgen, S.224-241.
  7. Wou net anescht uginn, ass dëst Kapitel e Resumee vu Schmit 2006 an der Literatur.
  8. D'Lëtzebuerger Stolkris 1974-1985. Video-Reoirtage vum Dan Schank op youtube.com.
  9. "Schifflange steel site to stop production “indefinitely”." wort.lu, 22.10.12 14:58.
  10. Sorlut, P., 2016. 'Sur les cendres de Schifflange. Agora est chargée de dépolluer le site et de le redévelopper. Luxemburger Wort vum 3. Februar 2016, S. 21.
  11. "Arbedsgebai: Spuerkeess gëtt Besëtzer, neit Gebai fir ArcelorMittal." rtl.lu, 14.11.2014, 16:27:54.
  12. "ArcelorMittal va installer son nouveau siège au Kirchberg." lequotidien.lu, 13/04/16 11:47.