D'Al Schmelz ass e Centre Culturel an der Gemeng Stengefort. Dës Plaz läit eng ronn 130 Meter vun der belscher Grenz ewech. Et handelt sech heibäi ëm renovéiert Reschter vun der fréierer Stengeforter Schmelz.

Al Schmelz zu Stengefort

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Stengeforter Schmelz.

Ëmbau an de Centre Culturel änneren

Nodeem d'Industriefriche vun der fréierer Schmelz brooch louchen an ëmmer méi Veräiner zu Stengefort Raim gesicht hunn, fir hir Evenementer ënnerzebréngen, gouf decidéiert d'Haaptgebaier zu engem Centre Culturel ëmzebauen. Dëse Sall sollt am éischte Stack vun der aler Hal sinn. No engem Aganksberäich, dee mat e puer al industrielle Maschinnen, déi detailléiert renovéiert goufen, dekoréiert ass, féiert eng Trap op den éischte Stack, op deem de Garderobeberäich, Toiletten an eng Buvette ze fanne sinn, a wou och Versammlunge kënne gehale ginn. E Stack méi héich ass e Sall mat Bün, wou d'Publikumsfläch hannen zu Gradinen erhéicht ass. Do ass e Regieraum, deen e geneeën Toun- a Luuchtmanagement erlaabt. Duerch Vergréisserungsméiglechkeete vun der Bün gëtt dëse Sall dacks fir Theater-Evenementer benotzt. D'Opféierunge vum Stengeforter Theaterfestival sinn och do. Nieft dëser Benotzung ginn do och Konferenzen, kleng Konzerten, Kammermusek, Schülerauditioune souwéi Hobbymäert ofgehalen.

Eng Rei fréier industriell Gebaier stinn hanner dem Centre Culturel op der anerer Säit vun der Äisch. Do huet e Sanitärinstallateur d'Zentral vu sengem Betrib.

D'Al Schmelz huet e grousse Parking, deen Ausgankspunkt fir verschidde Sportsaktivitéiten am Bësch, deen donieft läit, ass. Et kann een do spadséiere goen an et gëtt Méiglechkeete fir Noridc Walking, Mountainbike, an Jogging ze maachen.

Op där Plaz stinn och verschidden Offallcontainere fir privat Mülltrennung ze maachen. Manner bekannt ass, datt ënner dem Theatersall e grousst Lager fir d'Maschinne vun de Gemengenaarbechter ass. Do stinn d'Geschirer, déi an der ganzer Gemeng agesat ginn.