Zwangsrekrutéierten (Lëtzebuerg)

lëtzebuergeschen Zwangsrekrutéierten

Ënner Zwangsrekrutéierten, Enrôlé de force, versteet een e jonke Mënsch, dee gezwongen ass, an enger friemer Arméi ze déngen. Zu Lëtzebuerg sinn am Besonneschen déi Lëtzebuerger Jonge gemengt, déi am Zweete Weltkrich, no der Aféierung vun der Wehrpflicht duerch déi däitsch Zivilverwaltung, grad wéi d'Elsässer, eng Partie Loutrenger an déi belsch Jongen aus de sougenannten Ostkantonen an eng däitsch Uniform gestach goufen, a géint déi eegen Alliéiert hu misse kämpfen. An Elsass-Loutrengen gi se Malgré-nous genannt.

Den 30. August 1942 huet de Gauleiter Gustav Simon, d'Wehrpflicht fir d'Lëtzebuerger ugekënnegt. Am Ufank waren d'Joergäng 1920 bis 1924 betraff. Méi spéit ass d'Wehrpflicht op d'Joergäng 1925 bis 1927 erweidert ginn.

Mat där Aktioun huet déi däitsch Regierung vun där Zäit souguer géint hiert eegent Wehrgesetz vum 21. Mee 1935 verstouss, an deem geschriwwe stoung datt d'Reichszugehörigkeit eng Viraussetzung fir d'Wehrpflicht ass.[1]

D'Folleg fir d'Zwangsrekrutéiert an hir Famill

Verstoppt Jongen

Vun den 11.160 Lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert, hu sech der 3.510 dem Militärdéngscht entzunn. Anerer sinn desertéiert, meeschtens un der Ostfront, wou d'Lëtzebuerger haaptsächlech agesat goufen. Dozou goufe se vun der Lëtzebuerger Regierung, an hire Radiossendunge vu London aus opgeruff an encouragéiert. Wann et der net méi waren, déi sech net gestallt hunn oder net desertéiert hunn, da war dat drop zeréckzeféieren, datt wéinst dem Prinzip vun der Sippenhaft hir Famill an Däitschland deportéiert gouf. Et koum also dacks zu Gewëssenskonflikter an de Famillen.

Zu Lëtzebuerg gouf et 85 Bunkeren (Stoppen), an deene lëtzebuergesch Zwangsrekrutéiert ënnerkomm sinn, déi sech net gestallt hunn oder sech dem Militärdéngscht entzunn hunn. Si waren an de Bëscher vum Land an och a privaten Haiser verstoppt. Hir Versuergung war mat grousse Problemer verbonnen. Et koum och zu dramatesche Situatiounen, wa Jonge krank goufen, an Dokteren ënner Liewensgefor hu missen an d'Stoppe goen. Der Gestapo waren nämlech all Mëttele recht, wa si versicht huet, si an hire Stoppen ze fannen. Ee vun den dramatesche Fäll war dee vum Zwangsrekrutéierte Camille Sutor a senger Famill vun Iermsdref. Bei hirer Aktioun huet d'Gestapo de Camille am Bett fonnt an hien do erschoss. Doropshi gouf d'Famill ëmgesidelt.

Stoppen, iwwer déi nom Krich vill geschriwwe gouf, waren déi vun der Pafendaller Kierch a vum Bunker Hondsbësch. Bekannt ass och de Bunker Eisekaul.

Flucht an de franséische Maquis

Ënner dem Wuert Maquis versteet een d'Gruppe vu Resistenzler a Frankräich, déi am Zweete Weltkrich géint den däitschen Okkupant gekämpft hunn. D'Wuert Maquis kënnt vum Wuert Bëscher, sou wéi et se an de Bierggéigenden a Frankräich an a Korsika gëtt. D'Maquisarden, dat ass den Numm fir d'Memberen aus dem Maquis, hunn am Zweete Weltkrich am Ënnergrond gelieft an hu sech duerch hir Guerillaaktivitéiten an hir Sabotageakte géint déi Däitsch bemierkbar gemaach. Haaptsächlech nodeem déi Alliéiert an der Normandie gelant waren, hu si duerch hir Aktiounen déi regulär alliéiert Truppen ënnerstëtzt. De Maquis ass a Frankräich vun deem Moment un entstanen, wéi d'Nazien déi jonk Fransousen zwangsrekrutéiert hunn, fir an Däitschland ze schaffen.

Zu dem Maquis a Frankräich hu sech och vill Lëtzebuerger Refraktären duerchgeschloen, déi d'Méiglechkeeten net haten, fir zu Lëtzebuerg selwer ënnerzedauchen. Duerch Passeuren, déi meeschtens am Optrag vun der Lëtzebuerger Resistenz gehandelt hunn, si s'iwwer déi franséisch Grenz bruecht ginn, fir bei Aktivitéite vun de franséische Maquisarde géint déi Däitsch matzemaachen.

Flucht an déi belsch Armée blanche

An der Belsch gouf et am Zweete Weltkrich, sou wéi a Frankräich, eng Partie Resistenzgruppen, déi mat der Waff an der Hand aktive Widderstand géint déi Däitsch geleescht hunn, wéi:

  • D'Armée blanche (op flämesch: Witte Brigade),
  • Armée secrète (AS),
  • De Front de l'Indépendance (FI).

Meeschtens sinn déi Gruppen am Ausland ënner dem Begrëff Armée Blanche zesummegefaasst ginn. Déi arméiert Gruppen haten och Lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert an hire Reien. Eng ronn 300 Lëtzebuerger waren a bal grad sou villen Dierfer an der Belsch vestoppt. Dacks ware se och do a Lageren an de Bëscher verstoppt. Déi bekanntst dovu waren am Bësch bei Chênet, zu Lierneux oder Gennevaux am Ansler Bësch.

Un der Front desertéiert

"Desertéiert" ass eigentlech net dat richtegt Wuert. Een Deserteur ass nämlech een Zaldot, dee refuséiert säin Déngscht an der eegener Arméi ze leeschten. Domat verstéisst hie géint d'Gesetz vu sengem Heemechtsland. Am Fall vun Zwangs-Rekrutéierten ass d'Flucht (vgl. de Begrëff ''Refractaire'') sou gutt wéi eng moralesch Obligatioun, well et ka keng friem Muecht ginn, a scho guer keng, déi en anert Land besetzt a quasi annektéiert huet, een zwéngen, hir ze déngen.

 
Ofzeeche vun der Brigade Piron an der Lëtzebuerger Batterie

D'Lëtzebuerger Jongen déi sech den alliéierten Arméien ugeschloss hunn

Eng Partie Lëtzebuerger, déi mat Hëllef vu Passeuren iwwer d'Grenz bruecht goufen, konnte sech bis an England duerchschloen. Anerer, déi zwangsrekrutéiert waren, hu sech an Italien (1943) oder an der Normandie (1944) duerch d'Bascht gemaach, respektiv goufe vun alliéierten Zaldote gefaangen, a si sou an England geroden. Well dat "fräit Lëtzebuerg" keng eegen Unitéiten hat, fir géint déi Däitsch ze kämpfen, sinn déi Jongen an d'belsch Brigade Piron integréiert ginn.

Den 31. Mäerz gouf extra fir si e Lëtzebuerger "Troop" bannent der Artilleriebatterie (= 3 "Troops") geschaf. An englescher Uniform hu si sech dunn un der Liberatioun vun der Normandie, vun der Belsch a vun Holland bedeelegt. Zum Schluss hunn 350 Lëtzebuerger an der Brigade Piron gedéngt a gekämpft.

Ëmsiidlung vun de Familljen

De Lëtzebuerger Zwangsrekrutéierten hir Familljen hunn d'Pan misse klake wann d'Jonge sech net gestallt hunn oder wa se desertéiert sinn. 459 Familljen si sou ëmgesidelt ginn, well de wehrpflichtege Fils ugeblockt war.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Ëmsiidlung am Zweete Weltkrich.

D'Lëtzebuerger am Gefangenelager zu Tambow

 
Plack vun der Amicale Tambow um Märeler Kierfecht

Tambow ass eng russesch Stad vu ronn 290 000 Awunner. Si läit 450 km vu Moskau ewech, um hallwe Wee tëscht Moskau a Wolgograd. Tambow gouf bekannt, well do am Zweete Weltkrich, vun 1943 un, ronn 10 000 Krichsprisonnéier vun 13 Natiounen hibruecht gi sinn, déi do am Camp Tambow-Rada Nr.188 ënner mënschenonwierdege Konditioune bis zur hirer Fräiloossung a Braken hanner pickegem Drot agespaart waren. Dorënner vill Zwangsrekrutéiert aus Loutrengen, dem Elsass an och 1.004 Lëtzebuerger. Si hunn do duerch Keelt an Honger, duerch Entbierungen a Krankheeten, schwéier gelidden. Dausende sinn ëmkomm an och 167 Lëtzebuerger hunn do hiert Liewe misse loossen, a goufen do begruewen. D'Lëtzebuerger goufen a e puer Convoie vun Tambow heem bruecht. Den 3. August 1945 sinn 200 Kranker heembruecht ginn. Am September 1945 goufen aner 600 Lëtzebuerger aus dem Camp vun Tambow op Lëtzebuerg zeréckbruecht. Der deemoleger Lëtzebuerger Regierung goufen nom Krich staark Virwërf gemaach, datt si net genuch fir déi Tambower Jonge gemaach hätt. Eréischt am Mee 1945 war si eppes vun der Presenz vu Lëtzebuerger Krichsprisonéier zu Tambow gewuer ginn.

De 26. September 2012 gouf zu Tambow - a Presenz vum deemolege Premier Jean-Claude Juncker - e Monument als Erënnerung un déi zwangsrekrutéiert Jongen ageweit.

Bilanz

Vun alle besate Länner huet Lëtzebuerg, no Polen, pro Kapp vun der Bevëlkerung, déi héchst Zuel vun Affer beklot.

Wehrmacht

Am Ganze sinn 11.160 jonk Lëtzebuerger vun de Joergäng 1920 - 1927 zwangsrekrutéiert ginn. 2.572 sinn ëmkomm, 96 ginn nach ëmmer vermësst (25,50 % Doudeger a Vermësster). 3.510 (31,43 %) konnte sech dem Wierdéngscht an der Wehrmacht entzéien oder sinn un der Front desertéiert. 1.551 si mat schwéiere kierperlechen oder séilesche Schied heemkomm. Ënner hinne waren 326 Schwéierverstümmelter, 469 Verwonnter a 756 Kranker. 3.614 jonk Meedercher hu missen an den RAD-Aarbechtsdéngscht oder an de Krichhëllefsdéngscht goen. 56 si gestuerwen an 2 vun hinne ginn nach ëmmer vermësst.

D'Lëtzebuerger am Kazett

3.963 Lëtzebuerger goufen tëscht 1940 a 1945 a Konzentratiounslagere gestach oder koumen an de Prisong. 791 vun hinne si gestuerwen, 4.187 Persoune goufen ëmgesidelt, 640 Persounen hunn aus politesche Grënn hir Plaz verluer a vill Lëtzebuerger Beamten, besonnesch Professeren, goufen an Däitschland zwangsverpflicht an op hirer Plaz duerch däitsch Nazien ersat.

En trauregt a bluddegt Ereegnes huet sech an der Nuecht vum 30. op den 31. Januar 1945 am Zuchthaus Sonnenburg ofgespillt, kuerz virun der Befreiung. 819 Prisonéier sinn do vun der SS erschoss ginn. Sämtlech Lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert, 91 Mann, déi do internéiert waren, hunn deemools hiert Liewe misse loossen. De Gauleiter Gustav Simon hat nämlech den Uerder erausginn, datt kee lëtzebuergeschen Deserteur däerft de Krich iwwerliewen.

Literatur

  • Quadflieg, Peter M., „Zwangssoldaten“ und „Ons Jongen“. Eupen-Malmedy und Luxemburg als Rekrutierungsgebiet der deutschen Wehrmacht im Zweiten Weltkrieg, Aachen 2008, ISBN 978-3-8322-7078-0
  • Schiltges Marie-Madelaine, Die Umsiedlung in Luxemburg 1942-1945, Imprimerie Saint-Paul S.A. Luxembourg 1988
  • TRAUSCH, Gilbert, « Le long combat des enrôlés de force luxembourgeois », in: WAHL, Alfred (dir.), Mémoire de la Seconde Guerre mondiale. Metz, 1984, S. 181-199.
  • Hohengarten, André - "Die Luxemburger Zwangsrekrutierten", Musée d'histoire de la Ville de Luxembourg: Questions sur le Luxembourg et la Deuxième guerre mondiale et Contributions histriques accompagnant l'éxposition, p. 244-257, 2002.
  • Heiderscheid, André - Zwangsrekrutiert Band 1: Heimatflak und RAD, Luxembourg, Éd. St-Paul,
  • Heiderscheid, André - Zwangsrekrutiert Band 2: Kasernenzeit und Fronteinsatz, Luxembourg, Éd. St-Paul, 2001.
  • Heiderscheid, André - Zwangsrekrutiert Band 3: Das deutsche Verbrechen an der Luxemburger Jugend, Luxembourg, Éd.St-Paul, 2001.
  • Als, Georges - "L'enrôlement de force et les pertes humaines dues à la guerre: 1940-1945", Luxemburger Wort (Jg.1992, Nr.199), p. 21.
  • Bache, Norbert - Die Erlebnisse des Zwangsrekrutierten Norbert Bache, Luxembourg, Éd.St-Paul, 2002.
  • Eberlein, Michael - "Luxemburger Zwangsrekrutierte im Wehrmachtgefängnis Torgau-Fort Zinna 1943-1945", Dresden: Stiftung Sächsische Gedenkstätten zur Erinnerung an die Opfer politischer Gewaltherrschaft, p. 54, 1996.
  • Feider, Judith - Les enrôlés de force luxembourgeois dans les camps soviétiques 1943 - 1953,,, 2001.
  • Knepper, Aimé - Enrôlé de force, déserteur de la Wehrmacht (4e éd.), Luxembourg, Cope, 2001.
  • Medinger, Joseph - Den Zwangsrekrutéierten "Schockesch Vic" dans 175 Joer Chorale Les Villageois Contern, Luxembourg, Éd.St-Paul, 2002.
  • Raths, Léon - "Schicksale: Refraktäre und Zwangsrekrutierte aus der Gemeinde Useldingen 1942 - 1945", Syndicat d'Initiative Useldeng, 2011, ISBN 978-2-87996-536-9.
  • Schauss, Erny - Pickegen Drot: d'Leide vun engem Lëtzebuergeschen Zwangsrekrutéierten an Naziaffer, Luxembourg, Erny Schauss, 2004.
  • Scheffen, Jean-Louis - "Der Leidensweg unserer "Jongen": Geschichte der Zwangsrekrutierten in Luxemburg", Luxemburger Wort (No.238 du 18.10.1995), p. 4.
  • Staar, Marcel - Waffenträger wider Willen (4éd.), Foetz, Éd.Kremer-Muller, 2000.
  • Muller Carlo, L'enrôlement de force des Luxembourgeois pendant la Deuxième Guerre Mondiale. Etude sur le rapatriement des enrôlés de force luxembourgeois, Metz 1991, non édité
  • Nonnenmacher G.-G., "La constitution du dossier juridique de l'incorporation de force d'Alsaciens-Mosellans, de Luxembourgeois, de Belges dans les armées allemandes", in: Mémoire de la Seconde Guerre mondiale. Actes du colloque de Metz, 6-8 octobre 1983, Metz 1984, p. 201-225

Kuckt och

Um Spaweck

Referenzen

  1. Direktiv iwwer d'Rechtslage der Luxemburger, déi am Lager Hirschberg de 5. Abrëll 1943 bekannt gouf
  Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.